Search

You may also like

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch
Neiegkeeten

Keng Filmstudioen an der Gebuertsstad vum Andy Bausch

Wann sech déi industriell Friche „Neischmelz“ zu Diddeleng, der Gebuertsstad

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un
Neiegkeeten

Joe Biden hëlt Nominéierung als Presidentschaftskandidat un

Bei sengem Optrëtt um virtuelle Parteikongress, huet de Joe Biden

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an d‘Direktesch vun ESPON, Ilona Raugze eng Entrevue mat der EU-Kommissärin fir regional Politik, Corina Crețu. Heibäi ass et ëm d‘Roll vun der Politik gaangen, déi sech op d‘Faiten an d‘Bedeitung vun ESPON bezitt.

Bei de Gespréicher ass et och ëm d‘Ëmsetzung vun den Aktivitéite gaangen, déi a Relatioun mam Programm vum GECT ESPON stinn. E Programm, deen als entscheedend Instrument zur Zesummestellung vun territorialen Donnéeë fir e sëlleche politesch Kontexter gelueft ginn ass.

Mat den Erkenntnisser vun ESPON soll och am Kader vun der Virbereedung vun der nächster Generatioun vu Strategien a Programmer geschafft ginn. Hei sinn sech de Camille Gira an d‘Corina Crețu dann och eens, datt d‘Konzeptioun vun de politesche Programmer op engem bessere Verständnis vun den territoriale Besoinen an Erausfuerderunge baséiere muss.

D‘Ilona Raugze huet erkläert, datt „de Programm vill Begéinungen tëscht politesch Verantwortlechen a Fuerscher erliichtert huet, mam Zil, d‘Konzeptioun vu Politik an territorialen Investissementer effizient ze begleeden“. D‘Zilsetzung ass et e bessere Rendement an déi gréisste Plus-value fir d‘Bierger ze erreechen.

ESPON verdéngt méi Opmierksamkeet

Bei der Pressekonferenz huet de Staatssekretär aus dem Nohaltegkeetsministère dann awer misse feststellen, datt de Programm ESPON (mat Sëtz zu Lëtzebuerg) zu Bréissel wéineg bekannt ass, a méi Opmierksamkeet verdéngt huet. Mat ee Grond, firwat de Camille Gira d‘EU-Kommissärin op de Kierchbierg agelueden huet, fir sech eng eege Meenung iwwert d‘Institutioun ze maachen.

De wëssenschaftleche Fuerschungsprogramm, erlaabt eng besser Implementéierung vun de Projeten, déi iwwert déi strukturell europäesch Fonge finanzéiert ginn. Dat andeem déi positiv Effete vun der Aarbecht mat Kaartematerial visualiséiert gëtt. Hei geet et beispillsweis ëm den Accès zum ëffentlechen Transport, de Spideeler awer och ëm de Chômagetaux op regionalem Niveau

„An Zäite wou et ëmmer méi ‚Fake News‘ gëtt, ass et wichteg, datt déi Politiker wou Entscheedungen treffe mussen, sech op nogewisen Tatsaache stëtze kënnen“, betount de Camille Gira.

De laange Schied vum Brexit

Datt d‘EU-Kommissärin dem Camille Gira seng Aluedung konnt unhuelen, war enger Sëtzung vum „Conseil Affaires Générales“ un där d‘Corina Crețu deelgeholl huet. Eng Reunioun déi sech mat der Kohäsiounspolitik beschäftegt huet. Duerch de Brexit ginn dem EU-Budget geschaten 12 Milliarden Euro verluer, an d‘Verhandlunge vum pluriannuelle Finanzkader ginn „komplizéiert“.

An dësem Kontext begréisst d‘Corina Crețu, datt sech vill EU-Länner bereet erkläert hunn, hire Bäitrag ze erhéijen. Si ass allerdéngs net op der Linn vum EU-Parlament, dat eng Participatioun an héicht vun 1,3 % vum BIP fir déi 27 Länner virgesäit. „Ech wier scho ganz zefridden, wann um Enn 1% erausgeschloe gëtt“, esou d‘EU-Kommissärin.

Vill Zäit bleift net, well d‘EU-Kommissioun soll schonn den 2. Mee hir Virschléi fir de pluriannuelle Finanzkader „post 2020“ (also nom Brexit) virleeën. De Camille Gira, dee mat um Verhandlungsdësch gesiess huet, fäert datt et ganz schwéier wäert ginn en Ofkommes ze fannen, dat allen Acteure gerecht gëtt. Bis dohinner misst een nach méi efficace mat de Suen ëmgoen.

Regional denken, europäesch handelen

D‘Fuerscher aus dem ESPON-Programm, esou de Staatssekretär, kéinten hei ee grousse Bäitrag leeschten. Konkret Projeten déi vun der EU matfinanzéiert ginn, sollen de Bierger dann och nees méi no un d‘Institutioun EU eru bréngen.

Dat wier besonnesch fir Grenziwwerschreidend Projete vu Bedeitung, esou de Camille Gira, deen nach betount: „Wann Europa de Grenze keng Plus-value bréngt, wou soll dann nach Amstand sinn et ze maachen?“. Eng Ausso déi beim Corina Crețu op Zoustëmmung gestouss ass. Si huet an dësem Kontext drun erënnert, datt „neit Geld“ gebraucht gëtt, wann engem dru geleeën ass déi vill ugefaange Projeten ofzeschléissen.

Dofir brauch et an der EU awer däitlech méi Solidaritéit. An hei stellt sech um Enn d‘Fro, op et duer geet, datt de Programm ESPON elo zu Bréissel méi Opmierksamkeet ka kréien? De Camille Gira mécht dann och däitlech, datt Solidaritéit keng Eebunnsstrooss ka sinn. Elo awer Länner ze bestrofen, well si sech der Solidaritéit bei de Refugiéeë verweigeren, wier och keng Léisung.

An Europa schéngt sech dann och eng besser Léisung fonnt ze hunn. Wann een net ka bestrofen, esou schwätzt näischt dogéint, déi Länner, déi e groussen Effort gemaach hunn an déi meeschte Refugiéeën opgeholl hunn, ze belounen. Domatter kéint een déi Länner déi sech verweigeren ermonteren sech méi anzesetzen.

Foto: (v.l.n.r.) EU-Kommissärin fir regional Politik, Corina Crețu; Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère, Camille Gira; Directrice vum GECT ESPON, Ilona Raugze. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Camille Gira, Corina Cretu, ESPON, Ilona Raugze, Kohäsioun
Next post Previous post