Search

You may also like

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“
Neiegkeeten

Jean Asselborn: „ech hunn net gelaacht!“

Eisen Ausseminister, Jean Asselborn (LSAP), war zu New York, wou

Wat ee Fest!
Neiegkeeten

Wat ee Fest!

Vun der Relève vun der Gard virum Palais, iwwert de

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement
Neiegkeeten

Effikass handelen géint d’Präissexplosioun beim Logement

Konfrontéiert mat der Krise am Logement, déi sech an der

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…

De Gedanken ass gutt, mee de Minister dee falschen…

Geet et der Piratepartei no, da soll de Landwirtschaftsminister, Romain Schneider (LSAP) de 15. Abrëll am EU-Rot fir e Report vun der Ofstëmmung zur europäescher Direktiv mat Bezuch op d‘Autorerechter am digitale Bannemaart antrieden.

Laut de Piraten – an déi Ausso gëllt europawäit, während aner grouss politesch et net esou op d‘Rei kréien – gëtt nëmme wéineg Richtlinnen déi an der Vergaangenheet op eng esou ëmfaassend an zivilgesellschaftlech Kritik gestouss sinn, wéi déi vum Autorerecht. Et geet dann och méi prezis ëm déi ominéis Artikelen 11 an 13, respektiv 15 a 17. Déi géifen zur Zensur am Internet féieren.

Et ass leider net alles wat gutt gemengt ass, och gutt ëmzesetzen, an hei deet sech – esou kuerz virun den EU-Wahlen – weder d‘EU-Parlament, nach d‘EU-Komissioun oder den EU-Rot e Gefalen, wann si der absolut „(in)kompetenter“ Ministerronn „Landwirtschaft a Fëscherei“ et iwwerloossen, déi kontrovers an ëmstridden Direktiv duerchzeboxen. Kalkül oder Slapstick?

Alles Experten!

Fir den Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei ass et eng reng Provokatioun: „D‘Verstopp-Spill vun den europäeschen Instanze geet an déi nächst Ronn. An déi op dat heftegst kritiséiert Copyright-Reform soll elo ënnert dem Radar vun der Ëffentlechkeet am Rot vun der Landwirtschaft a Fëscherei duerchgewonk ginn. Esou eng wichteg Entscheedung sollt awer vun Experte getraff ginn, an net wéi vum Däiwel gejot an ouni Debat an der falscher Rot-Formatioun geholl ginn“.

An dat trëfft den Nol zimlech „mëtteg“ op de kapp. Firwat de Virstouss vun de Piraten duerchaus novollzéibar ass. Esou besteet déi eenzeg Méiglechkeet, d‘Richtlinn an senger aktueller Form an mat fräiheetsaschränkende Konsequenzen opzehalen, doranner e Report vum Vote unzefroen, an en Debat virun d‘Ofstëmmung ze setzen. Dat wier den Optrag deen d‘Piraten dem Minister ginn.

Et bleift nach nozereechen, datt e Vote iwwert d‘Autorerecht am digitale Beräich, wann dësen dann tatsächlech vum Rot fir Landwirtschaft a Fëscherei soll geholl ginn, e weidert Signal un d‘Wieler ass, sech bei der EU-Wahl am Mee nach emol no Alternativen zu de sougenannte Volleksparteie sollten ëmkucken. Dem Minister Schneider wäert et wuel éischter egal ginn, esou wéi hie seng Entscheedungen trëfft, gëtt sech nom Resultat am EU-Parlament ausgeriicht, also zougestëmmt.

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Related topics Autorerechter, Copyrightreform, Piratepartei, Romain Schneider, Sven Clement
Next post Previous post