De Konsumenteschutz kritiséiert nei Regierungsmoossnamen

De Konsumenteschutz kritiséiert déi ongenügend Moossnamen zur Erhalung vun der Kafkraaft! De Konsumenteschutz bedauert a kritiséiert op d’Schlëmmst, déi ongenügend Moossnamen zur finanziellen Ënnerstëtzung, déi vun der Regierung virgesi sinn.

Besonnesch vun den akommesschwaachen Haushalter. Dës Moossname wäerten déi drastesch Steigerunge vun den Energiepräisser, héchstens nëmmen zu engem ganz klengen Deel kompenséieren an de Groussdeel vun der Bevëlkerung wäert net méi an de Genoss dovunner kommen. Esou erlaabt d’Regierung all Haushalt d’Auszuelung vun enger Energiepräissprimm, fir déi, déi een Urecht op d »allocation vie chère » besteet, plus 25% iwwert dem aktuellen Akommes.

Dës Primm beschränkt sech allerdéngs op eng Zomm tëscht 200 € a maximal 400 €.

De Konsumenteschutz bezweiwelt staark, datt dësen eemolegen Zouschoss duergeet, fir déi drastesch geklommen Energiekäschten auszegläichen. Dobäi kommen déi administrativ Formalitéiten, déi d’Auszuelung fir d’AVC-Empfänger ëm 25% an d’Längt zéien.

Dës weidere fuerdert de Konsumenteschutz opmannst eng Verdueblung vun der « Allocation de vie chère » fir déi Betraffen a kritiséiert, datt déi geréng eemoleg Primm, just fir dës geduecht ass.

Ofgesinn dovunner, datt no der Meenung vum Konsumenteschutz d’Héicht vun der AVC souwisou schonn ze niddreg ass, wär d’Energiehëllef fir Haushalter mat mëttlerem Akommes, souwéi ënnert anerem der Steierklassen 1 an 1a eng dréngend Noutwennegkeet.

A Bezuch op d’Stabiliséierung vun den Energiepräisser wëll d’Regierung erreechen, datt sech de Staat an enger héijer Masse un de Käschten vum Kompensatiounsmechanismus bedeelegt, deen Deel vum Stroumpräis ass. De Konsumenteschutz freet sech, wéi eng finanziell Erliichterung dëst schlussendlech fir d’Haushalter bréngt.

Fir de Konsumenteschutz wär et virstellbar gewiescht dës Käschten zäitweis opzehiewen.

De Konsumenteschutz begréisst déi staatlech Iwwernam vun den Netzkäschten, bedauert allerdéngs déi zäitlech Begrenzung. Bensinn- an Dieselpräisser klamme mat der CO2-Steier kontinuéierlech. Am Déngschtleeschtungsland Lëtzebuerg si vill Pendler an och vill Betriber op hier Gefierer ugewisen.

De Konsumenteschutz fuerdert, datt och hei Erliichterungen decidéiert ginn. Well et ass nach ëmmer esou, datt déi meescht Awunner a Grenzgänger op hiert Gefier ugewise sinn, fir hirer Aarbecht kënnen nozegoen. Hei gëtt eleng no ideologesche Grënn gehandelt, wärend Suerge vun de Mënschen net bekuckt ginn.

Hei geet et ganz einfach ëm Existenze vu Mënschen. Ze bemierke bleift, datt déi géint Russland verhaange Sanktioune zu Géigesanktioune féiere wäerten, esou datt ze fäerten ass, datt nach méi drastesch Erhéijunge vun den Energiepräisser op d’Verbraucher zoukommen. D’Kafkraaft vun den Haushalter wäert eng laang Zäit schwéier belaascht ginn, well eng allgemeng Inflatiounswell ze fäerten ass.

Déi vun der Regierung decidéiert Moossname ginn nach laang net duer, fir virun allem akommesschwaach Haushalter, oder déi mat mëttlerem Akommes ze entlaaschten.

Dofir fuerdert de Konsumenteschutz d’Regierung dozou op, hier Moossnamen zu Gonschten vun de Verbraucher ze iwwerschaffen, se ze erweideren an se och op ee méi laangen Zäitpunkt auszeriichten. Well d’Energie- an d’Inflatiounskris steet eréischt virum Ufank.

*matgedeelt vum ULC

Dernières nouvelles