De Kueder an der Béchs

Hannert der néngter Dier vum Béier-Adventskalenner vun den artisanale Béier aus Lëtzebuerg steet eng Béchs – hiren Numm Twisted Cat deit net direkt drop hin, datt sech heibäi och ëm eng Hausmark handelt, mee et ass eng besonnesch Preparatioun fir d‘Frënn vu Cattitude Sàrl, déi vu Bare Brewing zu Déifferdeng hiergestallt gëtt. Eng seriéis Ekipp, déi wiisst, a wiisst… Mir fannen dat ganz gutt.

Wat dann elo de „Kueder an der Béchs“ ugeet, esou hält een hei engersäits een originale Pale Ale an den Hänn, dee mat senge 5% Alkoholgehalt ee ganz vernënftegen Androck hannerléisst. Mee loosst eis mat de Grondlagen ufänken. De Pale Ale ass vun Natur aus hell bis kofferfaarweg, uewergäreg an gehéiert an der Stammbam vun den engleschen Ale‘s. Pale bedeit esouvill wéi bleech, woubäi sech dat dann op d‘Verwendung vun engem helle Malz bezitt. Wat ass bei, Twisted Cat besonnesch?

Also ganz ofgesinn dovunner datt et een 100% Lëtzebuerger Produkt ass, muss ee wëssen, dat Ale‘s éischter Happ-betount dohierkommen, firwat et direkt zwou Happzorte fir de Kueder huet. Si ginn dem Twisted Cat eng liicht an erfrëschend Nout vu Mango a Passiounsfruucht. Seng Faarf ass och éischter organge-gëllen, seng Schaumkroun agreabel cremeg, An en ass natierlech och ongefiltert.

Dat – jo dir wësst et wann eis liest – dréit derzou bäi, engersäits datt de Kueder ganz douce am Mond de Bockel mécht an seng Aromae wéi ee Freedefeier an der „Salle à manger“ verbreet, an anersäits gutt bekëmmlech ass. Virausgesat et fleegt een ee moderate Ëmgang mat der Kaz. Ganzer fënnef Malzzorte goufen hei vum Braumeeschter agesat. De Choix vum richtege Malz ass esou schonn net ëmmer einfach, a bei 5 Zorten déi harmonéiere sollen, gëtt dat Ganzt eppes komplex.

Den Twisted Cat ass einfach en Delice, och wann hien sech am Aluminiumshiem presentéiert. Datt hien an de Béchs stécht, ass absolut keen Nodeel, huet esouguer eppes Virdeeler wann, ee sech es anzwousch wëll mathuelen. Fräi nom Motto, léiwer eng getéitschte Béchs wéi eng gebrache Fläsch. Ob e sech besser an de Béchs hält? Leider net, wat net um Béier geleeën ass, mee tatsächlech domat ze dinn huet, datt wann esou eppes Gutts bei Hand ass, gëtt et gedronk. Et kënnt es jo ëmmer no…

Dernières nouvelles