Search

You may also like

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a

Musek@Kannerduerf: Kreativ Workshoppe fir Kanner a Jugendlecher
Neiegkeeten

Musek@Kannerduerf: Kreativ Workshoppe fir Kanner a Jugendlecher

Den 19. Juli 2021 gouf am SOS Kannerduerf zu Miersch

Schosswaffen aus dem 3D-Drucker
Neiegkeeten

Schosswaffen aus dem 3D-Drucker

Schon am Juli 2018 wollt de Grupp „Defense Distributed“, nodeems

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen

De Verband vu de Pecherten ass veriergert a fuerdert méi Kompetenze fir deem ze begéinen

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen

Tëscht 2013 an 2019 sinn eng 700.000 Protokoller net bezuelt ginn, dat si ronn 22 Milliounen Euro déi an der Staatskeess „feelen“. Dozou huet et dëst Joer dann och schonn 3 parlamentaresch Froe ginn. Elo denoncéiert de Verband vun de kommunalen Agenten – am Volleksmond Pecherte genannt – (ASAM) d‘Ineffektivitéit vum System.

Während den Deputé-Maire vu Mamer, Gilles Roth (CSV) monéiert datt d‘Leit déi e Protokoll kritt hunn, zwee Joer Lang „fichéiert bleiwen“ och wann de Ticket fir beispillsweis Falschparke bezuelt ginn ass, kann drop higewise ginn, datt déi zoustänneg Ministeren op Fro vum Marc Goergen (Piraten) bestätegt hunn, datt tëscht 2013 an 2019 ëm déi 3,3 Milliounen taxéiert Avertissementer ausgestallt goufen.

Et wieren zudeem, mat der Aféierung vun den automatesche Radaren, nach méi Protokoller erstallt ginn. Esou datt ee vu ronn 350.000 Protokoller d‘Joer op iwwer 600.000 Protokoller geklommen ass. De repressive Charakter vun de Protokoller muss een net weider erläuteren an et dierf och drop higewise ginn, datt déi eng einfach a bequem „Einnamequell“ fir d‘Staatskeess duerstellen, dat awer och nëmmen dann, wann akasséiert gëtt.

Wann een elo bedenkt, datt tëscht 2013 an 2019 ganzer 111 Milliounen Euro iwwert d‘Protokoller och tatsächlech an der Keess gelant sinn, esou sinn déi 22 Milliounen Euro déi „feelen“ well d‘Leit net bezuelt hunn, e konsequente Montant. A bei de Pecherte kënnt de Fait, datt gutt 1 vu 5 Protokoller net bezuelt gëtt net gutt un, et géif op d‘Moral drécken, esou d‘ASAM, de Verband vun de Pecherten déi der FGFC ugeschloss ass.

An hirem Communiqué hunn d‘Pecherten dann och nach drop higewisen, datt vun de bal 700.000 Protokoller déi net bezuelt goufen, 41% op Auslänner entfalen. Dozou mengt d‘Regierung, datt et net ëmmer „einfach“ ass am Ausland en Automobilist ze klaken, wann dësen net bezilt. Ausser bei de Radaren – den automateschen – wou et en Datenofgläich mat deem Land wou d‘Gefier ugemellt ass gëtt. Fir all datt anert ass et eppes komplizéiert.

Esou heescht et vun der Regierung, datt auslännesch Falschparker – also virun allem hir Gefierer – schwiereg ze identifizéiere wieren. Et géif keng legal Basis déi et erméiglecht bei den Autoritéiten am Ausland „Informatiounen“ unzefroen. Woubäi dovunner d‘Grenzgänger, also déi Leit wou hei am Land schaffen net esou betraff wieren, deenen hir Date wiere jo prinzipiell zougängeg. Gutt mee wou bleift dann de Goss a wat gëtt dergéint ënnerholl?

Beim Verband vun de Pecherte stellt een dann emol d‘Fuerderung un déi kompetent Autoritéiten, et och beim Protokoll fir Falschparken esou unzegoen, wéi dat de Fall bei den automatesche Radaren ass. Also wann de Protokoll net bezuelt gëtt, soll et eng „Forfait-Amende“ ginn. Woubäi dat eleng d‘Geld och net abréngt. D‘Police hirersäits kann, wann se dann emol op esou eng renitent Persoun stéisst, d‘Gefier bis zur Geldiwwergab immobiliséieren.

Dat wëllen déi kommunal Agenten och dierfen, besonnesch wann Exzesser constatéiert ginn. Si wëllen zudeem d‘Recht kréien, Gefierer déi onberechtegt op deene Plaze parken déi Mënsche mat spezifesche Besoine virbehale sinn an/oder Zoufaarte blockéieren, ofschleefen ze loossen. (bei eisen däitschen Nopere gëtt datt schonn zanter Joren esou gehandhaabt N.v.d.R.) Anscheinend géif um Inneministère och schonn un engem entspriechende Gesetzestext geschafft

Foto: Et gëtt do awer och eng Rei „Hëllefsmëttel“ déi iwwerzeegend sinn an derzou féieren, datt de Protokoll zäitno beglach gëtt. – Christine Schmidt / Pixabay

Related topics ASAM, Pechert, Police, Protokoll
Next post Previous post