Search

You may also like

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten
Neiegkeeten Stories

Schlechten Dateschutz a Skandaler: Facebook Aktie geet an d‘Getten

Facebook huet sech, unhand enger selwer provozéierter Polemik, um Mëttwoch

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Impfstrategie: D’Phas 5 fänkt un

Am Kader vun der Lëtzebuerger Impfstrategie wäerten an dëser Woch

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague
Neiegkeeten Stories

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

D’Aktiviste vu Greenpeace Frankräich hunn de 25. Januar moies ee

De kontrolléierte Klimawandel

Den Energieminister Claude Turmes huet eng besonnesch Approche zum Klimawandel offenbaart

De kontrolléierte Klimawandel

Mat eppes méi Gedauschs wéi soss, mee ënnert anhale vun de strikte Covid19-Oplagen, huet um Méindeg d‘Fondatioun de Luxembourg zesumme mat der Fondatioun Enovos d‘Resultater vum Fuerschungsprojet „SECuRE presentéiert. Mat derbäi waren d‘Generaldirekter vun Enovos a LIST.

D‘Generaldirektesch vun der Fondatioun de Luxembourg, Tonika Hirdman, huet an hirer Aleedung drun erënnert, datt ënnert dem Patronage vun der Fondatioun de Luxembourg, d‘Fondatioun Enovos d‘Promotioun vum Knowhow an den Technologien, déi sech duerch hir Nohaltegkeet auszeechnen, virundreift. Déi erneierbar Energie wéi och déi energetesch Effizienz, spillen do eng grouss Roll.

Klimawandel

D‘Generaldirektesch vun der Fondatioun de Luxembourg, Tonika Hirdman, war an ass vum Projet SECuRE begeeschtert. Si huet sech besonnesch doriwwer gefreet, datt d‘Fondatioun Enovos dëse Projet finanziell matgedroen huet. © Martine de Lagardère / moien.lu

Et ass dann och d‘Fondatioun Enovos, déi de Projet „Smart Energy Cities & Regions“ (SECuRE) vum Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) matfinanzéiert huet. Bei dësem Projet geet et drëms, op ee Bléck den energetesche Potential vun enger Stad an/oder enger Regioun ze erfaassen. Fir d‘Realisatioun ass sech op ee virechte Projet (PV-Forecast) vum LIST bezu ginn.

De President vun der Fondatioun Enovos, Jean Lucius, huet sech d‘Geleeënheet net entgoe gelooss, fir nach emol ze betounen, datt si als Fondatioun vill Projeten am Kontext vum Environnement an der Biodiversitéit ënnerstëtzen, mee och Ingenieur-Studien ënnerstëtzen. Sozial sinn se och, well si esou Projete wéi Stëmm vun der Strooss oder de Kanner- a Jugendtelefon finanziell stäipen.

Klimawandel

Dem Jean Lucius, President vun der Fondatioun Enovos ass et wichteg, datt d‘Leit dobausse wëssen, datt et am Kapitalismus Philanthrope brauch, fir dës Welt besser ze maachen. Fir wien dës Philanthropen d‘Welt besser gestalte wëllen, war leider net eendeiteg erauszehéieren. © Martine de Lagardère / moien.lu

Fir de CEO vun Enovos, Erik von Scholz, steet dann och fest, datt déi „gréng Energie“ d‘Energie vun der Zukunft ass. Ëmmer méi Entreprisen a Privatpersoune wäerte mëttels Photovoltaik selwer Stroum produzéieren. Bis 2018 war dat haaptsächlech op den Diecher vun den Haiser de Fall, mee elo ginn och Anlagen um Buedem an um Waasser (Killweier vun ArcelorMittal) opgeriicht.

Klengt interessant, woubäi den Erik von Scholz den ament aner Suergen dierft hunn. Op de Mäert ass de Stroumpräis ëm 30% an d‘Gette gaangen – wat een natierlech net un de Konsument weider gëtt – an d‘Stroumproduzenten halen awer weider u fossillen an nuklearen Energie fest. Zudeem kréien déi grouss Verbraucher ee Präis datt engem als Privathaushalt d‘Dronkenellen ausginn.

Beim LIST fuerscht een… Punkt!

Fir de CEO vum LIST, den Thomas Kallstenius, ass et d‘Nohaltegkeet, déi d‘Fuerscher bei hirer Recherche undreift. Hien erënnert un déi grouss Ziler vum Paräisser Accord an de Fait, datt mir an de leschten 30 Joer den Ausstouss vun Zäregaser ëm 40% gesteigert hunn. Et wier quasi evident, datt ee d‘Fuerschung brauch, wann een effektiv géint de Klimawandel wëll virgoen.

Klimawandel

De CEO vun Enovos, Erik von Scholz, weess dat nëmmen déi „gréng Energie“ zukunftsfäeg ass a jidderee säint muss derzou bäidroen, fir méi Energie aus erneierbare Ressourcen ze maachen. Dat dierf allerdéngs och net zu Laaschte vum Profit goen. © Martine de Lagardère / moien.lu

De Projet-Leader Ulrich Leopold ass dann op den eigentleche Projet agaangen. Wann hei de Prinzip u sech liicht verständlech ass, esou stellt sech d‘Fro: Wiem notzt et? Mir hunn eng Rei aner Projeten déi sech hei iwwerschneiden, an och wann et natierlech gutt ass ze wëssen, wou ee Solarenergie effizient gewanne kann, muss ee als éischt emol Cliente fannen, déi d‘Fuerschungsprodukt wëllen.

