Search

You may also like

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!
International Neiegkeeten

Du kucks vill Filmer a Serien? Da kenns du bestëmmt des Schauspiller!

[onionbuzz quiz-id=125][/onionbuzz] Op jonk, op al: jiddereen huet op mannst

An den Tunnelle gëtt geschafft
International Neiegkeeten

An den Tunnelle gëtt geschafft

An dëser Woch huet déi zweet Reparatur- a Botzaktioun 2021

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019
International Neiegkeeten

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019

Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt

De Poopst stellt sech an Irland de Mëssbrauchsaffer

De Poopst stellt sech an Irland de Mëssbrauchsaffer

Bei senger Irlandrees huet de Poopst François aacht Mënsche getraff, déi vu Vetrieder vun der kathoulescher Kierch mëssbraucht goufen. Beim Gespréich, dat gutt annerhallef Stonn gedauert huet, soll de Kierchemann aus Argentinien däitlech Wieder zu den Dote gesot hunn.

Nach iert de Poopst gelant war haten se sech d‘Strooss ugëeegent: matten an Dublin ware vun Demonstranten „Reeboufändelen“ opgehaange ginn. Op Lila-Präbbelie stoung geschriwwen: „Women Priests“. Dat war en eendeitegt Zeechen,. Hei sti Leit déi vu sech behaapte kathoulesch ze sinn, awer Reforme verlaangen. Esou d‘Colm Holmes vun der Organisatioun „We are Church“.

Si hat beim Weltfamilljentreffe kee Stand erlaabt kritt, a notzt elo dës Geleeënheet fir op hir Themen opmierksam ze maachen. „Et gëtt dräi Froe vun der Gerechtegkeet a mir verlaangen, datt de Poopst Äntwere gëtt. Als éischt de Mëssbrauch. Dat muss ugepaakt ginn. Gerechtegkeet muss hei bedeiten, datt och d‘Bëscheef an d‘Kardinäl zur Rechenschaft gezu ginn“, esou d‘Colm Holmes.

Weider Fuerderunge vun „We are Church“: d‘Kierch muss sech de Fraen opmaachen, hinnen all Ämter zougänglech maachen. Gefuerdert gëtt dann och, datt d‘Kierch Schwuler, Lesben, an Transgender-Mënschen a senger Mëtt ophëlt, se net diskriminéiert an hinnen déi gläich Rechter zouschwätzt wéi allen anere Gleewegen.

Hoffnung an eng Autoritéit mat Muecht

Mat militäreschen Éieren ass de Poopst François empfaange ginn. Hien huet dann och net gezéckt direkt bei senger éischter Ried „Kloertext“ ze schwätzen. Dat hien net géint laanscht dat onséilegt Thema „Mëssbrauch“ géif kommen, war dem Kierchemann sécherlech scho viru senger Rees kloer.

Et huet eemol ze vill Mëssbrauch, ze vill Affer an Irland ginn. Iwwer Joerzéngten hu sech Membere vun der Kierch u Mënsche vergraff. Iwwer Joerzéngten huet d‘Kierch d‘Verbriecher aus den eegene Reie geschützt, Affäre vertuscht. D‘Affer erwaarden däitlech Wierder, an de Poopst schwätzt se aus, virun der Regierung a wichtege Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen.

De Poopst François: „Ech denke virun allem un d‘Fraen, d‘Kanner an d‘Weesekanner. A mam Bléck op d‘Wierklechkeet vun deenen déi am meeschte verwonndbar sinn, muss ech de Skandal feststellen, deen an Irland duerch de Mëssbrauch vu Mannerjärege verursaacht gouf – duerch Membere vun der Kierch, déi si eigentlech schützen an erzéie sollten.

A well d‘Kierch versot huet, net amstand war mat dëse gräissleche Verbriechen ugemooss ëmzegoen, géifen sech d‘Leit elo zu Recht „mat Hänn a Féiss“ wieren. Dës Verbriechen, déi „Leed a Schimmt iwwert déi kathoulesch Communautéit bruecht hunn“ dierfen net ongestrooft bleiwen.

Et muss eppes geschéien

An d‘Affer, déi dëse Wierder opmierksam nolauschteren, bleiwe kritesch, a maachen dem Poopst verständlech, datt et net mat schéine Phrase gedoen ass. D‘Täter an déi wou d‘Hand „iwwert se gehalen hunn“, dorënner eng Abberzuel u Bëscheef, misste weltwäit zur Rechenschaft gezu ginn. E fromme Wonsch, well d‘Kierch huet hei nach e laange Wee virun sech, net nëmmen an Irland.

Wat Irland u sech betrëfft, esou konnt de Poopst hei och emol mat eegenen Ae feststellen, wéi sech eng Gesellschaft verännert, wat et nach mat der Kierchenautoritéit op sech huet. Um Sonndeg gi beim Schlussgebiet zum Weltfamilljendag wuel nach eng hallef Millioun Gleeweger erwaart.

Vill vun hinne sinn aus dem Ausland ugereest, a kënnen net driwwer ewechtäuschen, datt och am déif kathouleschen Irland, d‘Zuel vun de Leit déi nach an d‘Kierch ginn, oder vun deenen déi sech fir en Amt an der kathoulescher Kierch interesséieren, enorm réckleefeg ass.

Esou wier virun 20 Joer e Premierminister wei de Leo Varadkar ondenkbar gewiescht. Säi Papp kënnt aus Indien, hien ass kee praktizéierende Katholik an e lieft mat engem Mann zesummen. An hien huet dem Poopst däitlech gemaach, datt sech Irland am Wandel befënnt, op datt der Kierch elo passt oder net. An de Leo Varadkar beschreift dësen:

„Mir hunn am Parlament an am Referendum ofgestëmmt, fir eis Gesetzer ze moderniséieren. Mir hu verstanen, datt e Bestietnes net ëmmer hält, datt Fraen hir eegen Entscheedungen treffe sollten an datt et Familljen a villen ënnerschiddleche Spillaarte gëtt“. Dozou gehéieren och Elengerzéiend Mënschen an Gläichgeschlechtlech Koppelen. Op dat bei alle Kierchemänner ukomm ass?

mat AFP

Foto: De Poopst François wénkt an de Stroosse vun Dublin de Gleewegen zou. Déi hunn awer net nëmme „Gréiss“ fir de Kierchemann iwwreg. Op engem Handgemoolte Banner ass ze liesen: „Poopst: Kapp vum gréisste Pedophilie-Rank an der Mënschheetsgeschicht“. Dat sech eppes an der Kierch ännere muss, datt ass gewosst, op et och derzou kënnt, ass dogéint net gewosst. © Ben Stansall/AFP

Related topics Irland, Kierch, Mëssbrauch, Poopst, Weltfamilljendag
Next post Previous post