Search

You may also like

D‘Flitterwoche sinn eriwwer
Neiegkeeten

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

Den Donald Trump ass jo elo säit gefillten 10 Joer

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren
Neiegkeeten

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren

CFL multimodal an CFL cargo zu Diddeleng-Beetebuerg sinn am Beräich

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

De Gardiennage als „Beruff“

De Gardiennage als „Beruff“

No enger Entrevue um 1. Oktober mat Vetrieder vum Educatiounsministère, hunn d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL nach emol hir Fuerderungen, de Gardiennage / Sécherheetsagent als Beruff ze etabléiere widderholl. Sécherheetsagent wier ee vollwäertege Beruff fir deen et eng Formatioun muss ginn. Bei eisen Nopere gëtt et dofir Filièren an de Schoulen.

A wärend dat bei eisen Nopere schonn zanter zwee Joerzéngten etabléiert ass, deet sech bei eis am Land séier wéineg. De Besoin selwer awer wier grouss, esou d‘Gewerkschaften, firwat sech an dëser Branche eng Professionaliséierung opdrängt. Et hätt vill Opwand gebraucht fir am Secteur ee Kollektivvertrag hinzekréien, an deem ass sech och op d‘Schafe vun engem Formatiounszenter zu Lëtzebuerg verstännegt ginn.

Dëse Formatiounszenter ass awer nëmmen ee vu vill Schrëtt an déi richteg Richtung. Säitens de Gewerkschafte gëtt drop higewisen, datt wann et sécherlech eng gutt Saach ass, datt déi ugebuede Formatiounen déi berufflech an technesch Kompetenze stäerken, dës allerdéngs keng Ausbildung sinn, bei där um Enn en unerkannten Diplom gëtt. Deen awer ass – wéi a bal all anere Beruffer och – essentiell vir d‘Carrière-Entwécklung.

Wat stellen sech LCGB an OGBL vir?

Fir déi schoulesch Ausbildung gëtt sech eng Formatioun op der Basis vum CCP (den Zertifikat vu berufflecher Kompetenz) virgestallt. Si sollt um Niveau vum Secondaire dräi Joer an Alternance (Beruff/ Schoul) bedroen. Bei dëser Formatioun sollt et dräi Haaptsaile ginn:

1) d‘Missiounen an d‘Tâchen déi d‘Sécherheet vun engem reguläre Gardiennage-Optrag garantéieren;

2) déi ze ergräifend Schutzmoossnamen a Hygiènesregelen am Kontext vun enger Pandemie (well och wann déi aktuell Kris sollt en Enn huelen, wäert sech de soziale Beholl un déi nei Realitéite mussen upassen);

3) spezifesch Kompetenze fir den technologesche Verännerungen an der Digitaliséierung vum Beruff, esou wéi och d‘Wëssen ëm de legale Kader an d‘Gestioun vu Konflikter.

Béid Gewerkschaften hunn hire Gespréichspartner verständlech gemaach, datt wäit iwwer honnert Entreprisen zu Lëtzebuerg vun de Sécherheetsfirmaen däitlech qualifizéiert Personal fuerderen. Dat besonnesch am Kontext vum Schutz vu Persounen a Gidder. Dës Aarbechtskraaft muss folgerichteg am Ausland rekrutéiert ginn, wou et fir dësen Aarbechtsberäich Diplomer gëtt.

Fir d‘Professionaliséierung vum Beruff „Sécherheetsagent“ zu Lëtzebuerg ëmzesetzen an och ze stäerken, muss et hei och eng Unerkennung vun den Diplomer (Equivalenz) an soss beruffleche Qualifikatioune ginn, déi an all anerem europäesche Land ausgestallt ginn. Säitens dem Ministère huet et den Ament nach keng Ausso zu de gewerkschaftleche Revendicatioune ginn.

Illustratioun: Gutt ausgebilte Sécherheetsleit si rar geséit, firwat eng Ausbildung vun Néiten ass. Och hisiichtlech dem Asaz vun Déieren (Waachhond) muss et eng spezifesch Formatioun ginn. Zu Lëtzebuerg léisst sech den Educatiounsministère awer Zäit, firwat ausgebilte Sécherheetsagenten am Ausland musse rekrutéiert ginn. © The Random Insitute / unsplash

Related topics Ausbildung, Beruffsausbildung, Educatiounsministère, Gardiennage, LCGB, Sécherheetsagent
Next post Previous post