Search

You may also like

AstraZeneca an der Zwéckmillchen
Neiegkeeten

AstraZeneca an der Zwéckmillchen

Déi Europäesch Medikamentenagence (EMA) hält weider um Asaz vum a

money
SHELL muss entschiedegen
Neiegkeeten

SHELL muss entschiedegen

Véier Baueren aus Nigeria, ënnerstëtzt vun der hollännescher Ëmweltorganisatioun Milieudefensie

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. November 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. November 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an analyséiert, an dierfte wéineg Iwwerraschendes zu Ouere kritt hunn, wéi de Premierminister Xavier Bettel an der Chamber den Deputéierten dëse resuméiert huet. Dee soll awer fir d‘Eenheet vu Gambia stoen.

Beim Xavier Bettel senger Deklaratioun zur genereller politescher Ausriichtung vun der Regierung, handelt et sech ëm en extensive Resumé vum Koalitiounsaccord. Heiranner enthalen: déi grouss Linne vun der Moderniséierung vu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg soll eng Pionéierroll op ville Niveaue spillen. Am Beräich vun der Digitaliséierung, de Finanzen a beim Ëmweltschutz…

Um Krautmaart huet de Premier den ambitiéise Programm vun de Koalitiounspartner virgestallt. E Programm deen duerch seng „Wäitsiicht“ géif bestiechen, an virun deem d‘Bierger keng Angscht mussen hunn. Eng Ausso déi berécksiichtegt, datt den Accord a ville Punkten en direkten Impakt op déi ëffentlech Ausgaben huet, wat ugesiichts de gudden Zuelen awer kee Problem duerstellt.

A wann d‘Situatioun gutt ass, gëtt e kee Grond firwat net all Mënsch dovunner sollt profitéieren. Gutt et verléiert een nach ëmmer vill Geld (den elektroneschen Handel huet der TVA 1 Milliard Euro virenthalen) mee dofir huet een de Chômage am Grëff (hei läit den Taux bei ronn 5% mat enger gudder Tendenz no ënnen). Et muss ee sech deemno fir d‘Zukunft keng Suerge maachen.

De Wuesstem: wirtschaftlech an demographesch

Den Ausféierunge vum Xavier Bettel ass ze enthuelen, datt d‘Regierung de Wirtschaftswuesstem bei 3% gesäit, an de Saldo fir déi ëffentlech Administratioun fir 2018 mat engem Excedent optrëtt, dee mat ronn enger Milliard Euro, d‘Erwaardunge wäit iwwertrëfft. Den Defizit vum Zentralstaat huet sech mat 350 Milliounen Euro a Grenze gehalen, a läit wäit ënnert de Previsiounen.

Wat déi ëffentlech Schold betrëfft, esou läit déi aktuell bei 21,6% vum Bruttoinlandprodukt (BIP). Et ass een nach wäit ewech vun de 60% déi – entspriechend dem Stabilitéitspakt – zoulässeg wieren an och vun den 30%, déi sech d‘Regierung als „Grenzwäert“ operluecht huet. Dat sollt Vertraue beim Bierger, den Entreprisen, mee besonnesch a virun allem der Finanzplaz ausléisen.

Praktesch wann ee sech keng Gedanke muss maachen, ugesiichts der Aktualitéit bei eisen direkten Noperen. Woubäi ze bemierken ass, datt bei allem wat esou ugekënnegt ginn ass: gratis ëffentlechen Transport, gratis Kannerbetreiung a Mindestlounerhéijung, vir déi prägnantst ze ernimmen. A sengem Discours huet de Premier bei den Absichte vun der Regierung, kee Ministère ausgelooss.

Vu Prioritéiten, a wéi een déi ëmsetze wëll

Prioritéiten, an där gëtt et der an dësem „ambitiéise Koalitiounsaccord“ e sëllechen, esou betount de Xavier Bettel: sinn net déi vun enger Partei, mee déi vun enger Koalitioun déi Hand an Hand schafft an eenzeg d‘Wuel vum Land a sengen Awunner am Bléck huet. Dorënner fält de Schutz vun eise Ressourcen, d‘Verbesserung vun eiser Liewensqualitéit an d‘Villsäitegkeet vum Land.

D‘Erhale vum nationale Patrimoine, eiser Geschicht a Sprooch, gehéieren och dozou. Et gëtt op den Akzent fir eng familljefrëndlech Politik, d‘Stäerkung vum Sozialstaat an eng besser Verdeelung vun den erziilte Beneficer higewisen. Méiglech wier dat duerch d‘Diversifizéierung vun der Wirtschaft, gréisseren Ustrengunge bei der Digitaliséierung, wéi dem Invest an Mobilitéit an Infrastrukturen.

Elo wou de Premierminister seng Deklaratioun gemaach huet, ass et un der Oppositioun, sech zum Koalitiounsaccord ze äusseren. Hei ass ze bedenken, datt et eng ganz Rei Punkten am Accord gëtt, déi esou och oder ähnlech, an de Wahlprogramme vun dësen Oppositiounsparteien ze fanne waren. Wéi kritesch déi sech mam Regierungsprogramm ausenanersetze kënne muss ofgewaart ginn.

Related topics Chamber, Koalitiounsprogramm, Krauitmaart, Oppositioun, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post