Search

You may also like

Den OGBL-Ausbléck op 2020
Neiegkeeten

Den OGBL-Ausbléck op 2020

D‘Patronne vun der gréisster a schéinster Gewerkschaft vum Land, hat

US-President vergräift sech un der Justiz
Neiegkeeten

US-President vergräift sech un der Justiz

Dee wéinst der Russland-Affär ugeklote Beroder, Lobbyist a Frënd vum

Aarteschutz am Crassier Éilereng – Den Ëmweltministère reagéiert op d’Virwërf vun der Bauerenzentral
Neiegkeeten

Aarteschutz am Crassier Éilereng – Den Ëmweltministère reagéiert op d’Virwërf vun der Bauerenzentral

En Dënschdeg, den 8. Juni huet d’Bauerenzentral drop higewisen, datt

De Jean Asselborn bezitt Stellung

De Minister fir Immigratioun an Asyl äntwert op de Communiqué vun der Passerell Asbl

De Jean Asselborn bezitt Stellung

De Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP), wëll Stellung zu zwee vun der Asbl Passerell kommentéiert Erzielungen huelen. Aus evidente Grënn mat Bezuch op d‘Vertraulechkeet an a Konformitéit mat der Legislatioun zum Dateschutz, kann de Minister net oppen an ëffentlech, zu individuellen Dossiere vun Demandeure vum internationale Schutz Positioun ergräifen.

Well de Communiqué vun der Asbl Passerell awer eng Rei „falsch Informatiounen“ enthält, gesäit sech de Minister genéidegt eng Rei vun den Ënnerstellungen ze kommentéieren. D‘Regierung hält fest an ënnersträicht, datt si a kenger Form dat erliefte vun de Fraen déi am Communiqué genannt gi miniméiert an Initiative wéi „Stand Speak Rise Up“ ënnerstëtzt, déi op onmënschlech an intolerabel Praktiken hiweist an d‘Ëffentlechkeet entspriechend sensibiliséiert.

D‘Ënnerstellung am Communiqué: Lëtzebuerg hätt ech als net kompetent fir de Schutz vun dësen zwou Fraen erkläert. Dat stëmmt net, vu datt déi genannte Somalierin schonn „internationale Schutz“ an engem anere Land vun der EU erhalen huet a Lëtzebuerg hir Demande refuséiert huet, well eng Persoun nëmmen eng Kéier internationale Schutz um Territoire vun der europäescher Unioun zougesprach ka kréien.

Wann e Memberland enger Persoun aus engem Drëttland „international Schutz“ gewäert, kritt dës Persoun en Openthaltsrecht an dësem Land. Elo gëtt erlaabt dëst Openthaltsrecht dem Beneficiaire net automatesch sech dierfen an engem anere Memberland néierzeloossen. De Beneficiaire kann, ënnert der Konditioun déi national Legislatioun vun dësem Memberland ze respektéieren, op Ufro ugeholl ginn.

Am Kontext vun der „Readmissioun“ vun der Somalierin, hunn déi italienesch Autoritéiten déi gefuerdert Garantie virgeluecht, déi noutwenneg sinn fir der Fra eng adequat Wunneng ze ginn, esou wéi si nees an Italien ukënnt. Wat den internationale Schutz betrëfft, esou betount de Jean Asselborn nach eng Kéier, datt Lëtzebuerg Verantwortung fir d‘Demande vun internationalem Schutz vun 71 vulnerabele Persounen iwwerholl huet, déi eigentlech schonn am November nees hätte missen a Richtung Italien ausgewise ginn.

Wat déi Damm aus Eritrea betrëfft, muss festgehale ginn, datt sech Lëtzebuerg an alle Punkten un d‘Dispositiounen nom Reglement „Dublin III“ gehalen huet. An dësem Reglement ass definéiert wéi e Land kompetent ass fir d‘Etüd vun enger Demande vun internationalem Schutz. Laut dësem Regelwierk, kann nëmmen 1 Land dës Kompetenz hunn. Sollt elo den Demandeur aus wéi engem Grond och ëmmer dat Land wou hie seng Demande agereecht huet verloossen, fir sech an en anert Land ze beginn, kann sech dëst Land inkompetent deklaréieren eng Demande ze beaarbechten.

Am virleiende Fall an am Respekt vum géigesäitege Vertrauen, ass Lëtzebuerg der Usiicht, datt déi Schwäizer Autoritéiten hir Missioune mat der noutwenneger Suergfalt erfëllt hunn, an et Lëtzebuerg net zousteet, déi souverän Entscheedung vun der Schwäiz a Fro ze stellen. Onofhängeg vun dësen Elementer ass d‘Argument, datt d‘Fra aus Eritrea risquéiert Zwangsréckgefouert ze ginn, net berechtegt. Keen EU-Land féiert erzwonge Réckféierungen a Richtung Eritrea duerch.

De Minister hält dann och drop ze ënnersträichen, datt an engem Rechtsstaat d‘Geriichtsbarkeet sech vun der Rechtméissegkeet vun den Decisiounen, déi vun der Exekutiv geholl ginn, iwwerzeegt, firwat d‘Fuerderung no enger „onofhängeger Kommissioun déi eng Ausweisung annuléiere kann“ net ënnerstëtzt ka ginn. Dës Aufgab steet exklusiv der Justiz zou. Wat méi prezis de Beräich vum internationale Schutz betrëfft, esou dierf drun erënnert ginn, datt géint all Decisiounen déi vum Minister geholl ginn, e Recours virum administrative Gericht zoulässeg ass.

matgedeelt vum Ausseministère, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Related topics Immigratioun, Internationale Schutz, Jean Asselborn, Ministère fir Immigratioun an Asyl, Passerell Asbl
Next post Previous post