Search

You may also like

money
Gudden zweeten Trimester fir d‘Versécherungen
International Neiegkeeten

Gudden zweeten Trimester fir d‘Versécherungen

No engem villverspriechende Joresufank, huet de Wuesstem um Versécherungssecteur am

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
International Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

D‘Fauscht an der Täsch
International Neiegkeeten

D‘Fauscht an der Täsch

Wéi d‘Maniff an de sozialen Netzwierker ugekënnegt gi war, hätt

4 Froen un d’Sea-Watch

4 Froen un d’Sea-Watch

De Matt ass Matrous u Bord. Hien hëlleft d’Schëff vun der ONG Sea-Watch an der Rei ze halen a mécht däitlech, firwat Är Ënnerstëtzung genausou wichteg ass.

Wéi gesäit en Dag u Bord aus?

Moies treffe mir eis, fir e Plang fir den Dag ze maachen. Ugefaange beim Botze vum Schëff, geet et weider mat allgemenge Waardungsaarbechten un Deck. All Dag gi mir eis Bescht, fir sécherzestellen, datt d’Schëff am beschten Zoustand ass, fir datt et esou séier wéi méiglech zeréck an den Asaz kann.

Wéi fillt et sech un am Hafe festzesetzen, aplaz an engem Asaz ze sinn?

D’Grënn fir dës Blockade sinn absurd. Keen Handelsschëff géing aus dëse Grënn festgehale ginn. Mä mir sëtzen awer hei fest. Wat mir hei maachen, sollt an éischter Linn net eis Aufgab sinn, mee déi vun de Staaten. An elo probéieren si eis drun ze hënneren.

Firwat brauche mir zivil Sich- a Rettungsmissiounen?

An enger besserer Welt sollte mir se guer net brauchen. Mee well déi europäesch Staaten d’Rettungsmissiounen am zentrale Mëttelmier agestallt hunn, hu mir missen handelen. Mir wäerte weider maachen, well Mënschen erdrénke loossen, wäert nimools eng Optioun sinn. Wann d’Staaten et net maachen, maachen et eben Zivilgesellschaften. Fir mech als Matrous ass et ondenkbar, Mënschen a Séinout net ze hëllefen.

Wat wëlls du den Ënnerstëtzer*inne soen?

Är Ënner Deel vun engem Kampf fir Gläichberechtegung. Mir kënnen zesummen dofir suergen, datt d’Festung Europa Stéck fir Stéck hir Mauere futti rappt.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Asylpolitik, Humanitéit, Mëttelmier, Migratioun, Sea-Watch, Séinoutrettung, Solidaritéit
Next post Previous post