Search

You may also like

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!
Neiegkeeten

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Mat engem eenzege Fliger an enger Hand voll Mataarbechter konnt

De Film „Streams“ kënnt op Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Film „Streams“ kënnt op Lëtzebuerg

Nodeems „Streams“ an der Selektioun vun der 74. Editioun vum

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…
Neiegkeeten

Accisenerhéijung op Pëtrolsproduiten – d‘OGBL-Presidentin huet Bedenken…

Nodeems gëschter de ministeriellen Trio, Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée dann elo endgülteg selwer „Geschicht“. Dat éierbart Haus, dat et säit 1996 op Nummer 14 Helleg Geescht Strooss an der Uewerstad gëtt, krut wuel kee ganz neit Gesicht, mee dofir ee wonnerschéin renovéierten Interieur. Eng Investitioun esou wuel an d‘Kultur, wéi an d‘Zukunft, och oder vläicht grad well hei ëm d‘Vergaangenheet vun eiser Haaptstad geet.

 

Eng Sneak Preview fir d‘Presse

Virun der Erëffnung fir de Grand Public, hat d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) mat der Directrice Danièle Wagener d‘Journalisten agelueden fir sech ee Bild vun den Ëmwandlungen déi stattfonnt hunn ze maachen. Net ouni Stolz huet d‘Lydie Polfer ugangs déi fuschnei Maquette vun der Stad, mat ëmmerhin enger Uewerfläch vun aacht Quadratmeter, virgestallt. En imposant Stéck dat d‘Haaptstad a sengem „Ist-Zoustand“ weist an esou ugeluecht ass, datt all Ännerungen am Stadbild kënne berécksiichtegt ginn. Véier Konsolen liwweren dann esou muench Informatioun an och déi ginn selbstverständlech regelméisseg aktualiséiert.

© moien.lu/MdL

Op dëser Plaz huet d‘Buergermeeschtesch nach eng Kéier dorops higewisen dat mer am Joer vum neie PAG sinn, deen dann och sécherlech dierft fir eng regelméisseg Aktualiséierung vun der Maquette suergen. Mat der neier Dauerausstellung steet dann och d‘Geschicht vun der Stad am Mëttelpunkt an d‘Lydie Polfer verweist net zu onrecht op de Fait, datt et gutt ass seng Geschicht ze kennen. „D‘Leit aus der Stad sinn wëssbegiereg“ ënnersträicht Si, an do kann een wuel kaum widderspriechen, ëmmerhin ass de Kontakt zu de Bierger am Moment, am Kader vum „Schäfferot on Tour“ ausgesprache gutt. Wien sech also dann nach freet wat dat mat deem Londoner Vertrag op sech huet deen den 11.Mee gefeiert gëtt. Ma dann, den Lëtzebuerg City Museum hält d‘Äntwerten parat.

Loosst eis dach emol kucken…

No dëser Aféierung huet dann de Projetleeder Guy Thewes duerch déi schonns genannten Dauerausstellung gefouert. Hien war heibäi assistéiert vum Gaby Sonnabend an Anne Hoffmann. Wat direkt opfält, ass den gutt iwwerluechten Opbau an d‘Gestaltung u sech. Fiederféierend war hei de Büro Tido Brüssig Szeneerien aus München, ausféierend d‘Firma Schumann Möbelwerkstätte GmbH aus Altenkirchen, natierlech assistéiert vun den zwielef Techniker aus den „Les 2 musées de la Ville de Luxembourg“ an fir déi ganz schwéier a grouss Saachen war dann och nach d‘Tranelux International Sàrl zoustänneg. Fir d‘wëssenschaftlech Berodung a Recherche huet eng Equipe vun iwwer zéng Leit duergehalen.

© moien.lu/MdL

D‘Resultat vun dëser Zesummenaarbecht kann sech weise loossen. Extrem sober, muencher een géif och den Ausdrock „Minimalistesch“ wëlle gebrauchen, oder wéi dat hautdesdaags an den sozialen Netzwierker géif genannt ginn: „OMG“. Den interesséierten Visiteur jiddefalls kënnt hei op seng Käschten. Kee Raum deen iwwerlueden ass mat Artefakten oder Kreemchen, mee vill Raum fir sech d‘Exponaten a rou dierfen unzegesinn. Alle Erklärunge sinn dräisproocheg an wien eppes méi wësse wëll däerf roueg eng Fro stellen.

Eppes méi an den Detail…

Um Freideg dann sinn d‘Dieren fir d‘Ëffentlechkeet opgaange an esou kann dann ab elo jiddereen sech vun eisen Ausféierunge selwer iwwerzeegen. Op den ënneschte Niveauen an net manner wéi 2.200 Quadratmeter erzielt d‘Ausstellung déi beweegte Geschicht vun der Stad, also vum Ufank am zéngten Joerhonnert bis haut. Chronologesch ginn déi wichtegst an markantst Aspekter vun all Epoque virgestallt, dat ganzt ënnerdeelt a véier Perioden an siwwenzéng Themen.

© moien.lu/MdL

Niewent enger helle Wull un bis ewell ni gewisenen Objeten, bitt d‘Ausstellung de Visiteuren zur Verdéiwung vun der Informatioun sëllech interaktiv Statiounen. Multimediaanimatiounen an der Serie vun de Stadmodellen lackert de Rondgang op. Netz ze vergiessen datt de Musée een Besicherleitsystem kritt dat fir eng besser Orientéierung an de Gebaier, wou nieft der Dauerausstellung och Sonnerausstellunge gewise ginn, erméiglecht.

Ofschléissend muss dann nach higewisen ginn datt weider Aarbechten ustinn, mee vu dat fir dësen Deel de Budget nach muss am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gestëmmt ginn, wëlle mer do nach net an den Detail goen. Just esouvill: et wäert nees eng Buvette oder ee Bistro agegliddert ginn, natierlech geleeën am Haff vu wou et eng vun deene schéinsten Aussiichte gëtt. Dann wuel och ee klengen Konferenzraum, natierlech Büroen an nach dat eent oder dat anert. Loosse mer awer emol d‘Decisioun vum Gemengerot ofwaarden iert mer nach eppes ze vill verroden.

Next post Previous post