Entrevue tëscht dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot an dem Aarbechtsminister
Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-
Leschten Dënschdeg huet et tëscht dem Minister fir Aarbecht, Sozial-
Mam Gesetzprojet 7254, deen sech op d‘Ëmsetzung vun der EU-Direktiv
Zanter leschtem Freideg gëllt Lëtzebuerg nees als Risikogebitt, datt well
Den Owend tëscht 10 an 11 soll et sou wäit sinn: Vun enger Falcon 9 Rakéit gedroen soll de Govsat-1 et an de Weltraum packen. Doriwwer weisen sech déi lénk guer net begeeschtert: Si stelle sech kategoresch géint d’Oprëschtung vum Lëtzebuerger Militär an der NATO.
Esou kritiséiert d’Partei déi ëmmer mi staark Oprëschtungsspiral, déi sech zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht. Lëtzebuerg dierft, esou déi lénk, net zum Acteur an internationale Konflikter ginn. De Satellit kéint esou net nëmmen zur Steierung vun Iwwerwaachungsdrone genotzt ginn, mee och zur Zilerfaassung vu bewaffenten Dronen hierhalen. „Esou kéinte vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert Technik fir d’Ëmbrénge vu Mënsche agesat ginn”, heescht et am Communiqué vun déi lénk.
Zwee mol haten déi Deputéiert vun dëser Partei géint dës Investitioun gestëmmt. Dobäi gouf de Projet vun der Regierung och deelweis ewéi eng Investitioun an den Technologieberäich vum Groussherzogtum festgestallt. Fir déi lénk ass kloer, datt déi klammend Militärinvestitiounen e schlecht Zeeche sinn. Esou géing ab 2021 fir di éischte Kéier méi Geld an d’Verteidegung fléissen, wéi an d’Entwécklungshëllef.