Wesentlech méi interessant an opschlossräich war dann dem Energieminister Claude Turmes (déi gréng) seng Interventioun. Hien huet aleedend festgestallt, datt mir als Gesellschaft zwou groussen Erausfuerderungen an d‘A blécke mussen: 1) d‘Covid19-Pandemie, bei där et gëllt all Mesuren ze ergräifen, datt et net zu engem zweet2 Lockdown kënnt; an 2) den „onkontrolléierte“ Klimawandel.

Klimawandel

De CEO vum LIST, Dr. Thomas Kallstenius, huet un déi grouss Ziler vum Paräisser Accord erënnert. © Martine de Lagardère / moien.lu

De Minister, dee sech eegener Ausso no schonn zanter iwwer 30 Joer mam Thema beschäftegt, an sech och als EU-Deputéierte massiv fir d‘Bekämpfung vum Klimawandel agesat huet, schéngt also och dovunner auszegoen, datt de Klimawandel net méi opzehalen ass. Hie stellt fest, datt déi Jonk (zanter dem Greta a sengem „Skolstrejk for Klimatet“) dat der Politik net wëllen duerchgoe loossen.

Et misst elo jidderee Verantwortung iwwerhuelen, a mir als Lëtzebuerger wieren do Virreider. Esou hätt d‘Regierung bei villem antizipéiert, wat säitens der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen déi lescht Woch emol ugekënnegt gi wier. A jo, d‘CO²-Emissioune mussen elo effektiv drastesch reduzéiert ginn, firwat de Stroum – wann en da gréng ass – d‘Energie vu muer ass.

Do kann ee Kappwéi kréien

Wann et dann tatsächlech esou ass, datt mir eise Stroumverbrauch bis 2050 verduebele wäerten, ass net direkt ersiichtlech wéi dat soll mat enger Reduktioun vun den Zäregaser iwwertenaner passt. An et sinn déi grouss Industrien, déi besonnesch op Energie ugewise sinn. Esou verbraucht laut dem Claude Turmes eleng ArcelorMittal 45% vum gesamte Besoin u Stroum am Lëtzebuerger Land.

Klimawandel

Den Ulrich Leopold, Projet-Leader beim LIST, freet sech schonn op déi uschléissend Projete vum SECuRE. Et ass jiddefalls en Instrument, datt derzou bäidroe kann den territorialen Amenagement esou ze gestalten an ze notzen, datt méi erneierbar Energie produzéiert ka ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Dozou kommen dann nach Dupont de Nemours, d‘Goodyear a sécherlech och d‘Eisebunn. Net ze vergiessen, datt Google en Datenzenter um Rouscht wëll opriichten, an zu Beetebuerg/Diddeleng de Bau vun enger Jughurtsfabrick geplangt sinn. Alles Clienten, déi géintiwwer de Menagen ee ganz avantagéisen Tarif ugebuede kréien. Faktesch subventionéiert dee „Klengen“ nees déi „Grouss“.

Natierlech dementéiert de Minister dat a weist galant drop hin, datt och wann d‘Industrie ee grousse Konsument ass, et am Endeffekt d‘Finanzplaz Lëtzebuerg ass, déi mat déi gréisste Verantwortung ze droen huet, dat well hei nach ëmmer Milliard fir Milliard an den Ofbau an d‘Notzung vun de fossillen Energie gestach gëtt. Datt d‘Regierung an d‘BEI hei massiv matverdénge stëmmt och.

Klimawandel

Nee et steet dem Energieminister Claude Turmes net bis „dohinner“, mee hie schéngt sech an der tëscht domadder offonnt ze hunn, datt d‘Grenz vu +1,5°C Äerderwiermung net méi ze halen ass a mir eis wäerte glécklech schätzen, net iwwer +2°C ze geroden. Mee dofir brauch et grondsätzlech de gesellschaftleche Wiessel… an dat dierft eng haart Noss ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Et muss een also nach emol op de „kontrolléierte Klimawandel“ ze sprieche kommen. Streng geholl ass d‘Klimakatastroph bei der Iwwerschreidung vu +1,5°C „perfekt“ an de Claude Turmes schéngt elo schonn zefridden, wann een d‘Äerderwiermung bei +2°C stoppe kann. Mee och dat Zil ass mat „dëser“ Gesellschaft esou net ze erreechen, et sief si wier bereet sech grondsätzlech nei ze erfannen.

Déi sozial schwaach Populatioune sinn – och dozou gëtt et Etüden – anscheinend net de Problem. Et wiere villméi déi „Räich“ déi fir iwwer 50% vun de Zäregaser verantwortlech sinn. De Problem, déi „Räich“ sinn aus pekuniäre Grënn net gewëllt op Ausbeutung a Konsumzwang ze verzichten, d‘Piliere vun hirem Profit. Et bréicht eppes fir de Kapitalismus ze ersetzen, mee si mir scho bereet?

Foto: (v.l.n.r.) Dr. Thomas Kallstenius (CEO LIST); Jean Lucius (President Fondatioun Enovos); Tonika Hirdman (Generaldirektesch Fondation de Luxembourg); Claude Turmes (Energieminister); Erik von Scholz (CEO Enovos); Ulrich Leopold (Projet-Leader SECuRE beim LIST). © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Claude Turmes, Energieminister, ENOVOS, Fondation de Luxembourg, Fondation Enovos, LIST
Next post Previous post