Search

You may also like

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg
Neiegkeeten Stories

Viru 50 Joer: De Krich vu sechs Deeg

No engem Joerzéngt vu relativem Fridden am Noen-Osten huet et

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand
Neiegkeeten Stories

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen
Neiegkeeten Stories

Frankräich wëll eng Reform vun der SNCF duerchsetzen

Déi franséisch Regierung muss sech haut enger héich sensibeler Reform

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

De Lëtzebuerger Hunnegbéier

Wann den Hunnegbéier elo net direkt eng „Nouveautéit“ ass, esou muss een d‘Aen awer scho gutt op hunn, fir dësem ze begéinen. Mam Béier-Adventskalenner ass een do däitlech am Virdeel, woubäi en ass op Lëtzshop och géint Geld erhältlech. Ënnert der Bezeechnung „De Beiefritz“ gëtt de Lëtzebuerger Hunnegbéier zu Déifferdeng bei „Good Beer Makes Good People“ gebraut.

Fir dëst besonnescht „Eppes“ brauch et vill Fangerspëtzegefill an déi richteg Ingredienten. Et ass mat héichwäertegem Malz an Huewerflacke geschafft ginn, an natierlech dem beschten Hunneg deen de Beiefritz vu senge fläissege Mataarbechterinne geliwwert kritt. De Beiefritz ass eng jonk Lëtzebuerger Entreprise déi 2015 zu Bus gegrënnt gouf an haut hire Sëtz zu Mutfert huet.

An wann et wéi hei och ëm de genoss vun engem exzellente Béier geet, esou gëtt gläichzäiteg grousse Wäert op de wiesensgméissen Ëmgang mat de Beie geluecht. Nohalteg an naturgetrei recoltéiert de Beiefritz den Hunneg. D‘Bei an den Ëmweltschutz hunn ëmmer Virrang. Dat mécht Sënn ugesiichts der Kenntnis wéi wichteg d‘Beie fir eisen Ekosystem an d‘Planzewelt ass.

Hunnegbéier

Hannert dem Beiefritz steet de Yannick Kihm, dat wichtegst sinn him d‘Beien, dann dat wat si bereet sinn him ze „liwweren“ fir datt mir dëse lecker Béierche genéissen kënnen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Elo kann een duerchaus skeptesch sinn – an et soll een zuweilen och d‘Saachen hannerfroen – firwat de Beiefritz dem Konsument eng besonnesch Transparenz mam „Hunnegtracking“ ubitt. Domatter ass et méiglech den Hunneg bis zum Beiestand ze verfollegen. An esou huet een hei sécher emol Béier, awer och esou eppes wéi „Verantwortung“ an der Fläsch. Do bass de baff…

Mat dësem gëlle glänzende Genoss, dee mat 5,7% Alkoholgehalt awer nach sëffeg a virun allem immens erfrëschend ass, huet een d‘Bréck vum verantwortleche Konsument zum gesellege Krees geschloen. De Lëtzebuerger Hunnegbéier sollt ee mat enger Betribstemperatur vun 10°C genéissen. Hie bitt sech dann och iwwer Dësch un, am léifsten zu engem gehäerzte vegetaresche Plat.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Beiefritz, Béieradventskalenner, Hunnegbéier, La Punta
Next post Previous post