Search

You may also like

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst
Kultur Neiegkeeten

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst

Och bei déi lénk huet d‘Covid19-Pandemie, den unhänglechen Etat de

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen
Kultur Neiegkeeten

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

D’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) deelt mat, datt eng speziell

Kanada verschäerft säi Waffegesetz
Kultur Neiegkeeten

Kanada verschäerft säi Waffegesetz

De Premierminister Justin Trudeau hat et am Wahlkampf ugekënnegt a

De Kinneksbond invitéiert Iech op een Trip

... wien ass dobäi?

De Kinneksbond invitéiert Iech op een Trip

Jo, d’Hippie si lass. De Kinneksbond invitéiert Iech op eng eenzegaarteg Danzopféierung. D’Virstellunge sinn de 25. a 26. Februar 2021 um 20 Auer am Kinneksbond. Eng weider ass fir den 28. Februar 2021 um 16:30 Auer virgesinn.

Fënnef Dänzer an een Museker – déi sech am Hippie-Universum vun den 1960er an 1970er Jore befannen, ënnersiche verschidde Forme vu beweegungsloosem Reesen. Et geet, ënnert anerem ëm Entdeckungen déi de Wonsch reflektéieren, sech op eppes Onerwaartes anzeloossen. Aner Reese kënne spirituell sinn, dat hänkt ëmmer vun der Motivatioun vum Reesenden of. Op dës Manéier stellt een säi ganzen Alldag a Fro.

Wanderen, op Rees goen, heescht virun allem, sengem Bedürfnis no Fräiheet nozeginn. D’Routine lass ginn a selwer Meeschter iwwert Zäit ginn. Mee dat ass net sou einfach wéi geduecht. Dofir luet TRIP eis op dës Wanderungen an a proposéiert eis lasszeloossen. Kënne mir eis drop aloossen?

Et ass einfach fir anerer do ze sinn. Ëmmer verfügbar. Déi richteg Erausfuerderung läit bei sech selwer, dobäi d’Virwëtz oprecht ze erhalen. Dobäi geet et virun allem drëm, eng etabléiert Uerdnung a Fro ze stellen. Reese ka villes sinn: Entspanung, eng Flucht, eng Sich oder en Neiufank.

Am Fong kann e soen, datt d’Hippien deemools eis et virgemaach hunn. Dës Generatioun sou wéi hiert Universum a politescht Engagement, waren d’Inspiratiounsquell fir TRIP. Et geet virun allem ëm moralesch Wäerter an d‘Konsumgesellschaft – also ass d’Thematik nach ëmmer aktuell. Amplaz Karriär ze maachen, de Mars ze erueweren oder an de Krich ze zéien… d’Hippien hunn Léift gepriedegt a virgelieft.

Déi verschidde Kämpf – de Kampf géint Rassismus a Krich, weiblech Emanzipatioun an Ökologie ginn ëmmer méi relevant. Den Ausdrock “beweegungsloost Reesen” ass ee Paradox, an enger Welt déi anscheinend net roueg ka sinn. Duerch Fernsehsenderen, Mediatioun, Musek oder d’Liese vu Reesgeschichte wëlle vill Leit aus hiren eegene véier Wänn entkommen. A wann et nëmme fir ee Moment ass.

Reesen, ob geografesch oder intern, ass virun allem eng perséinlech Rees. Eng Sich no Identitéit. TRIP begleet eis op dëser Sich.

Weider Informatioune fannt Dir hannert dësem LINK

Foto: © Bohumil Kostohryz

Related topics Danz, Hippie-Beweegung, Kinneksbond, Kultur, Mamer
Next post Previous post