Search

You may also like

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!
International Neiegkeeten Stories

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt eng Lasagne

Gesondheetsberuffer – Fir méi Matbestëmmung bei der Reform vun der Ausbildung!
International Neiegkeeten Stories

Gesondheetsberuffer – Fir méi Matbestëmmung bei der Reform vun der Ausbildung!

D’Employéen vum Lëtzebuerger Gesondheets- a Fleegewiesen loossen och a Krisenzäiten

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!
International Neiegkeeten Stories

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!

Vum 29. August bis de 26. September 2020 gëtt mat

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt

Wa vun Eskalatioun rieds ass, muss et logescherweis ee Schëllegen hunn, an dat ass Russland

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt

Nodeems den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell Fontelles, der Ukrain ze verstoe ginn huet, datt d‘Länner vun der EU scho muer bereet wieren, hir ganz militäresch Kraaft zur Verdeedegung vun der Demokratie an der Souveränitéit anzesetzen, hunn d‘Ukrainer nach emol bei der NATO nogefrot, wéi et mam Bäitrëtt ausgesäit.

Ausléiser vun dësem (nëmme béis Mënsche gesinn hei eng Zesummenhang mat de jéngste vun der EU an den USA verhaange Sanktioune géint Moskau) neierlechen Dissens, sinn d‘Stellungswiessel déi ëmmer am Fréijoer an am Hierscht am Donbass stattfannen. Engersäits sougenannte „loyal“ Kampftruppen, anersäits prorussesch Rebellen. Kënnt elo am Donbass zur militärescher Offensiv?

Vun der Ukrain dierft esou eng Offensiv éischter net ausgoen, et sief dann et géif een et fir politesch opportun halen, de strategesche Suizid vu Kampftruppen, als Ausléiser fir ee globale Konflikt, och als gerechtfäerdegt unzëerkennen. D‘Russen hirersäits si wuel genéidegt – woubäi et natierlech eng „Bereetschaft“ huet – sech dann nom Josep Borrell a Jens Stoltenberg, an den Dossier anzebréngen.

Esou huet gëschter de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow dezent drop higewisen, datt déi russesch Federatioun engem méigleche Konflikt an der Ostukrain net wäert mat den Hänn an den Täschen nokucken. Si hätten d‘Verantwortung fir déi russesch Staatsbierger an der Regioun, firwat si dann och, nodeems d‘NATO mat agräifen dreet, hir Truppestäerkt an der Regioun iwwerdenke mussen.

Hei ënnerscheeden sech dann och d‘Russen, vun eise Bréisseler „Helden“ bannent der NATO an der EU-Kommissioun. Hir Militärdoktrin léist eng „Interventioun“ zum Schutz vu russesche Bierger zou. De russeschsproochege Bierger gewäert Moskau zanter 2019 och déi russesch Nationalitéit, wat de Separatisten an de Regiounen Donezk a Luhansk, natierlech och nees an d‘Kaarte spillt.

Loscht op ee Biergerkrich?

Wann ee bedenkt, datt nach am Hierscht 2019, mam Austausch vu Gefaangenen eng éischt Etapp a Richtung Fridde gemeeschtert gouf, kënnt dësen neierlechen Dissens eppes ongeleeën. A wann een dat Ganzt eppes aus de Distanz betruecht, weess een datt… hei geet et nëmmen am zweete Schratt ëm d‘Souveränitéit an d‘Sécherheet vun engem méiglechen EU- an NATO-Bäitrëttskandidat.

Zu Moskau kennt een déi Spillercher an datt d‘Amerikaner, déi mat aller Gewalt d‘Gaspipeline an der Nordséi (NordStream2) verhënnere wëllen, wuel déi dreiwend Kraaft hannert deem Ganze sinn, bréngt am Kreml keen aus der Rou. Da muss och nach dierfe festgestallt ginn, datt Russe laang net esou domm sinn, wéi sech dat den Trio Borrell/Stoltenberg/Blinken nach ze wënsche schéngen.

An esou ass et dem Dmitri Peskow net schwéier gefall, eng diplomatesch Äntwert op d‘Gefor vun engem neie Biergerkrich an der Ukrain zum Ausdrock ze bréngen: „Mir stellen aktuell eng seelen Eskalatioun a Gewaltbereetschaft an der Regioun fest. Dat léist Besuergnes aus an d‘Evolutioun vun der Lag wäert d‘Moossnamen diktéieren déi Russland zu Schutz vun de Leit ergräife muss“.

