Search

You may also like

Rambazamba fir de Cactus
International Neiegkeeten

Rambazamba fir de Cactus

Gëschter hu sech d‘Gewerkschafte LCGB an OGBL mat de Vertrieder

Och en Diktator wëll vereedegt ginn
International Neiegkeeten

Och en Diktator wëll vereedegt ginn

Nodeems – et muss een och an enger Diktatur de

Gemeng Réiser: Vereedegung vum Erny Strecker
International Neiegkeeten

Gemeng Réiser: Vereedegung vum Erny Strecker

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 12. Januar 2021 duerft den

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?

Rëscht sech d‘Welt fir de leschte Showdown?

Nach ni ass op der Welt esouvill Geld an d‘Rëschtung gestach gi wéi 2019. Bezitt ee sech op déi vum Stockholmer Friddensinstitut „SIPRI“ virgeluechten Zuelen, dann hunn d‘Rëschtungsausgabe weltwäit ëm 3,6% (Inflatiounsberengegt) zougeholl. Dat ergëtt um Enn Ausgaben an Héicht vun 1.900 Milliarden US-Dollar. Dat entsprécht 249 US-Dollar pro Äerdbewunner…

Am globale Ranking bleiwen d‘USA mat Ausgaben an Héicht vu 732 Milliarden déi onbestridden Nummer 1. Si hunn zudeem hire Budget nach emol ëm 5,3% ugehuewen, an investéieren an hir Arsenaler méi wéi een Drëttel vun dem wat all déi aner Länner zesummegeholl, fir Rëschtung ausginn. China ass mat 261 Milliarde (+5,1%) schonn „ofgeschloen“, mee hält den Uschloss.

Op de Räng dann Indien (71,1 Milliarden), Russland (65,1 Milliarden) a Saudiarabien (61,9 Milliarden), eréischt da kommen d‘Europäer, an op der 6. Plaz läit Frankräich (50,1 Milliarden) virun Däitschland (49,3 Milliarden) a Groussbirtannien (48,7 Milliarden). Datt nees méi Geld fir Rëschtung an der EU zur Verfügung gestallt gëtt, gëtt op d‘Spannunge mat Russland zréckgefouert.

Dat léisst sech un de Rëschtungsausgabe vu Polen, Rumänien an de baltesche Länner festmaachen, woubäi och eis däitsch Noperen 2019, hiren Etat ëm 10% ugehuewen hunn. Eng Erhéijung déi och an Zesummenhang ze bréngen ass, mam Drock deen den Trump op d‘NATO-Partner gemaach huet, déi sech a sengen Aen net genuch un den Ausgabe vun der nordatlantescher Allianz bedeelegen.

Asymmetresch Konflikter an de Covid19

Laut den Experten zu Stockholm, sinn dës Massiv Erhéijunge vun de Budgete fir Rëschtung, en däitlecht Zeeche fir eng Zounam vun der Onsécherheet a si verweisen op ëmmer méi bewaffent Konflikter a Spannungen, déi nees fir weider Militärausgaben a nach méi Waffe suerge wäerten. Dozou kommen nees déi al Feindschaften: USA géint Russland, mee elo och USA géint China…

Et geet eigentlech ëm näischt anescht wéi d‘Weltmuecht, en Usproch deen d‘USA net eréischt säit dem Donald Trump erhieft. Mee deen, wéi eigentlech all déi Krichsfreedeg Natiounen, wäert seng Investitiounen och eppes musse revidéieren. Esou wéi sech d‘Natur dank der Covid19-Pandemie eppes erhuele kann, wäert déi uschléissend Wirtschaftskris sech och op d‘Rëschtung auswierken.

D‘Wirtschaftsabousse wéinst der sanitärer Kris hunn dann och schonn éischt positiv Effeten. Esou denkt dat saudescht Kinnekshaus – nodeems de Pëtrol wuel nach spruddelt awer kee Gewënn méi ofwërft – driwwer no sech aus dem Jemen-Konflikt zréckzezéien, wou d‘Kinnekräich déi féierend Roll (mat den USA am Réck) ageholl huet. Esou gesinn, kéint ee bal Sympathie fir de Virus hunn…

mat indymedia/sto

Illustratioun: Den Donald Trump a seng Falken hu sech en neit Atomwaffenarsenal bei der Industrie bestallt. Déi al Bestänn sollen erneiert ginn, mat méi klengen, regional asazfäegen Atombommen. Mee och fir de Weltraum gëtt opgerëscht. Den Amerikaner ass d‘Welt eben einfach net genuch… © Maria Oswalt / unsplash

Related topics Militärausgaben, Militärkomplex, Oprëschtung, SIPRI
Next post Previous post