Search

You may also like

Éisträich bereet sech op en neie Lockdown vir
International Neiegkeeten

Éisträich bereet sech op en neie Lockdown vir

An Éisträich denkt d‘Regierung allen Eeschtes iwwert en drëtte vollstännege

Bei Twitter deet sech eppes
International Neiegkeeten

Bei Twitter deet sech eppes

Wéi d‘Kolleege vum däitsche Journalisteverband et an en Dënschdeg an

E richtege Poet: Mir gedenken dem E.E. Cummings
International Neiegkeeten

E richtege Poet: Mir gedenken dem E.E. Cummings

Dësen Dag gehéiert dem Edward Estlin Cummings, deen den 3.

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!

Festgeholl an géint Kautioun nees op fräie Fouss gesat, d‘Schléng déi de Roger J. Stone Junior ëm den Hals dréit, zitt sech lues awer bestëmmt zou. D‘Virwërf géintiwwer dem Donald Trump sengem „Vertrauten“ wéie schwéier, a bréngen den US-President nees an d‘Schosslinn.

Et war eng „spektakulär“ Verhaftung duerch den FBI. Dem Roger Stone gëtt ënnert anerem Virgeworf: Falschausso, Behënnerung vun den Ermëttlungen a Beaflossung vun Zeien. De Beschëllegten ass awer ewell nees op fräiem Fouss, nodeems eng Riichterin zu Fort Lauderdale (Florida) eng Kautioun vun 250.000 US-Dollar opgeruff huet.

De Roger Stone dierf Südflorida net verloossen, kee Kontakt zu Zeien ophuelen, a muss sech engem Drogentest ënnerzéien. Datt et esou wäit konnt kommen, ass der Sturazegkeet vum Sonnerermëttler Robert Mueller geschëlt, deen dem Donald Trump säi laangjärege Vertrauten a siwe Punkten ugeklot huet, an et sinn där mannster déi ugefouert ginn.

Fir de Robert Mueller schéngt erwisen, datt de Beschëllegten d‘Enquête duerch den US-Kongress behënnert huet, bei sengen Aussoe gelunn an Zeie manipuléiert huet. De Sonnerermëttler ënnersicht déi „méiglech“ Kollusioun mat Russland an d‘Amëschung vu Moskau an de Presidentewahlkampf aus dem Joer 2016. En Dossier deen esoubal nach net kann zougemaach ginn.

Politesch verfollegt?

Interessant hei: de Roger Stone, deen decidéiert schéngt op „Onschëlleg“ ze plädéieren, bezeechent d‘Uklo als „politesch motivéiert“. Hien ass iwwerzeegt, datt „een“ nëmmen hannert him hir ass, well hien dem US-President säi Frënd ass. „Ech wäert weider kämpfen a mäin Numm géint dës politesch motivéiert Verfolgung verdeedegen“, esou de Beschëllegten.

Wéi jiddereen deen den Autoritéiten d‘Wourecht net seet, verdeedegt de Roger Stone déi him zum Virworf gemaachte Falschausso géintiwwer dem FBI: „Sollt et de Fall gewiescht sinn, datt et zu enger Falschausso komm ass, esou war dat net beabsichtegt“. Beim Sonnerermëttler Robert Mueller ass hien allerdéngs op e sturen Hond gestouss, deen als Klug, Integer an Entschloss gëllt.

Eis Kollege vun der New York Times haten de Roger Stone an engem Artikel vum 21. Mäerz 2017 als „Kinnek vun de schmotzegen Tricks“ net grad mat Luef iwwerschott. A säin Numm ass dann och ëmmer nees am Zesummenhang mat der Russland-Affär genannt ginn.

Eng laang awer ëmstridde Carrière

De Mann dee sech schonn ënnert dem Richard Nixon (Watergate) ervirgedoen huet, kann op eng laang Carrière als ëmstriddene Lobbyist a politesche Beroder zréckblécken. Elo steet de 66 järege Strëppenzéier am Verdacht, de Lien tëscht „Trump-Campagne“ a „WikiLeaks“ ze sinn. Där online Plattform, déi dausende vun e-Mails aus dem „Hillary Clinton Lager“ verëffentlecht huet.

Roger

Interessant hei: de Roger Stone huet sech sengerzäit domatter gebretzt, e gudde Kontakt zum Grënner vun der Plattform, Julien Assange, ze fleegen, deen hien zudeem och als „säin Held“ bezeechent huet. Et géif elo Indizien, datt hien iwwert de Inhalt vun de geklauten e-Mails nach virun hirer Verëffentlechung informéiert war. No der Wal huet de Roger Stone alles ofgestridden.

Et ass allerdéngs erwisen, datt nach iert WikiLeaks déi e-Maile verëffentlecht huet, de Roger Stone en Tweet an d‘Welt gesat hat, mat deem hie bei den Ermëttler den Androck erwächt huet, datt hie wousst wéini déi geklauten Informatioune publizéiert géifen. Den Interesséierten hat sengersäits behaapt net iwwer Insiderinformatiounen ze verfügen, déi hätt de Randy Credico gehat.

Am Kontext vun der Beaflossung vun Zeien, gëtt dem Roger Stone virgeworf, datt hien den New Yorker Radiosmoderator, Randy Credico, dovunner ofgehalen hätt, senger eegener Ausso virum Geheimdéngschtausschoss vum Representantenhaus ze widderspriechen.

Deen eenzegen deen näischt Verbrach huet…

No dësem neien „Eclat“ ass een am Wäissen Haus zolidd ënner Drock geroden. D‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, war sichtlech „beméit“ all d‘Beschëllegunge géintiwwer dem Roger Stone, vum Donald Trump ewech ze halen: „Déi géint de Roger Stone erhuewe Virwërf, hunn näischt mam President ze dinn. De President huet näischt Falsches gemaach“.

A dem Sender CNN confirméiert d‘Sarah Sanders nach emol: „Et huet kengerlee geheim Ofsprooche mat Russland ginn!“. De Chef „himself“ huet sech sengem léifste Medium „Twitter“ uvertraut, a sech iwwert déi gréissten Hexejuegd an der Geschicht vun den USA beschwéiert. Laut dem US-President, géifen an den USA esouguer Mënschenhändler a Drogendealer besser behandelt.

Elo gëtt et seelen Damp ouni Feier, an och fir de Milliardär kann d‘Verhaftung an d‘Uklo géint de Roger Stone Folgen hunn. An der Tëscht, sinn schonn eng hallef Dose „Mataarbechter“ vum trumpsche Wahlteam a Leit aus dem enken Ëmfeld beschëllegt, an deels scho veruerteelt ginn. Esou zum Beispill de Wahlkampfmanager Paul Manafort, an säin Affekot a Frënd Michael Cohen.

D‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi (Demokraten) huet sech haut de Moien zu enger Stellungnam hiräisse gelooss, déi nach emol op der „Virfall Stone“ ageet, an och mam Donald Trump net gemälleg ëmgeet. Mee villes läit nach am Däischteren…

Foto: De Roger J. Stone Junior (Videograb)

Related topics Donald Trump, Kollusioun, Nancy Pelosi, Robert Mueller, Roger J. Stone Junior, Russland Affär
Next post Previous post