Search

You may also like

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?
Neiegkeeten

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?

Doriwwer sinn déi Lénk an der Stad guer net frou:

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

[onionbuzz quiz-id=76][/onionbuzz]   Et ass d’Stad vum Stol a wuel

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020

Aus dem Bilan vun dee Santé geet ervir, datt, sech

D’DP trauert em de Paul Helminger

D’DP trauert em de Paul Helminger

Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an d’Stad Lëtzebuerg staark gepräägt huet. De Paul Helminger war e Politiker, dee Saache beweegt huet. E Mann, fir dee Moderniséierung kee Slogan war, ma eng Aufgab, fir déi hie sech mat Leif a Séil engagéiert huet: als Diplomat, als Chef de Cabinet, als Staatssekretär, als Deputéierten, als Stater Député-Maire an als Entreprener.

De Paul Helminger war weltgewandt a sengem Optrieden an ëmmer op fir nei Entwécklungen: am Liewen, an der Politik an an der Wirtschaft. Dem Paul Helminger ass et a senger Carrière ni em eng Ideologie gaangen, ma em d’Saach. Mat senger Dynamik a mat sengem Optimismus huet hien et ëmmer erëm fäerdegbruecht, d’Leit fir nei Projeten an nei Weeër ze begeeschteren. Als Buergermeeschter huet hien esou Déi Gréng eng éischte Kéier mat an d’Koalitioun um Knuedler geholl.

De gebiertegen Escher Jong huet Droit a Sciences Po studéiert an ass 1974 –no engem Ufank an der diplomatescher Carrière zu London –Chef de Cabinet vum Premier Gaston Thorn an der Regierung Thorn-Vouel/Berg (1974-1979) ginn.

An der nächster Regierung Werner-Thorn/Flesch (1979-1984) ass de Paul Helminger Staatssekretär am Ausseministère, an der Kooperatioun, dem Aussenhandel, der Ekonomie, dem Mëttelstand an an der Justiz ginn. Eng Zäit, déi nach ëmmer vun der Stolkris gezeechent war, an an där d’Land sech huet musse wirtschaftlech nei positionéieren. De Paul Helminger war bei en etleche Wirtschaftsmissiounen am Ausland dobäi, fir nei Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien.

Méi spéit ass de Paul Helminger Deputéierten an dono och Member vum Stater Gemengerot ginn. 1991 gëtt hie Schäffen um Knuedler an 1999 iwwerhëlt hien de Buergermeeschterstull vum Lydie Polfer, déi an d’Regierung Juncker-Polfer (1999-2004) wiesselt. Fir de Paul Helminger war d’Mandat als Buergermeeschter vun 1999-2011 seng schéinsten Zäit als Politiker.

Nom Enn vu senger politescher Carrière huet de Paul Helminger ë.a. nach eemol mat Brio Responsabilitéit un der Spëtzt vun der Luxair a vun der Cargolux iwwerholl.

D’DP trauert em ee vun hire brillianteste Käpp a schwätzt senger Famill a senge Frënn hiert éierlecht Bäileed aus.

Matgedeelt vun der Demokratescher Partei

Illustratioun: © Zero Take / unsplash

Related topics Demokratesch Partei, Paul Helminger, Politik, Wirtschaft
Next post Previous post