Search

You may also like

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg
Neiegkeeten

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg

Am Juli 2018hat den Daniel Reding seng Petitioun, fir de

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
Neiegkeeten

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
Neiegkeeten

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider,

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!

Neie Won zur Ënnerstëtzung vun der Wëssenschaftskultur

Naturwëssenschaften op véier Rieder: De PInS-Sciencemobil ass do!

PInS – dat steet fir “Projets Interactifs Scientifiques” – ass eng A.s.b.l., déi zanter zéng Joer Kanner a Jugendlechen Naturwëssenschaften an Technik méi no bréngt. Säit neistem ka si dat mat hirem PInS-Sciencemobil och op véier Rieder ëmsetzen.

Déi wëssenschaftlech Vereenegung PInS ass säit zéng Joer haaptsächlech um Terrain vu Schoulen a Betreiungsariichtungen aktiv, fir engem jonke Public e spillereschen an interaktiven Zougang zu Wëssenschaften ze erméiglechen.

Vun der Virwëtztut bei de PInS-Sciencemobil

Wou ganz am Ufank nach de Projet “Virwëtztut” stoung, wäert deemnächst dann de Sciencemobil zum Asaz kommen, mat deem PInS déi pädagogesch Fachkräfte – insbesonnesch an der Maison relais – bei der Fërderung vun der Wëssenschaftskultur ënnerstëtze wëll.

Fir dës nei Errongenschaft gouf e Liwwerwon de spezielle Besoinen no dank der Hëllef vun der Losch-Fondatioun ëmgebaut. Sou ass de Sciencemobil mat ënner anerem enger Stroumversuergung an enger Solarzell um Daach equipéiert. Et erweist sech sou als immens praktesch, sämtlech Material fir d’Experimenter op enger Plaz lageren ze kënnen. Des Weideren erméiglecht en Allraddriff den Asaz vum Sciencemobil an der Natur, schliisslech ass PInS och op ville Vakanzenaktivitéite präsent, wéi zum Beispill um Science Summer Splash.

Déi offiziell Iwwergab vum Sciencemobil “PInS on Wheels” fënnt e Freideg, den 21. Juni 2019 um 16:30 Auer am Forum Geesseknäppche statt.

An deem Sënn, loosst et rullen!

Related topics Fondation Losch, Naturwëssenschaften, PINS Asbl, PINS on wheels, Sciencemobil
Next post Previous post