Search

You may also like

Tennis: D’Victoire vum Gilles Muller géint de Rafael Nadal
Neiegkeeten

Tennis: D’Victoire vum Gilles Muller géint de Rafael Nadal

Am Joer 2017 huet de Gilles Muller déi gréisste Leeschtung

money
Lëtzebuerger investéiere massiv an „nei Technologien
Neiegkeeten

Lëtzebuerger investéiere massiv an „nei Technologien

Well de Confinement vill Salariéeën aus den administrative Beruffer an

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise
Neiegkeeten

Elo ersetzen zwee Covid19-Gesetzer den Etat de Krise

Fir datt no der Beendegung vum Etat de Kris net

De Mars di Bartolomeo Kritt d‘Joresversammlung vun der OSZE op Lëtzebuerg

De Mars di Bartolomeo Kritt d‘Joresversammlung vun der OSZE op Lëtzebuerg

Als President vun der lëtzebuergescher Delegatioun, huet de Chamberpresident Mars di Bartolomeo un der 27. Sëtzung vun der parlamentarescher Assemblée vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (AP-OSZE) deelgeholl. Hei huet hien d‘Parlamentarier agelueden, déi 28. Sëtzung op Lëtzebuerg ze kommen.

40 Joer no der éischter Sëtzung vum Europaparlament, kann 2019 den historesche Plenarsall um Kierchbierg, och eng aner grouss international Assemblée begréissen. Et steet ewell fest, datt déi 28. Sëtzung vun der parlamentarescher Assemblée vun der OSZE, vun eiser Chamber organiséiert gëtt, dat vum 5. bis de 9. Juli 2019. Dofir huet sech de Chamberpresident Mars di Bartolomeo agesat.

Et war dann och am Kader vun der 27. Sëtzung, déi zu Berlin am Bundestag stattfonnt huet, wou de Mars di Bartolomeo de ronn 300 Parlamentarier aus 57 Länner (Europa, Asien an Nordamerika) ganz offiziell d‘Aluedung ausgeschwat huet. Eng Invitatioun déi allgemeng gutt opgeholl a virun allem ugeholl ginn ass.

Eis „Wäerter“ musse verdeedegt ginn

„Innerhalb der OSZE wësse mir, datt déi Wäerter déi mir zanter Joerzéngte verdeedegen, et verdéngt hunn héich gehalen ze ginn: d‘Sécherheet, d‘Fräiheeten, d‘Demokratie, d‘Justiz, d‘Onofhängegkeet, d‘Diversitéit, d‘Solidaritéit, déi international Zesummenaarbecht an d‘Mënscherechter“, esou de Constat vum Chamberpresident.

An un d‘Adress vun de Parlamentarier füügt de Mars di Bartolomeo bäi: „Am Juli 2019 wäert dir entdecken, datt d‘Awunner vu Lëtzebuerg dës Wäerter am Alldag liewen“.

Déi parlamentaresch Assemblée vun der OSZE gräift an bei der Preventioun an der Léisung vu Konflikter an der Stäerkung vun den demokrateschen Institutioune vun den OSZE-Memberstaaten. D‘Organisatioun ass bekannt fir seng Observatiounsmissioune bei Walen a säi rezent Engagement fir de Fridden an der Ukrain.

Foto: De Chamberpresident Mars di Bartolomeo (r) mam LSAP-President Claude Haagen (l) an dem Josée Lorsché vun der Fraktioun déi gréng bei der 27. Sëtzung vun der parlamentarescher Assemblée vun der OSZE, am Bundestag zu Berlin. © Chambre des Deputés

Related topics Chamber, Claude Haagen, Josée Lorsché, Mars di Bartolomeo, OSZE
Next post Previous post