Search

You may also like

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Ab der Rentrée 2021/2022: Bachelor am musikaleschen Enseignement zu Lëtzebuerg

Ronn 18.000 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener besichen aktuell zu Lëtzebuerg

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?
International Neiegkeeten

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?

Datt een den Informatiounen am Netz net blannemännerches soll gleewen,

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!
International Neiegkeeten

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!

[onionbuzz quiz-id=95][/onionbuzz] Mir hunn vill komesch Wierder entdeckt, wou mer

De Mound als Tëschenetapp

Weltraumressourcen: Lëtzebuerg dreemt dovunner, China mécht einfach

De Mound als Tëschenetapp

Viru ronn 40 Joer goufe fir d‘Lescht Steng vum Mound op d‘Äerd bruecht. Eng ëmständlech an och opwenneg Operatioun. China wëll sech dëser Erausfuerderung unhuelen, a wëll sech och ee puer Buedemprouwen a Steng op den Äerdtrabant siche goen. Den eigentlechen Zweck ass en aneren: dës Weltraummissioun gëllt als Test fir spéider Mars-Missiounen.

China huet eng onbemannte Weltraumkapsel a Richtung Mound geschoss. Bei dëser Missioun solle fir déi éischt Kéier zanter véier Joerzéngten nees Gestengsprouwen agesammelt ginn. D‘Rakéit vum Typ „Laange Marsch 5“ ass um Dënschdegmueren zu Wenchang (op der Insel Hainan) mat sengem no der Moundgëttin „Chang‘e“ benannte Raumschëff an den Himmel geschoss ginn.

Sollt de Chinesen hir Missioun elo erfollegräich sinn, wieren d‘Asiaten no den Amerikaner an de Russen déi drëtt Natioun, déi Gestengs- a Buedemprouwe vum Mound op d‘Äerd befërdert hätten. Laut „Mission-Control“ soll d‘Raumschëff Chang‘e am, nom däitschen Astronom Karl Rümker benannte Vulkangebitt landen. Dëse Standuert ass am „Ozean vun de Stierm“ geleeën.

D‘Missioun selwer, gëtt als besonnesch opwenneg an entspriechend komplizéiert beschriwwen. Et gëllt um Mound ze Landen, d‘Prouwen anzesammelen, da vum Mound ofhiewen a sech nees un d‘Raumschëff am Orbit ukoppelen, iert et dann nees Richtung Äerd goe kann. Bei all dëse Schrëtt kann et zu fatale Feeler kommen, mee d‘Chinese ginn sech ganz zouversiichtlech.

Elo kënnt erschwéierend derbäi, datt et fir dat Ganzt gëtt et eng zimmlech kleng Zäitfënster gëtt. Et ass nämlech esou, datt d‘Landemodul net ka gehëtzt ginn an den äiskale Moundnuechten net gewuess ass. Méi wéi ee „Mounddag“ (entsprécht ongeféier 14 Äerdendeeg) kann d‘Modul also net op der Mounduewerfläch verweilen. Wéi ee gesäit, et ass en Challenge mat ville Facetten.

Méi Erkenntnisser gewannen

D‘Raumschëff a senger ganzer Pracht, besteet aus véier Modullen. Dat sinn den Orbiter mat der Kapsel fir de Réckfluch; an de Lander mat der Opstig -Eenheet. Esou wéi et erkläert gouf, soll de Lander, wann dëse bis op der Mounduewerfläch opgesat huet, mat engem laangen Aarm ronn zwee Kilo Gestengs, wéi och Buerprouwen zesummendroen. Et ass fir ausräichend Plaz gesuergt ginn.

Zil vun dëser Missioun ass et – ausser natierlech dem politeschen Erfolleg – nei Erkenntnisser zur vulkanescher Aktivitéit an der geologescher Geschicht vum Mound ze gewannen. Zwee Kilo Gestengs an eppes Buerprouwe klénge wéineg, wann ee bedenkt datt d‘Apollo-Missioune vun der NASA 380 Kilo „Mound“ gesammelt haten. D‘Russen allerdéngs kommen op 300 Gramm…

Sollt de Chinesen hir Missioun erfollegräich verlafen, da wier dat net nëmmen ee grousse Schratt no vir, mee et kéint de Wee fräi maache fir eng éischte bemannte Missioun. Et ass zudeem net déi éischt Missioun, déi chinesesch Moundgëttin Chang‘e war schonn als „Kapsel“ zweemol do uewen an 2014 war den éischten „Aller-retour“ absolvéiert ginn. Elo solle Prouwe geholl ginn.

Ass dann elo dës Missioun erfollegräich, kënne d‘Chinese weider um Ausbau vun hirem Programm schaffen. D‘Ambitioune vun der kommunistescher Partei: regulär Missiounen zum Mound, bau vun enger Raumstatioun an den Opbau vu Mars-Missiounen. Dat setzt d‘Amerikaner ënner Drock, déi jo bekanntlech eng Rei Uspréch stellen, bezunn op de Mound an de Weltraum.

Interessant, Lëtzebuerg spillt och mat deene grousse mat, ass dofir eng Rei Partenariater mat den USA agaangen. Dem Etienne Schneider säi Grëff no Stären, mécht wuel eng Raumfuerernatioun aus Lëtzebuerg, mee et sollt een déi militäresch Komponent net aus den Ae verléiere. Zudeem ass nach ëmmer net gewosst, wéi ee sech d‘Weltraumressource kann zu Notze maachen.

mat indymedia/fla/tpe

Foto: © Neven Krcmarek / unsplash

Related topics Chang‘e, China, Gestengsprouwen, Mars, Mound, Weltraum, Weltraumressourcen
Next post Previous post