De leschte Glacismaart vum Joer fënnt statt

739
Maart
© Ville de Luxembourg / Marion Dessard

De leschte Glacismaart vun der Saison fënnt den 21. November um Glacis an der Stad statt.

De bekannten a gutt besichte Maart, deen all drëtte Sonndeg am Mount stattfënnt, ass vun 10 bis 17 Auer op. (Ausser natierlech am August, wa Schueberfouer ass).

Dobäi ginn eng Rei ënnerschiddlech Produkter ugebueden: Friichten a Geméis, Fleesch, Brout a Mëtschen, Ham a gebrodene Poulet, Blummen, Bijouen, Kleeder an nach ganz vill méi. Et ass bestëmmt fir jiddereen eppes dobäi. An dat Bescht? Een Tuer duerch déi frësch Loft ass gesond, ma dat kann een nawell gutt kombinéieren. Villäicht fënnt sech jo och ee schéine Kaddo fir en ënnert de Chrëschtbeemchen ze leeën.

Fir d’Sécherheet vun de Besicher an Händler ze garantéieren, ass et wichteg sech un déi sanitär Moossnamen ze halen. Dofir vergiesst Är Mask net an haalt déi néideg Distanz an.

Et ass och méiglech de Maart zu Fouss oder mam Vëlo ze erreechen, fir d’Autosfuerer ass de Glacis (850) – oder de Schuman (400) praktesch. Samschdes a Sonndes ass d’Parke gratis.

Weider Informatioune fannt Dir wéi gewinnt um Site vun der Stad Lëtzebuerg.