Search

You may also like

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?
Neiegkeeten Stories

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?

Ass et schonn de Versuch méi Transparenz bei Justiz a

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten Stories

Covid19 Iwwersiicht

Et sinn ustrengend Zäiten, déi eis vun der sanitärer Kris

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!
Neiegkeeten Stories

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils no tschecheschem Lager-Virbild entwéckelt. Gebraut mat tschecheschem Happ a Malz, ass dëse wierklech leckere Pilsner aus der Erfarung eraus, an den Entdeckungen, déi de Joël Back zu Pilzen gemaach huet, entstanen.

Dëse Pils setzt sech kloer vum sougenannten „Industrie-Pils“ of. E läit gutt op der Zong an ass net ze „hopfeg“, firwat et e passend Gedrénks fir all Occasioun ass. Liicht, mat sengen 4,9%, ass de PLZNR vu Bare Brewing, weder ze batter nach ze vill aromatesch. D‘Geheimnis heiranner, kéint sinn, datt d‘Jonge vu Bare Brewing, de Béier ëmmer endvergäre loossen.

Gefalen dierft de Kenner vun artisanale Béierzorten, datt dëse Pils schéi fruuchteg eriwwerkënnt. Dat läit un den agesaten Happzorten „Kazbek“ an „Sooz“, déi gären ënnerschat ginn, an hei hir Wierkung am vollen Entfale kënnen. Reng technesch gesinn, ass et dann och e Béier deen zimlech bei all Plat eng gutt Begleedung ass. Bei Mielkniddele mat Speck zum Beispill, ass et e genoss.

PLZNR

A gudder Gesellschaft, oder just am „tête-à-tête“, mat engem PLZNR vun der Brauerei Bare Brewing, geet alles vill méi liicht vun der Hand. © Martine de Lagardère/moien.lu

Transparent bis hannert d‘Etikett

D‘Brauerei Bare Brewing gouf 2017 gegrënnt, woubäi schonn am Virfeld vun der Grënnung „e bëssi eppes gemaach ginn ass“, een déi gutt Iddi hat virzeschloen, datt iert elo jiddereen a sengem Eck minimal Quantitéite produzéiert, et e wiesentleche Virdeel ass, sech zesummenzedoen.

Si hunn sech operluecht, alles ganz transparent ze maachen, vun deem wat dran ass, bis zum Standuert, wou de Béier hiergestallt gëtt. Rezent hunn d‘Jongen zu Déifferdéng eng Hal fonnt, wou si sech hir kleng Brauerei ageriicht hunn. Et dierf ee verroden, datt et gutt leeft an ab dem nächste Joer hir ënnerschiddlech Zorten, mat Ausnam vum Pils, dann och do gebraut an ofgefëllt ginn.

Foto: De „PLZNR“ vu Bare Brewing, ass en echte Lager-Pils no tschecheschem Virbild. Et ass gutt bekëmmlech a bitt sech un fir all Geleeënheet. Bei Frënn an der Famill, ass ee mat dësem Béier op de gewonnener Säit. Probéiere lount sech. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Bare Brewing, Beier, Joël Back, Pilsner, PLZNR
Next post Previous post