Search

You may also like

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn
International Neiegkeeten

Spuenien: De Mariano Rajoy ass op d‘Oppositiounsbänk verwise ginn

De Chef vun der konservativer Regierung a Spuenien, Mariano Rajoy

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Editorial: Misär am ëffentlechen Transport

Wat sech am Ament am ëffentlechen Transport ofspillt ass gelënnert

geek
Hacker sinn och just um Fric interesséiert…
International Neiegkeeten

Hacker sinn och just um Fric interesséiert…

Nodeems den 2. Juli Kaseya – eng Entreprise déi de

Wat de G7-Sommet eis versprécht

Bekämpfung vu China a Russland, Verdeelung vu Covid19-Impfstoffer, anhale vun de Klimaziler…

Wat de G7-Sommet eis versprécht

Déi siwen Industrienatiounen, déi d‘Weltherrschaft fir sech beusprochen, hu sech bei hirem grousse Familljentreffen zu Carbis Bay, op eng Ofschlosserklärung verstännegt kritt. De G7Sommet ënnert der Presidence vun de Britten, gëtt als „harmonesch“ ëmschriwwen. D‘Feindbiller China a Russland goufen nees gefleegt, an et schéngt Erkenntnisser ze hunn.

G7 Cornwall

Wat se nees verspriechen

  • Klimaschutz: Déi versammelt Industrienatiounen hunn sech zu Carbis Bay derzou bekannt, bis 2050 Klimaneutral ze sinn. Si wëssen allerdéngs och datt et net gelénge wäert well: 1) et war net méiglech sech op en Datum fir den Ausstig aus der Kuel ze verstännegen; 2) si wëlle mat 100 Milliarden de Klimaschutz an Entwécklungslänner virundreiwen…
  • China: Et muss een haarde Kurs géint de kommunistesche Regime ageschloe ginn. Et muss elo de Chinesen, mat alle Mëttel déi de Kapitalismus huet, d‘Mënscherechter, d‘Demokratie, de Respekt virun intellektuellem Eegentum an Aneres méi operzwonge ginn. Et muss sech vereent géint d‘Aflossnam vun de Chinesen um schwaarze Kontinent an a Latäinamerika agesat ginn. D‘G7 wëllen also elo och Schoulen, Spideeler a méi generell Infrastrukturen an deene Länner opriichten, an deenen hir Konzerner d‘Bevëlkerung ausbeut an néierschléit;
  • Impfstrategie: Bis Juni 2022 wëll de Grupp vun den Industrienatiounen den „aarme“ Länner (also deenen Natiounen deenen se iwwer Joerhonnerten ewech d‘Existenzrecht ofgeschwat hunn) eng Milliard Impfdosen „zur Verfügung“ stellen. Dat iwwer „Spenden“ engersäits, iwwert d‘Finanzéierung vum WHO-Programm Covax anersäits. De Joe Biden (USA) wëll 500 Milliounen Dose bäisteieren, d‘Angela Merkel (Däitschland) huet der 350 Milliounen an de Kuerf geluecht an de Boris Johnson (Groussbritannien) därer nach 100 Milliounen;
  • Global Kierperschaftssteier: Offiziell begréisst globalen Zentralcomité d‘Aféierung vun enger weltwäiter Mindeststeier fir Konzerner an héicht vu 15%. International agéierend Konzerner sollen also an Zukunft iwwerall do och Steiere bezuele, wou se Fric maachen, an net nëmmen do wou se hire Sëtz hunn, a vun de Regierunge Steierkreditter erhalen (quasi als Merci datt si ganz Wirtschafte schwächen). Bis Juli soll dëse Gedanken och vum G20-Grupp iwwerholl ginn.

Eis Analys

De G7-Sommet zu Carbis Bay, war de Sommet vu groussen Zuelen, déi da u Mënsche presentéiert goufen, déi aus biologesche Grënn ni wäerte musse Verantwortung iwwerhuelen. Et gouf awer, well d‘Welt dat anscheinend esou erwaart, nees dat blot vum Himmel versprach. An et mécht sech elo och eppes gespillten Humanitéit breet, si verspriechen den Hongerleider ënnert den ënnerdréckten Natiounen Impfdosen… fir déi ouni de Sou, sollen se gratis sinn, déi aner muss just d‘Käschte fir d‘Hierstellung iwwerhuelen… Alles an allem géif dat eng zwou Milliarden Impfdosen ausmaachen.

G7 Cornwall„Et ass jo einfach, esoulaang wéi dir alleguerte genee dat maacht, wat mir iech zesumme mat der Industrie a Groussfinanz operleeën, geet et iech gutt“, wier den éierlechste Statement gewiescht, deen en US-President hätt kënne vu sech ginn. © Karwai Tang / G7 Cornwall 2021

Versprach gëtt och Investitioun an d‘Bildung. Dat ass keng fräiwëlleg Decisioun, mee d‘Chinese baue Schoulen, verfügen iwwert eng Arméi vu beschtens ausgebilten Enseignanten an am krasse Géigesaz zu de G7-Natiounen, loossen d‘Kommunisten d‘Vëlker déi se ausbeuten, net erhéngeren, firwat elo och d‘G7 nei Weeër aschloe mussen. Well awer emol en Aarbechtsgrupp sech muss mat méigleche Projeten (et muss sech jo rentéieren) beschäftegen, hunn d‘Kommuniste gutt Zäit sech op déi nei Ausriichtung anzestellen. Woubäi eigentlech sinn och ouni, méi kredibel wéi d‘G7-Länner.

G7 CornwallBei den Diskussiounen ëm „Klima & Natur“ war een éischter entspaant, vu datt jo elo assuréiert ass, datt d‘G7-Natioune bis 2050 Klimaneutral sinn. Et muss sech folgerichteg kee méi suerge maachen, datt et nach zu enge Klimakris kënnt, well dat politesch esou festgeluecht ginn ass. © Justin Goff / G7 Cornwall 2021

Zanter 1975 (deemools nach als G6 ouni Kanada) gëtt et den Natioune-Verband, dee politesch séier de Konsens fonnt huet a sech strikt wirtschaftspolitesch ausgeriicht huet. Sënn an Zweck war et, ee System ze installéieren, an deem eng privilegiéiert Minoritéit, allen aneren d‘Richtung virgëtt. Dat geet sech bis haut op; an och wann et nieft China a Russland, Acteuren huet wéi beispillsweis Brasilien an/oder Indien, wäert et esou bleiwen. Brasilien an Indien gi vu faschistesche Leader ganz am Sënn vun de G7 kleng gehalen, an d‘Bekenntnis zum Kampf géint de Klimawandel ass gespillt.

mat indymedia/lon

Foto: Alles ass beschtens, si maachen d‘Welt besser. De Boris Johnson ka mat sech a senge Frënn zefridde sinn. Si këmmeren sech elo drëms datt jiddereen op der Welt Zougang zum Impfstoff kritt, si bauen op deene Plaze wou se d‘Leit ausbeuten Infrastrukturen, Schoulen a villes méi, setzen sech a fir Mënscherechter a China, a Russland an a Wäissrussland… © Justin Goff / G7 Cornwall 2021

Related topics Carbis Bay, Entwécklungslänner, G7-Sommet, Impfstrategie, Ofschlosserklärung, Wirtschaft
Next post Previous post