Search

You may also like

Wéi eng politesch Offer fir d‘Europawahlen?
Auto International Neiegkeeten Sport

Wéi eng politesch Offer fir d‘Europawahlen?

Déi europäesch Unioun steet ënner Drock: Brexit, Sträit mat den

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018
Auto International Neiegkeeten Sport

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Auto International Neiegkeeten Sport

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box

Gëschter Owend ass de Kierchbierg vu schwaarz gekleete Gestalte besicht

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nodeems de Pilot (gezwongenermoossen) e puer Méint keng Konkurrenz déi aner Säit dem Atlantik hat, konnt hien elo endlech nees d’Freede vun engem amerikaneschen Oval genéissen.

Et wär eng Ënnerdreiwung ze soen, datt de Gil Linster ongedëlleg drop gewaart hätt, erëm Rennen an den USA ze fueren. Déi operluechte Sécherheetsmoossnamen duerch d’Coronapandemie hunn hie laang aus dem Land ewech gehalen, ma hie war awer gurmangseg op Coursen. Elo de Weekend konnt hien säin Appetit endlech stëllen.

De Pilot huet mam TGS Competition Team um Florence Motor Speedway säi Comeback an der Carolina Pro Late Model Series gefeiert. Dëse Kuerzstrecken-Speedway am Süde vum Land (zu Timmonsville, South Carolina) ass de Rennsportfans bekannt.

D’Carolina Pro Late Model Series war fir déi sechste Kéier an dëser Saison dobäi – dës Kéier mat engem Lëtzebuerger ënnert de Konkurrenten. De Gil Linster, deen nom Qualifying op der 12. Plaz gelant ass, huet sech op de Wee gemaach, fir déi 100 Ronne vun dëser Course, um Steier vu sengem schwaarzen Auto, mat der Nummer 77, ze meeschteren.

Um Zil ukomm, huet de Pilot sech schliisslech déi 13. Plaz erkämpft, an dat op enger Streck déi hien eréischt kennegeléiert huet. Dëst huet dem Gil Linster erméiglecht Erfarungen ze sammelen. Säin nächste Rendez-vous ass fir den 29. Mee, um Hickory Motor Speedway am US-Bundesstaat North Carolina, geplangt.

Foto: © Paul Wiedeler / TGS

Related topics Gil Linster, Motorsport, Nascar, TGS Competition Team, USA
Next post Previous post