Zu Kiew rappt ee wuel – woubäi se gutt opgestëppelt goufen – d‘Schnëss grouss op, mee wann da soll an de Krich goen, weess och de Komiker Selensky, datt keng Offensiv vun der Ukrain kann ausgoen. Offiziell heescht et dozou: „Eng gewaltsam Befreiung vun de besate Gebidder (Ostukrain) géif zum Dout vun enger grousser Unzuel un Zivilisten a militäresche Verloschter féieren“.

Balkanstaate si begeeschtert

Polen an Ungarn, wéi eigentlech alleguerten déi féier Sowjetstaaten, déi d‘EU sech am Kontext vun der Osterweiderung averleift huet, hunn eng genetesch bedéngten Aversioun géint Russland an aus fréiere „Kommunisten“ hu sech reliéis fanatesch Faschisten erginn. Russland awer wäert wuel och musse „seng Grenzen“ am A behalen, an US-Rakéiten am Virgäertche sinn ee gudde Grond dofir.

An dësem Kontext, sinn et dann elo déi russesch Truppebeweegungen déi dëssäit dem Rideau als Aggressioun presentéiert ginn. Et ass dann interessanterweis net d‘Ursula von der Leyen, dat den Zar Vladimir I. ugeruff huet fir ze poteren, mee d‘Mutti Angela Merkel, déi spéitstens no der am Hierscht geplangte Bundestagswal an den Anale vun de Däitscher Geschicht als „Raut“ agoe sollt.

Egal… d‘Bundeskanzlerin, eng op der ganzer Welt fir hir politesch Agilitéit a séier Entscheedunge beléiften Damm, huet en Donneschdeg de Vladimir Putin ugeruff, an dësem erkläert, datt hien elo, an zwar onmëttelbar direkt, seng Truppen aus der Regioun muss ofzéien. A wann dat erfollegräich gelongen ass, soll och d‘Krim nees ënnert d‘Verwaltung vun der Regierung zu Kiew gestallt ginn.

Wann et sech elo och net beweise léisst, et dierf gegleeft ginn, datt den Zar vu Russland sich wäert häerzlech iwwert dësen diplomatesche Virstouss amuséiert hunn. Woubäi, wann de President vun der Russescher Federatioun, sech iwwer d‘Angela Merkel lëschteg mécht, esou dierft hien déi ganz Aktivitéiten am Hannergrond, besonnesch déi vun den Amerikaner, och mat Suerg betruechten.

D‘Hand um Ofzuch halen

Sech géigesäiteg erschéissen, schéngt am Balkan éischter d‘Norm wéi d‘Ausnam ze sinn, a well och ee Komiker als President seng Truppe bei Laun hale muss, ass de Wolodymyr Selensky seng Leit op der Plaz besiche gaangen. Et gouf Auszeechnungen an esouguer Ënnerstänn goufe besicht. Dat alles schéin a Bild an Toun festgehalen, esou wéi et sech fir eng Propaganda-Missioun jo ech gehéiert.

Haut huet de Wolodymyr Selensky nach ee Rendez-vous mam tierkesche President Recep Tayyip Erdogan. De Sultan an den Zar vu Russland haten ee Freideg matenaner um Telefon gepotert, esou den Dmitri Peskow, a béid Ambassadeure vum Weltfridden, der Demokratie an de Mënscherechter sollen sech drop verstännegt hunn, datt just de Friddensplang vun 2015 als Léisung hierhale kann.

De Joe Biden, deem säi Fils Hunter Biden, jo erwisenermoossen eng besonnesch Bezéiung zur Ukrain an dem ukraineschen Energiesecteur ënnerhält, a seng Falken hu jiddefalls decidéiert de russesche Bier nees a seng Grenzen ze verweisen, an den NATO-Partner Tierkei scho viru 14 Deeg doriwwer informéiert, datt US-Krichsschëffer deemnächst de Bosporus besiche kommen.

Wéi warscheinlech ass een Handfeste Krich tëscht der Ukrain, sengen europäeschen Alliéierten an den onweigerlech Agrëff vun der NATO? Ënnert dem Biden-Virgänger hätt een esou eppes wuel nach dierfen ausschléissen, no de rezenten Interventioune vu Borrell/Stoltenberg/Merkel, an dem Doud vu fënnef ukrainesche „Zaldoten“, kléngt et warscheinlech ass awer de facto net realistesch.

mat indymedia/ber/iev/mow/bru

Illustratioun: © Anthony Renovato / unsplash

Related topics Angela Merkel, Biergerkrich, Däitschland, Donbass, Donezk, Josep Borrell Fontelles, Krichsbereetschaft, Luhansk, NATO, Russland, Tierkei, Ukrain, USA, Wolodymyr Selensky
Next post Previous post