Search

You may also like

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft
Kultur Neiegkeeten

Maria Kolesnikowa vum Grenzschutz verhaft

Zanter dem Méindeg 7. September gouf déi 38 järeg Oppositiounspolitikerin

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid
Kultur Neiegkeeten

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch

Problematesch EU-Osterweiderung
Kultur Neiegkeeten

Problematesch EU-Osterweiderung

Zu Bréissel, wou Technokraten an dubiéis Beamten sech dagdeeglech fir

De Minettpark start seng Saison

De Minettpark start seng Saison

Et fänkt un méi agreabel dobaussen ze ginn an esou wéi d‘Natur erwächt, zitt et och d‘Frënn vun der Natur an de Fräizäitaktivitéite virun d‘Dier. Leider ass nach ëmmer d‘Covid19-Pandemie net iwwerwonnen, mee eng Rei Saache sinn dann awer scho méiglech.

Fir ee Sonndeg 2. Mee ass jiddefalls d‘Reouverture vun den Aktivitéiten am Minettpark geplangt, an esou wäert et och stattfannen. Den „Train 1900“, d‘Minièresbunn an d‘Draisinen ginn nees un d‘Wierk. Op ass all Sonndeg (bis zum leschte Sonndeg am September) an all Feierdag. Et heescht esouguer, datt et eng ganz Rei Neiegkeeten huet. Mir hunn do eng Anung, hätten awer léiwer dir géift iech op der Plaz ëmkucken. Zudeem ass et genial Flott an d‘Butze kréien es net genuch…

Wéi schon ugedeit an wéi dat jo wuel och alle bekannt ass, de Misär mat de Restriktioune wéinst der Covid19-Pandemie hält un. Dat bréngt, wéi de Fransous géif soen, ee puer „Difficultéite“ mat sech, mee si hunn sech virbereet. Iwwersat heescht dat, datt d‘Organisateure vill Evenementer mat variabelen Themen, fir ee begrenzte Public geplangt hunn. Eng Noutwennegkeet, déi vun de villen Oplagen imposéiert gëtt. Jo och wa villes am Fräie geschitt, d‘Gest Barrière mussen agehale ginn.

Ofschléissend nach en Tipp fir d‘Sportler ënnert de Lieser. Am Juli an am August, sinn eng Rei Evenementer virgesinn, déi zumindest eis emol d‘Zong laang gemaach hunn. Et ass folgerichteg kee Feeler, sech um Courant ze halen. Dat geet am einfachsten andeems ee reegelméisseg déi flott opgebauten Internetsäit vum Minettpark besiche geet. Hei kritt een dann och all d‘Informatiounen, zu de geplangten Ausstellungen, Aktivitéiten am Bësch an/oder Liesunge fir eis Krapperten.

Illustratioun: © Douwe Brouwer / unsplash

Related topics Draisinen, Lasauvage, Minettpark, Minièresbunn, Tourismus, Train 1900
Next post Previous post