Search

You may also like

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!
Neiegkeeten

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!

A wéinegen Deeg kënnt d’Joer 2019 schonn op een Enn

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt
Neiegkeeten

De Weltgesondheetsdag aus der Siicht vun Doktere vun der Welt

Um Samschdeg haten de Gesondheets- an de Kooperatiounsminister op de

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

De Konviktsgaart fleegt säin Image

Mat engem neie Logo an enger Brochure d‘Weiche vun der Zukunft stellen

De Konviktsgaart fleegt säin Image

Et war e flotten Dënschdegmueren am Stater Altersheem „Konviktsgaart“, an dat huet net eleng um gudde Wieder geleeën. D‘Residenz, déi vu Sodexo geréiert gëtt, war viru 27 Joer a Präsenz vun der Groussherzogin ageweit ginn, an elo wier un der Zäit d‘Haus den neie Standarden unzepassen.

Am Konviktsgaart gëtt awer net nëmme renovéiert, hei wëll Sodexo och innovéieren. Zu dësem Zweck ass e neie Logo entworf ginn, dee ganz an der Tendenz vum haidegen Trend, eppes „minimalistesch“ ausgefall ass. Op een deen elo gutt fënnt ass um Enn awer eng Fro vum eegene Geschmaach. Der Buergermeeschtesch, an de Vertrieder vum Schäfferot, gefält e schonn emol.

Zur Virstellung vum neie Logo, gëtt et och eng nei Brochure, an där engersäits déi 27 järeg Geschicht vum Haus nach emol Revue passéiert, an anersäits d‘Offer an d‘Aufgabe vu Sodexo determinéiert ginn, an déi, wéi et den Direkter Marcello Loguercio betount huet, ab haut och ëmgesat ginn. An dësem Kontext ass eis och iwwert d‘Renovéierungsaarbechten informéiert ginn.

D‘Lydie Polfer (DP) ass zefridde mat der Gestioun, a stellt fest, datt iwwer 27 Joer villes an dësem éierewierdegen Haus geschitt ass, an all d‘Acteuren déi implizéiert sinn, hei eng ganz gutt Aarbecht Opweises hunn. Wat d‘Renovatioun betrëfft, esou wier dat no iwwert engem Véierelsjoerhonnert e ganz normale Virgank. D‘Standarden hu sech verännert, an och soss wier ee gären „up to date“.

Konviktsgaart

(v.l.n.r.) Claudine Lang, Architektin VDL; Serge Wilmes, 1. Schäffen; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch, Isabel Wiseler-Lima, Schäffin; Marcello Loguercio, Direkter Konviktsgaart; Françoise Walch, Service Seniors VDL. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ouni Hetz kënnt ee gutt virun

Wat de Volet vun der Renovéierung ugeet, esou gouf drun erënnert, datt de Schäfferot scho viru Joren entscheet hat, déi schrëttweis virzehuelen. De Bauteschäffen, Serge Wilmes (CSV), fir deen et den éischte Besuch an der Residente Groussherzogin Joséphine-Charlotte ass, huet dozou ee puer Erklärunge gehat. Vun den 103 Appartementer sinn der 24 entweder scho fäerdeg oder an Aarbecht.

Heibäi geet et, wéi scho gesot, drëms d‘Zëmmer vun de Residenten un déi haut gülteg Standarden unzepassen, an och entspriechend ze moderniséieren. D‘Architektin vun der Stad Lëtzebuerg, Claudine Lang huet an dësem Kontext nach drop higewisen, datt och d‘Produktiounskichen erneiert ginn ass (vu Mee 2017 bis Juni 2018). De Käschtepunkt läit bei ronn véier Milliounen Euro.

Den Direkter vum Konviktsgaart huet virun der Visite nach emol drop bestanen, op déi exzellent Zesummenaarbecht mam Personal hinzeweisen. Am Altersheem sinn 69 Leit beschäftegt, fir 103 Residenten (69 Fraen an 34 Männer). Zil ass et, de Mënschen am Haus en autonomen an humane Liewensowend ze garantéieren. Dat kann nëmme geléngen, wann déi ganz Equipp zesummenhält.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Altersheem, Isabel Wiseler-Lima, Konviktsgaart, Lydie Polfer, Serge Wilmes, Service Seniors, Sodexo, VDL
Next post Previous post