Search

You may also like

Transitioun: Lëtzebuerg am Joer 2050
Neiegkeeten

Transitioun: Lëtzebuerg am Joer 2050

Am Kader vun der internationaler Consultatioun „Luxembourg in Transition“ huet

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer
Neiegkeeten

Mam Tram op déi 678. Editioun vun der Schueberfouer

De Summer näipt sech sengem Enn zou, a vill Vakanz

Thomas Cook faillite, an elo?
Neiegkeeten

Thomas Cook faillite, an elo?

Wéi krass ass dat dann? De briteschen Tour-Operator Thomas Cook

De LCGB ass determinéiert eng Sozialkris ofzewennen

Chrëschtlech Gewerkschaft appelléiert zur Bedeelegung um digitalen 1. Mee

De LCGB ass determinéiert eng Sozialkris ofzewennen

Déi sanitär Kris wëll keen Enn huelen, an och den Impakt op d‘Wirtschaft ass net méi ze verleegne wat a verschiddene Secteuren zu Sozialpläng gefouert huet an nach féiere wäert. D‘Kuerzaarbecht hält sech och, a mat den neie Problemer déi op de Bausecteur duerkommen, ass och net ze spaassen.

An dat ass och éischter d‘Spëtzt vum Äisbierg, well all déi bestoend Krisen: Logement, Klima a Migratiounspolitik, konnten sech an der Coronaviruskris gutt entwéckelen. Beim LCGB ass een elo decidéiert, zesumme mat alle Memberen, Militanten an Delegéierten, sech voll anzesetze fir eng sozial Kris méiglechst ze verhënneren. Traditionell ass den 1. Mee den Dag, op deem de President seng Truppen op de Sozialkampf astëmmt, dat natierlech virzuchsweis an Uwiesenheet.

Mee schonn 2020 hat ee sech aus guddem Grond, op eng digital Versioun vum 1. Mee Meeting – wou ëmmer dausende Memberen deelhuelen – misse beruffen, a leider ass och 2021 keen anert Lous bestëmmt. De Patrick Dury, deem de Kontakt zu „senge Leit“ immens wichteg ass, wäert de virtuelle Raum se fëlle wëssen. Et geet ëm Equitéit a Justiz, an eng human Konzeptioun vun der Digitaliséierung, d‘Ofschafe vun der Limitt vun 78 Woche Krankmeldung a villes méi…

Wann et virun der Kris schonn immens wichteg war, als Beschäftegte gewerkschaftlech organiséiert ze sinn, esou ass dat a Krisenzäiten nach emol eppes méi wichteg. A mat deem wat sech grad deet, sollt een – zumindest wann ee Member vum LCGB ass, oder driwwer nodenkt sech unzeschléissen – dem Patrick Dury den 1. Mee um 10 Auer, entweder live op Facebook oder dem Internetsite vum LCGB nolauschteren.

Illustratioun: Satya Tiwari / pixabay

Related topics 1. Mee, Dag vun der Aarbecht, Digital, LCGB, Patrick Dury
Next post Previous post