Search

You may also like

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin
Money Neiegkeeten Stories

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin

Dräi Deeg viru senger Kréinung, huet den thailännesche Monarch Vajiralongkorn

Grenziwwerschreidend Regierungskritik
Money Neiegkeeten Stories

Grenziwwerschreidend Regierungskritik

Nodeems d‘Gesondheetsministesch nees an de Fokus vun der Kritik säitens

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
Money Neiegkeeten Stories

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

money

De Mindestloun ass sécher

Egal wie vun der Mesure „partielle Chômage“ betraff ass, et gëtt op mannst 2.141,99 de Mount

De Mindestloun ass sécher

Et soll keen an dëse schwieregen Zäiten déi eis d‘Land duerchlieft sech eleng gelooss fillen, an d‘Regierung ergräift stänneg nei Mesuren, fir dëser Ausso gerecht ze ginn. Bis ewell, wann een ofgesäit, datt den Ament just d‘Justiz eppes ënnert d‘Rieder komm ass, klappt den Ëmgang mam Coronavirus ganz gutt, och medezinesch oder beim Zivilschutz ass alles gutt virbereet ginn.

Dat eleng geet leider net wierklech duer fir de Leit, och déi unhänglech Suergen aus de Käpp ze verdreiwen. Eng vun dëse Suerge betrëfft d‘Akommes an d‘Rechnungen déi domadder bezuelt musse ginn. Elo huet den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), via Livestream, eng Rei Erklärungen dozou ofginn. D‘Gewerkschaften hätten awer vill Bauchwéi gehat matzemaachen…

Esou huet d‘Tripartite, also Regierung, Patronat a Gewerkschaften, sech trotz gewerkschaftleche Bedenken, op eng gemeinsam Linn verstännegt, fir de wirtschaftlechen Impakt, vun dëser eemoleger sanitärer Kris (zumindest zanter der spuenescher Gripp 1918) besser ofzefiederen. Dozou gehéiert de partielle Chômage, op deen sech all d‘Acteure voll a ganz accordéiert hunn.

Woubäi d‘Gewerkschaften – wéi och d‘Kommunistesch Partei – vun Ufank un vun der Regierung gefuerdert hunn, d‘Salairen zu 100% ze iwwerhuelen. Dat awer gesi Regierung a Patronat eppes differenzéiert, firwat et mat 80% muss gedoe sinn. Zudeem huet den Dan Kersch däitlech gemaach, datt ee sech séier am klore war, datt een hei de Budget vum Aarbechtsfong géi iwwerlaaschten.

Schwaarz op Wäiss

Um Freideg dann ass eng Garantie aktéiert ginn, mat där séchergestallt ass, datt keen ënnert de Mindestloun vun 2.144,99 Euro fält. An dat geet esou: de Statt iwwerhëlt nach ëmmer déi 80%, d‘Differenz zum volle Mindestloun geet dann zu Laaschte vum Aarbechtsfong, dat awer mat der Bedeelegung vum Patronat, deen 13,5% vun de Soziallaaschten iwwerhëlt. Kléngt vernënfteg.

Vun dëser Mesure sinn also all déi Leit betraff, déi 2.677 Euro Brutto fir hir Aarbechtsleeschtung erhalen. De Maximalbetrag deen d‘Regierung am Kontext vum partielle Chômage bezilt, ass op 5.362,48 Euro fixéiert ginn. De Minister stellt dozou fest: „Et ass dat net nëmmen eng ekonomesch Hëllef fir d‘Kafkraaft vun de Mënschen ze erhalen, mee och eng sozial Moossnam“.

Et versteet sech awer och, datt et fir all déi Entreprisen a Betriber, déi de partielle Chômage ugefrot hunn, net a Fro komme ka Leit ze entloossen. Op der ADEM gëtt een den Ament den Demanden net méi Meeschter. Laut dem Dan Kersch haten op e Freideg, ronn 7.000 Entreprisen a Betriber hir Demande agereecht. Et wiere vill Dossieren traitéiert ginn an et géif ganz engagéiert geschafft.

