Search

You may also like

Israel wëll sech vergréisseren
International Neiegkeeten

Israel wëll sech vergréisseren

Wéi soll déi europäesch Unioun mat de Pläng vun der

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun
International Neiegkeeten

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival
International Neiegkeeten

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival

Vum 13. bis de 16. Mee, organiséiert de Kollektiv Stroossefotografie

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton

De nordkoreanesche Rakéite-Feuilleton

Op en Neits huet de südkoreaneschen Etat-Major vun der Arméi gemellt, datt de „Norden“ zwou net identifizéiert Rakéite vu senger Ostküst ofgeschoss huet. Si sinn an d‘Mier gefall a ware keng Gefor mee suerge fir weider Spannungen. Dat dierft och den eenzegen Zweck vum Manöver sinn.

RakéiteMat senge Rakéitentester erhéicht de Kim Jong-Un den Drock op d‘USA a seng Alliéiert an Asien. Et ass bei dësem „Test“ dovunner auszegoen, datt et sech hei ëm ballistesch Mëttelstreckerakéite gehandelt huet. Laut dem südkoreaneschen Etat-Major hätten dës Rakéiten eng Héicht vu 97 Kilometer erreecht a wieren no enger Fluchdistanz vun 380 Kilometer an d‘Mier gestierzt.

RakéiteOch d‘Japaner hunn den Ofschoss matkritt an déi japanesch Küstewaach huet eng Warnung un d‘Schëffer erausginn. Déi sollten sech vun am Mier dreiwenden Trëmmer ewech halen. Fir de japanesche Verdeedegungsminister Takeshi Iwaya handelt sech bei dësen „Tester“ ëm ee klore Verstouss géint UN-Resolutiounen, an dat dierft vun der Weltgemeinschaft net ignoréiert ginn.

RakéiteDen nationale Sécherheetsrot vu Südkorea ass vu Pyongyang enttäuscht a besuergt iwwer déi undauernd Provokatiounen. Schliisslech wieren d‘Militärmanöver mat den USA eriwwer, firwat Nordkorea sech nees kéint berouegen. De südkoreanesche Sécherheetsrot verlaangt diplomatesch Efforten. Nordkorea an d‘USA sollte méiglechst zäitno nees Verhandlungen ophuelen.

mat indymedia/sel/fuk

Foto: © Joseph Dempsey

Related topics Donald Trump, Militärmanöver, Nordkorea, Rakéiten, Südkorea, USA
Next post Previous post