Search

You may also like

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
Neiegkeeten Stories

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als

Motocycliste mussen sech weider areien
Neiegkeeten Stories

Motocycliste mussen sech weider areien

Datt et bei eis am Land jeemools derzou wäert kommen,

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958
Neiegkeeten Stories

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958

D’Unioun vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, och Benelux genannt,

A wat der Däiwel huet de Lëtzebéier mam Belsch ze dinn?

A wat der Däiwel huet de Lëtzebéier mam Belsch ze dinn?

Zu Käerjeng an der Béierhaascht mécht de Braumeeschter Guy Majerus net nëmme Béier vun der allerbeschter Qualitéit, zuweilen trëtt beim „Marketing“ och dee Lausbouf zum Virschäin, deen de ganze Charme vun dësem Familljebetrib schlussendlech och ausmécht. Woubäi säi Béier „Belsch“ ze nennen, och duerchaus ganz eescht Grënn huet. Beim Goût hält bekanntlech de Spaass op…

De Belsch ass ee schéin däischter-gëllene Béier wann och liicht dréif. Hie kënnt mat enger zaarter awer blimmeleger Nout dohier an kann op en fest Schaumkroun verweisen. Dëse Lëtzebéier huet mat 5,2% Alkoholgehalt genee déi „Ëmdréiungen“, déi esou en doucen an awer erfrëschende Patt ubidde sollt. Et ass dann och där Béieren een, deen sech fir eng geselleg Ronn ubitt.

Wierzeg a Sëffeg, woubäi en sech erstaunlecherweis grad esou gutt aus der Fläsch genéisse léisst (wat jo beim Grillen duerchaus kee Feeler ass) wéi an engem Glas mat breedem Rand. Hien huet gären eppes méi kal a sollt bei 4°C gelagert ginn, während seng „Betribstemperatur“ um Comptoir oder iwwer Dësch mat 6°C fir de Genoss ideal ass. Et ass därer een deen ee „ka lafe loossen“.

Fir d‘Amateure vun engem gudde Maufel ass de Belsch – mir haten d‘Grille scho kuerz ugeschwat – och eng zolidd Optioun. Zum säftege Poulet, gutt cross gegrillt oder gebroden, mee och engem gebakene Fësch mat allem wat derzou gehéiert, der Däiwel ass de Belsch eppes Gutts… an dat bescht et bleift e Lëtzebéier, „doheem“ gebraut mat de beschten Ingredienten déi ee fir Geld kritt.

Mee wat daacht dee beschte Malz an de nobelsten Happ, wann een net domatter ëmgoe kann? Beim Braumeeschter Guy Majerus ass datt alles a gudden Hänn. Hie lieft säin Handwierk a versteet et de „richtegen Toun“ ze treffen. De Lëtzebéier Belsch, en éierlecht Produkt vun engem engagéierte Profi. Dat kléngt ze schéi fir wouer ze sinn? Ma da gitt him dach einfach iwwer d‘Schëller kucken.

Foto: © Martine de Lagardère

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Beierhaascht, Guy Majerus, Lëtzebéier Belsch
Next post Previous post