Search

You may also like

Barikkade fir d‘Dräi Eechelen
Neiegkeeten

Barikkade fir d‘Dräi Eechelen

Nodeems schonn am Juli 2020, de Site vun den Dräi

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen
Neiegkeeten

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen

Hie war de Wyatt am Film „Easy Rider“ an ee

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 16. Februar 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 16. Februar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

De Janssen-Impfstoff ass ukomm

De Janssen-Impfstoff ass ukomm

Um Méindeg sinn zu Lëtzebuerg déi éischt 2.400 Dose vum Janssen-Impfstoff (vum US-Konzern Johnson & Johnson) ukomm. A véierzéng Deeg soll nach emol déi selwecht Unzuel geliwwert ginn, esou de leschten Informatiounsstand.

Fir déi ganz Europäesch Unioun, si bis Enn Juni d‘Livraisoun vu 55 Milliounen Impfdose virgesinn. Mam Vaccin vum US-Konzern geet eng Dosis (statt wéi bei deenen aneren zwou Dosen) duer. Vill Länner stäipen hir Hoffnungen drop, well mat enger eenzeger Dosis kann den Impfprozess kloer beschleunegt ginn. De Janssen-Impfstoff geet an den USA scho länger agesat.

Wann et duerchaus erfreelech ass, datt ëmmer méi Impfstoffer géint de Covid19-Virus op de Maart kommen, esou heescht et awer och weiderhin näischt iwwerstierzen, wann een d‘Vertrauen an den Impfstoff wëll oprecht erhalen. Beim AstraZeneca schéngt jo a wierklech seelene Fäll zu enger Thrombos komm ze sinn, wat berechtegterweis bei de Leit eppes Bedenken ausgeléist huet.

Sécher ass erwisen, datt den Notzen erhieflech méi grouss wéi de Risk ass, mee vertrauensbildend ass et elo och net wierklech. Déi lescht Woch hat d‘EMA dann och op d‘Informatioun misse reagéieren, datt et an den USA no véier Janssen-Impfunge gläichfalls zu Bluttgerënsel soll komm sinn. Eng Persoun wier un de Folge vun dëser „Niewewierkung“ verstuerwen, esou d‘Info.

Déi europäesch Medikamentenagence EMA, kann dës Aussoen, a folgerichteg en Zesummenhang tëscht den an den USA festgestallten Thrombosen an dem Impfstoff vu Johnson & Johnson awer net bestätegen. D‘Cheffin vun der EMA, Emer Cooke huet nach emol betount, datt zur Stonn näischt dorobber hiweist, datt déi gemellte Bluttgerënsel, duerch den Impfstoff sollte provozéiert gi sinn.

Annex: Risk-Management (englesch)

Illustratioun: © New York National Guard

Related topics Covid-19, Eenzeldosis, EU-Kommissioun, Janssen Pharmaceutica NV, Johnson & Johnson, Sinusvenen-Thrombosefäll
Next post Previous post