Search

You may also like

dislike
Editorial: Wéi konnt dat nëmme geschéien?
International Neiegkeeten

Editorial: Wéi konnt dat nëmme geschéien?

Ech weess jo net, op et nëmme mir opfält, mee

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
International Neiegkeeten

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
International Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

De Joe an de Justin setzen sech fir Klimaneutralitéit an

De Joe an de Justin setzen sech fir Klimaneutralitéit an

Beim virtuelle Sommet USA-Kanada hunn sech d‘Staatscheffe Joe Biden a Justin Trudeau drop verstännegt, hir Länner bis 2050 Klimaneutral ze maachen. Fir datt et geléngt, sollen sech elo den US-Sonnerbeoptraagte fir de Klima, John Kerry an de kanadeschen Ëmweltminister Jonathan Wilkinson zesummesetzen a Gespréicher doriwwer féieren, wéi dëst Zil erreecht ka ginn.

Et war dat éischt – wann och virtuellt – Treffen tëscht dem Joe Biden an dem Justin Trudeau, mee et schéngt zimmlech gutt gelaf ze sinn. No sengem Echange mam kanadesche Premierminister, huet de Joe Biden erkläert: „Mir starten een héichrangegt Klimazil-Ministertreffen, fir eis Politik an Ziler openaner ofzestëmmen, an esou Netto-Null-Emissioune bis 2050 ëmsetzen ze kënnen“.

Datt et iwwerhaapt, zu esou Gespréicher komme kann, huet vill domadder ze dinn, datt de Joe Biden der Keystone XL-Pipeline (duerch dës Leitung sollten all Dag 830.000 Barrel Schwéierueleg vum kanadeschen Alberta an dat amerikanescht Nebraska geleet ginn NvdR) d‘Baugeneemegung entzunn huet. Eng Decisioun, déi d‘Regierung zur Andämmung vum Klimawandel getraff huet.

Béid Natioune wëllen also hir Klimapolitik accordéieren. Esou heescht et, datt bis zum 22. Abrëll, d‘USA a Kanada hir ugestriefte Klimaziler bis 2030 virleeë wëllen. Den Datum ass natierlech net zoufälleg ausgewielt ginn. Et ass den Dag op deem d‘USA ee Klimasommet organiséieren. Wéi eescht een dat Ganzt huele kann, léisst och eréischt dann analyséieren. Mee et ass en Ufank.

Et schéngt awer wéi wann een Zouversiicht kéint hunn. Ufank Februar hat de kanadesche Premier erkläert, datt d‘USA Interessi ugemellt hätten, Energie aus Waasserkraaft vun de Kanadier an engem gréissen Ëmfang anzekafen. De Wilkinson huet gemengt, dat Kombinatioun vu propperer Energie aus Kanada, an de Wand-, Solar- an/oder geothermeschen Anlagen aus USA dat kënnen.

Den US-President huet sengersäits nach emol op déi traditionell gutt Bezéiunge mam Noper higewisen. Et sollt ee generell méi enk matenaner zesummeschaffen, esou de Joe Biden, deen ënnersträicht datt de Klimawandel, mee och a besonnesch den chineseschen Afloss an der Welt, dréngend musse bekämpft ginn. Interessanterweis, war gëschter kee Wuert zu Russland ze héieren.

mat indymedia/was/ott

Foto: © Office of the Primeminister, Canada

Related topics Joe Biden, Justin Trudeau, Kanada, Klimaneutralitéit, USA
Next post Previous post