Search

You may also like

money
EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen
International Neiegkeeten

EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen

Well d‘US-Regierung de Fligerkonstrukteur Boeing massiv subventionéiert huet, dierf d‘Unioun

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer
International Neiegkeeten

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

Et ass elo offiziell. „LGX – Luxembourg Gaming Experience“ bereet

Belsch: Virsiichteg Lackerungen
International Neiegkeeten

Belsch: Virsiichteg Lackerungen

Och eis belsch Nopere kréien ab muer Méindeg nees eppes

De Libanon um Wee an den Ofgrond

Nei Protester, nei Gewalt… an dobäi huet déi wierklech Kris mat senge Konflikter nach guer net ugefaangen

De Libanon um Wee an den Ofgrond

Et war nees en hëtzege Weekend am Libanon. Honnerte Mënschen si bei de regierungskritesche Protester verletzt ginn. Op de Stroossen vu Beirut war et besonnesch hefteg: d‘Police huet bei de gewaltsamen Ausenanersetzungen Tréinegas a Gummiskugelen agesat nodeems d‘Demonstrante versicht haten an d‘Parlamentsgebai anzedréngen.

Laut dem libanesesche roude Kräiz waren et e Samschdeg eng 200, e Sonndeg nach bis zu 150 Demonstranten déi bei de Konfrontatioune blesséiert goufen. D‘Demonstranten hu mat Steng op d‘Asazkräfte gehäit, an déi hunn Tréinegas a Gummiskugelen agesat. De Mouvement, deen emol friddlech ugefaangen hat, schléit a Gewalt ëm, well d‘Leit d‘Gefill hunn ignoréiert ze ginn.

Libanon

…ouni Kommentar © Yasmine (via twitter)

An et sinn och déi „aarm“ an déi wou wéineg ze verléieren hätten déi hei hirer Misär Loft géife maachen. Nee et ass déi sougenannt Mëttelschicht, déi Leit deenen et bis ewell gutt gaangen ass, sech importéiert Wuere leeschte konnt an elo haart vum Währungsverfall ze knaen hunn. Zudeem ginn d‘Brout an d‘Medikamenter bal deeglech méi deier an et ass eréischt den Ufank vun der Kris.

Protestéiert gëtt zanter Mëtt Oktober an de Ministerpresident Saad Hariri huet an der Folleg säi Mandat zur Verfügung gestallt. Zanterhier huet d‘Land keng Regierung méi an d‘Protester, déi bäibehale goufen, hu mëttlerweil eng politesch a wirtschaftlech Kris ausgeléist. Dat huet d‘Land zanter dem Enn vum Biergerkrich virun 30 Joer esou net méi erlieft an d‘Zukunft ass ongewëss.

Et geet ëmmer ëm de Goss

D‘Staatsverscholdung ass 2019 op 150% vum BIP geklommen, Vertrauen a Banke gëtt et keent an déi libanesesch Zentralbank, déi sech bei de Privatbanke Geld geléint, steet mat erofgeloossener Box do. Banken déi de Libanesen am Ausland héich Zënsen op de Spuerbicher (bis zu 10%) versprach haten. E Modell vun deem gewosst war, datt dësen net op Dauer funktionéiere kéint.

Libanon

Och esou definéiert sech d‘Angscht virun enger Zukunft ouni Perspektiven. © Sophia (via Twitter)

Mat der politesche Kris huet sech de Problem verstäerkt a kee weess wéini déi éischt Bank faillite mécht. Mee et wäert zu faillite kommen an da muss d‘Zentralbank en decke Batz „ofschreiwen“. An et gëtt scho Virzeechen, déi drop hindéiten, datt et esouwuel déi nächst Woch, wéi méiglecherweis eréischt an 3 Méint, zum Staatsbankrott kënnt. An dat sinn net eleng déi vill Entloossungen…

Déi éischt Supermarchéeën hunn ugekënnegt zouzemaachen an de gréissten Internetprovider aus dem Land wëll den Déngscht astellen, falls de Kurs vum US-Dollar net stabiliséiert gëtt. Zudeem muss gewosst sinn, datt de Libanon haaptsächlech vun der Landwirtschaft lieft. Produzéiert gëtt éischter wéineg an déi libanesesch Wirtschaft baséiert um Handel an den Déngschtleeschtungen.

D‘Hezbollah gewënnt un Afloss

Elo ass et deem mat der Regierungsbildung beoptraagten Universitéitsprofesser Hassan Diab nach net gelongen, e Kabinett zesummenzestellen. Hie wëll eng Regierung vun Technokraten, wat vun de bestoende Fraktioune kontestéiert gëtt. Dank dem Proporzsystem hu bis ewell all d‘Parteien ëmmer mat profitéiert, datt all reliéis Sensibilitéit seng garantéiert Plaz am libanesesche Parlament hat.

Libanon

De friddleche Protest stéisst u seng Grenzen, Anarchie mécht sech breet an d‘Geld verléiert säi Wäert. De Libanon um Wee an den Ofgrond, ass fir déi souwisou prekär Situatioun am Noen Osten, eng weider Gefor fir de Weltfridden. © Occasus

Ob Drusesch, Maronitesch, griichesch orthodox, sunnitesch oder schiitesch, jiddereen huet seng Parlamentssëtzer kritt. Interessant bei dëser reliéis motivéierter Politik: et gesäit aus wéi wa sech jidderee géif beméien, sech déi schéinste Plaz um Sonnendeck vun engem Croisièresschëff ze sécheren, dat am Begrëff ass ënnerzegoen. Woubäi se sech all gläichen awer net gläich Domm sinn.

De Widderstand géint eng „Technokrateregierung“ ass awer och doduerch begrënnt, datt eng Regierung vun „Experten“ verschidde korrupt Fraktiounen a Gefor brénge kann, déi sech op Käschte vum Land a senger Bevëlkerung massiv beräichert hunn. An dovunner, esou gesäit et elo aus, profitéiert déi schiitesch Hezbollah, déi politesch a finanziell vum Iran gestäipt gëtt.

mat indymedia/tlv

Foto: De libanesesche Mëttelstand prouft den Opstand. Profitéieren deet dovunner den Ament déi schiitesch Hezbollah. Hei bréicht et och dréngend eng politesch Léisung. © Sophia (via Twitter)

bz: …ouni Kommentar © Yasmine (via twitter)

Related topics Beirut, Hezbollah, Inflatioun, Libanon, Protest, Technokrateregierung, Wirtschaftskris
Next post Previous post