Search

You may also like

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot
International Neiegkeeten

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot

De faschistesche President vu Brasilien, deen de Coronavirus Covid19 widderholl

dislikemoney
Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
International Neiegkeeten

Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht

Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?
International Neiegkeeten

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?

Dat gëtt op mannst elo vum Ministère analyséiert. Et gëtt

Tête-à-tête fir eng Pipeline

Beim G7-Sommet zu Carbis Bay hu sech d‘Bundeskanzlerin mam US-President iwwert de Projet NordStream2 ënnerhalen

Tête-à-tête fir eng Pipeline

Am Kontext vum G7-Sommet hu sech d‘Angela Merkel an de Joe Biden iwwert ee laangwieregen an déi transatlantesch Bezéiung belaaschtende Problem ënnerhalen. Konkret geet et ëm de Bau vun der Gaspipeline NordStream2 an der Nordséi. Heiriwwer soll den Approvisionnement vu Gas fir d‘EU geséchert ginn. Et ass awer virun allem eng Alternativ vum Transit duerch d‘Ukrain.

Béid Staatscheffen hunn am Uschloss erkläert datt, een sech um richtege Wee géif befannen. ET wier sech beispillsweis eens doriwwer, datt d‘Ukrain och no der Fäerdegstellung vun der Pipeline, misst en Transitpartner vun der Europäescher Unioun sinn. Dat wier existenziell, esou d‘Angela Merkel. Am Prinzip geet awer schlicht drëms sécherzestellen, datt d‘Ukrain och weiderhin an de genoss vun de Milliarden Transitnotzungskäschte kënnt.

De Joe Biden hat jo an dësem Kontext, d‘Sanktioune vu sengem Virgänger, géint d‘Entreprisen déi un Bau vun der Pipeline bedeelegt sinn, opgehuewen. Et war ee Gest, mat deem déi duerch säi Virgänger eppes a Matleedschaft gerode „Bezéiung“ zu Däitschland nees sollt verbessert ginn. De Sujet NordStream2 wäert nach emol de 15. Juli, wann d‘Angela Merkel zu Washington hire leschte Besuch als Bundeskanzlerin mécht, opgeholl ginn.

mat indymedia/lon

Foto: © Karwai Tang / G7 Cornwall 2021

Related topics Angela Merkel, Carbis Bay, G7-Sommet, Joe Biden, Nordstream2
Next post Previous post