Eppes zu den Zuelen

Fir déi Entreprisen a Betriber wou nach keng Demande gemaach sollten hunn, gëtt et ee neie Formulaire, deen op guichet.lu erofgeluede ka ginn. Ugesiichts dem Fait datt d‘Beamte vun der ADEM eppes iwwerlaascht sinn, ass et schwiereg empiresch Zuele virzeleeën, mee de Minister Dan Kersch brauch seng Experten net fir him ze erklären, wéi et um Terrain ausgesäit.

Mat eleng 15.000 Geschäfter, déi net essentiell fir de wirtschaftleche Fonctionnement sinn an hir Aktivitéiten hu missen opgrond de bekannte Moossnamen aussetzen, sinn eng 105.000 Salariéeën aus dem Eenzelhandel betraff. Déi grouss industriell Standuerter (Good Year, ArcelorMittal) lafe mam minimaalsten Effektiv… Alles an allem dierft een net wäit ewech vun 200.000 leien.

Schlecht Noriichten awer gëtt et op en Neits, fir déi, wou scho soss net wierklech gutt ewech kommen: dat betrëfft d‘Botzfraen déi a private Menagen hir Aarbechtsleeschtung erbréngen. De partielle Chômage kann hei net ugewannt ginn, seet den Aarbechtsminister, deen ënnersträicht, datt et sech heibäi net ëm de politesche Wëllen handelt mee et schlicht juristesch net méiglech ass.

Den Dan Kersch huet awer och betount, datt dat keng zefriddestellend Situatioun duerstellt an hien an dësem Kontext mat sengem Kolleg a Sozialminister Romain Schneider (LSAP) op der Sich no enger Léisung ass. Wéi gesot, d‘Regierung ass staark drop beduecht, datt keen zu Lëtzebuerg (hei ginn d‘Grenzgänger natierlech ageschloss) wéinst der sanitärer Kris an en déift Lach fält.

Schwiereg Zäite fir d‘Gewerkschaften

Datt d‘Ëmstänn all eenzelen ënnert eis virun ni do gewieschten Erausfuerderunge stellt, an et gewëssermoossen onëmgänglech ass, datt Affer mussen erbruecht ginn, dat kann a soll net verhënneren, datt d‘Gewerkschafte mat Argusaen dës ganz Mesuren déi den Aarbechtssecteur betreffen, begleeden. A Verschiddenes an dësem Beräich bereet hinnen zolidd Kappzerbrieches.

Esou huet d‘Regierung beschloss e puer Artikel aus dem Aarbechtsrecht a Klammeren ze setzen. Onbestreitbar noutwenneg fir all déi Entitéiten, déi essentiell Déngschter erbrénge mussen. Dat gëllt awer selbstverständlech nëmmen esou laang wéi déi sanitär Kris. Et kann also bis zu 12 Stonnen den Dag oder 60 Stonnen an der Woch geschafft ginn. Wichteg fir d‘Gesondheetsdéngschter.

Woubäi datt keng Entreprise oder Verwaltung op eegen Initiativ entscheet. Wann dës Iwwerstonnen noutwenneg erschéngen, muss et eng detailléiert Demande ginn, déi vun der Personaldelegatioun gestëtzt ass, iert den Aarbechtsministère dat autoriséiert. Sollt et Gejäiz ginn, wëll sech de Minister mat de Gewerkschaften zesummesetzen, fir an enger konstruktiver Entrevue de Konsens ze fannen.

Heizou huet den OGBL mëttels Communiqué wësse gelooss, datt een natierlech fir déi duerch de Coronavirus ausgeléiste Verstees-de-Mech fir d‘Urgence an d‘Ausmooss vun de Moossnamen. Et gëtt begréisst, datt d‘Entrevue konstruktiv verlaf sinn an de Mindestloun geséchert ass. Et wier bei den Iwwerstonne besser gewiescht, wann dat iwwert Upassungen an de Kollektivverträg gelaf wier.

Illustratioun: Markus Schwedt / Pixabay

Related topics Aarbechtsminister, ADEM, Dan Kersch, Ekonomie, Mindestloun, Sanitär Kris
Next post Previous post