Search

You may also like

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!
Neiegkeeten

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!

Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei
Neiegkeeten

De Minister Romain Schneider op Besuch an der Tierkei

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt
Neiegkeeten

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt

[onionbuzz quiz-id=200][/onionbuzz] Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden

De Logementsminister versteet et Interessen ze vertrieden

Fir den Henri Kox (déi gréng) dee stänneg vu groussen Erausfuerderungen an nach gréissere, well noutwenneg, Mesure schwätzt, hat en Dënschdeg d‘Fuerderung vun déi lénk, fir d‘Dauer vun der Kris (och där wirtschaftlecher) d‘Loyeren anzefréieren an endlech esou eppes wéi eng „Kontroll“ anzeféieren als „irrecevabel“ erkläert. Gëschter gouf et aus der Defensiv eppes Erklärungen…

Hien huet dann och drun erënnert – d‘Leit vergiessen esou Saache jo immens séier – datt d‘Kris am Logement laang virun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus-Covid19, d‘Land am Grëff gehalen huet. Eng Mesure fir deem ze begéinen, ass de Spezialfong zur Ënnerstëtzung vum Logement, deen den 1. Abrëll a Kraaft getrueden ass, mee anscheinend net bemierkt ginn ass.

Et ass och ëm déi sakrosankt Transparenz géintiwwer der Chamber gaangen. All Joers wäert hien der Chamber e Beriicht zum Fonctionnement an den Ausgabe vun dëser Geldbéchs, wéi natierlech och de pluriannuelle Programm a punkto Planung a Realisatioun vun de grousse Bauprojete fir Wunnraum ze schafen, virstellen. An do gëtt et een Interessante Punkt, deen ervirzehiewen ass.

Dëse Spezialfong huet och den Optrag (?) Terrainen opzekafen, an déi industriell Frichen ze sanéieren déi zu Bauterraine fir de Logement genotzt ginn. Dat heescht, datt de grénge Minister, anscheinend net de Prinzip vum „Polleur = Payeur“ als unwennungsfäeg betruecht an de Steierzueler heifir opkomme muss. Kléngt net gutt an d‘Ausso déi follegt mécht et net besser.

„De Staatsdefizit ass schonn enorm an dofir muss dee proaktiv reagéieren“, esou de Politiker dee vill Versteesdemech fir d‘Groussgrondbesëtzer huet. Zumindest ass hien awer och nach der Usiicht, datt et „no der Kris“ (also iergendwann an der Zukunft) primordial ass, geziilt de Wunnengsbau virunzedreiwen. Hei prioritär den ëffentlechen, nohaltegen a bezuelbare Logement.

An dësem Kontext, a well et schéngt wéi wann ee plëtzlech festgestallt wëll hunn, datt nëmmen nach 10% vum Buedemkapital (Foncier) an ëffentlecher Hand ass, hätt ee sech elo d‘Reegel ginn, keen Terrain méi a Privatbesëtz ze iwwerdroen. Ob dat och fir Industrieprojeten – wéi de Google Datenzenter zu Biissen – gëllt, geet aus sengem Virtrag net ervir. Me gutt ass jo och net Logement.

Ëm de Volet „Acquisitioun“ këmmert sech ee „Comité“ zu deem et och keng Detailer gëtt. Et wëll een et mat der Transparenz wuel net iwwerdreiwen. Dofir awer de wichtege Message un d‘Besëtzer vu Grond a Buedem, datt wa si hir Terrainen dem Staat oder enger Gemeng iwwerloossen, si keng Steieren op d‘Plus-value bezuele mussen – déi leie fir gewéinlech tëscht 21 an 42%.

Ofschléissend goufen nach eng ganz Rëtsch Projeten ernimmt an deels virgestallt. Vu datt do nach net wierklech vill Konkretes virläit, wäert een hei zum richtegen Zäitpunkt nach emol mussen drop zréckkommen. Zu enger Deckelung vum Loyer, egal a wéi enger Form, oder wéi hie gedenkt déi ongeheierlech Präisdeierecht am Logement an de Grëff ze kréie gouf näischt Konkretes gesot.

Illustratioun: © Blake Wheeler / unsplash

Related topics Herni Kox, Logement, Logementskris, Logementsminister
Next post Previous post