Search

You may also like

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi
International Neiegkeeten

PISA-Etüd: Lëtzebuerg nëmmen nach bei all zweeter derbäi

Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervirgeet, wéilt

Palestinenserpresident zitt de Stecker
International Neiegkeeten

Palestinenserpresident zitt de Stecker

Nodeems den US-President Donald Trump leschte Mëttwoch dem Benjamin Netanyahu

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun
International Neiegkeeten

Bare Brewing „Kordaller“ – En Hommage fir d‘Regioun

Eigentlech ass scho mat der Opschrëft „En Hommage un dës

De Jean-Claude Juncker seet „Merci an Äddi“

No fënnef Joer un der Spëtzt vun der europäescher Unioun huet de Jott-zé-Jott sech zu Stroossbuerg vum Europaparlament Ofschid geholl. Heibäi huet hien erkläert, datt d‘Brexit-Verhandlungen eng Reng Zäitverschwendung waren. De neier Kommissioun huet hie mat op de Wee ginn: „Bekämpft mat aller Kraaft den dommen Nationalismus“.

Well déi nei EU-Kommissioun awer nach net „steet“ an esou d‘Ursula von der Leyen och nach net kann d‘Mandat iwwerhuelen, muss de Lëtzebuerger d‘Geschäfter vun der EU nach en Ament kommissaresch leeden. Ufank Dezember sollt et dann awer zur Amtsiwwergab kommen. Dat huet sech esou erginn, nodeems eng Rei proposéiert Kommissäre vum EU-Parlament ofgewise goufen.

Zu Stroossbuerg huet de Jean-Claude Juncker den EU-Deputéierten erkläert, datt hie säi Mandat net „bedréckt, mee och iwwerméisseg glécklech ofgëtt, mee mam Gefill sech riedlech beméit ze hunn“. Hien huet och drun erënnert, datt Europa virun allem e Friddensprojet ass. „Fridden ass net selbstverständlech a mir sollten houfreg sinn, datt Europa de Fridden erhält“. Doriwwer misst een och mat deene jonke Bierger an der Unioun schwätzen.

mat indymedia/sxb

Related topics EU-Kommissiounspresident, Europa, Fridden, Jean-Claude Juncker, Stroossbuerg
Next post Previous post