Search

You may also like

Nees massiv Festname bei de Protester zu Minsk
International Neiegkeeten

Nees massiv Festname bei de Protester zu Minsk

Dem sougenannte „Marsch vun den Helden“ sollen sech – esouwäit

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
International Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

Lëtzebuerg als Kandidat beim Rot vun de Mënscherechter
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Kandidat beim Rot vun de Mënscherechter

Passend zum internationalen Dag vun de Mënscherechter, dee gëschter stattfonnt

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner

Am Februar 2019, zu Roum war déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op en Enn gaangen, ass zu Melbourne an Australien de Kardinol George Pell vum Riichter an de Prisong geschéckt ginn, well dësen sech un zwee Chouerbouwe sollt vergraff hunn. De Kierchemann huet d‘Faiten ofgestridden, a goung an Appell. Fir de fréiere Vertraute vum Poopst Francis, ass elo d‘Welt nees an der Rei.

Den ieweschte Geriichtshaff huet sech zanter Mäerz mam Asproch vum Verurteelten ausenaner misse setzen. Hie gouf zu sechs Joer feste Prisong verurteelt, well hien an de 90er Joren zwee Bouwe sexuell mëssbraucht sollt. Dat gouf elo revidéiert, a mat sengem Urteelssproch, ass den ieweschte Geriichtshaff a leschter Instanz op d‘Argumenter vun der Defense agaangen.

Et hätt „Schwächen“ an den Zeienaussoe ginn, esou d‘Riichter. Deem haut 30 järege Mann seng Ausso géif net ausräichen, fir d‘Schold ze beleeën. Zudeem hält et d‘Geriicht fir onméiglech, datt e Kardinol no der Sonndesmass laang genuch, mat zwee Bouwen aus dem Chouer an der Sakristei eleng sollt gewiescht sinn, fir datt et zu engem Iwwergrëff konnt kommen.

Am zweete Fall, fir deen de Kierchemann verurteelt gouf, hätt et keng Zeie ginn, an d‘Uklo soll zudeem d‘Beweislaascht ëmgedréit hunn. Esou hätt d‘Uklo net dem Kardinol seng Schold bewisen, d‘Verdeedegung hätt seng Onschold misse beweisen. Kritiker gesinn an dësem Urteel „de laangen Otem vun der kathoulescher Kierch“. De George Pell soll schonn haut aus der haft entlooss ginn.

mat indymedia/mel

Illustratioun: © Ben White / unsplash

Related topics Australien, Fräisproch, ieweschte Griichtshaff, Kardinol George Pell, Pedophilie
Next post Previous post