Search

You may also like

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

An den 1960er Joer gouf den Ernesto „Che“ Guevara als

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn
Neiegkeeten Stories

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg

Ee Schued an héicht vun 120 Milliounen Euro
Neiegkeeten Stories

Ee Schued an héicht vun 120 Milliounen Euro

De Verband vun de Versécherer a Réckversécherer zu Lëtzebuerg (ACA),

Eppes fir d‘Genéisser: De Kristall vun der Iechternacher Brauerei

Eppes fir d‘Genéisser: De Kristall vun der Iechternacher Brauerei

Et geet mat grousse Schrëtt op Chrëschtdag zou, an deen een oder anere freet sech vläicht nach, wat een fir déi Festivitéiten esou kéint op den Dësch stellen. Ma do gëtt et eppes, do kann ee wierklech näischt falsch maachen: de „Kristall“ vun der Iechternacher Brauerei. Goldgiel a kloer glänzt dës Lëtzebuerger Spezialitéit am Glas, seng Textur ass iwwerzeegend seng schaumeg Kroun schéi fest.

Mat senge 4,9% Alkoholgehalt, ganz no de Reegele vum däitsche „Reinheitsgebot“ zu Bech op der Gare gebraut, huet ee mam Kristall en héichwäertege, jo schon nobele Béier am Grapp. Deen net mat der Famill, de Frënn an de Kollegen ze deelen ass „Egoismus“, woubäi all déi entschëllegt sinn, déi hire Kristall am Béieradventskalenner fonnt hunn. Eng eenzeg Fläsch soll een net deele mussen.

Feinpäreleg, fruuchteg bis blumeg an erfrëschend, esou soll ee gutt balancéierte Béier sech de Leit virstellen. An all dës Attributer erfëllt de Kristall. Do kann d‘Industrie net mathalen, och wann si vläicht „faarflech“nach den Uschloss hält, esou ass beim Genoss direkt kloer, Béier brauen ass ee richtegt Handwierk. Dat kann dem Pol Wesner säi Braumeeschter, de Beweis ass an der Fläsch.

Wann sech d‘Gastronomen elo net wierklech konnte festleeën, ob – wann een dëst Produkt vun der Iechternacher Brauerei och zu Dësch wëll kredenzen – de Kristall besser zu Mieresfriichten oder Wëld passt, esou wësse mir, datt et zu gudder Lescht eng Affär vu Goût ass. A bei Kniddele mat Wäinzoossiss war dëse ganz héichwäertege Béier, direkt no der Kächin, dat bescht vum Owend.

Sou, wa mir iech elo sollten Zong laang gemaach hunn, dann ass dat gutt, well et war och esou geduecht. Déi wou schonns d‘Éier haten sech mam Kristall ze „ënnerhalen“, kënnen säin éierleche Charakter bestätegen. All déi aner sollten him ouni Virbehalt begéinen, mee uecht gedoen, deen ass deraart genësserlech, do huet ee sech séier verléift. Dat gesot, loosst iech de Kristall schmaachen…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Craft Beers, Echternacher Brauerei, Kristall
Next post Previous post