De ganzen Dag Circus an Owes Theater

Mam Yannchen Hoffmann & Carlo Hartmann 

Freides, den 8. Abrëll um 20 Auer geet et am nawell héich hier am Artikuss zu Zolwer.

Et gi Kënschtler hei zu Lëtzebuerg, déi kann een awer och keen Abléck méi eleng loossen! A scho guer net wärend enger Pandemie mat Couvre feu, Gestes- barrières, souwéi sanitäre Mesuren/innen & Entwuermungen…

Abee, d’Yannchen an de Carlo hu versicht déi laang Zäit esou onverstänneg wéi méiglech ze notzen a si ganz déif a sech eragaangen. Si presentéieren an hirem neie Circus-Programm d’Highlighten aus hiren zwee räichhaltegen, kënschtleresche Liewen.

Si wandere mat Iech duerch d’Ritterzäit, duerch d’Altersheimer, an de Paräisser Musée de l’Erotisme, mam Annie Cordy op d’Oktoberfest an natierlech uechter d’Theaterwelt an Operenhaiser.

All weider Informatiounen zu den Ëffnungszäiten, sanitäre Moossnamen an Ticketen, fannt dir hei.

Dernières nouvelles