Search

You may also like

LCGB an OGBL beschléissen de Kollektivvertrag bei Lindab Astron Buildings S.A.
International Neiegkeeten

LCGB an OGBL beschléissen de Kollektivvertrag bei Lindab Astron Buildings S.A.

No schwieregen awer konstruktive Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag bei

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Porsche Carrera Cup Däitschland: E schwierege Saisonstart fir den Dylan Pereira

De Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira hëlt beim Saisonstart vum Porsche

Weider 300 Milliounen Impfstoff-Dosen fir d’EU-Memberlänner
International Neiegkeeten

Weider 300 Milliounen Impfstoff-Dosen fir d’EU-Memberlänner

D’Europäesch Kommissioun huet den EU-Memberstaaten e Freideg virgeschloen, bis zu

De franséische Protest géint de „sanitäre Pass“

De franséische Protest géint de „sanitäre Pass“

Wärend an der Martinique d‘Arméi agesat gëtt, fir Covid19-Patienten ze fleegen, an och op der Guadeloupe déi sanitär Situatioun extrem ugespaant ass, gouf an der „Metropole“ nees géint den ëmstriddene sanitäre Pass manifestéiert. 217 Aktiounen huet et um Samschdeg ginn. An de Cortège ware vill Familljen ze gesinn, an och längst geimpfte Fransousen hunn sech ugeschloss.

Laut dem Inneministère hu gëschter ronn 215.000 Leit d‘Stroosse besat, fir sech géint déi vun der Regierung beschlosse Moossnamen am Kontext vum Kampf géint d‘Pandemie zur Wier ze setzen. Aner „Quelle“ gi vu bis zu 300.000 Demonstranten aus. De leschte Weekend waren et laut den Autoritéiten 237.000 Manifestanten. D‘Impfcampagne awer, déi huet ëmmer méi „Succès“.

Dat huet ënnerschiddlech Grënn, an déi hu wuel a ville Fäll och näischt mam „Consentement“ ze dinn, mee wieren – esou zumindest de grousse Virworf – dem Fait geschëlt datt Leit hir Aarbecht net verléiere wëllen. Si wiere quasi „fräiwëlleg gezwongen“ wat vill Fransousen als Contraire zum perséinleche Choix gesinn. Et géif jo keng Impfflicht… zumindest am eigentleche Sënn.

Ab ee Méindeg ass dann och Schluss mam „Versteesdemech“ an de Pass gëtt verlaangt fir: de Besuch vun engem Akafszenter vu méi wéi 20.000 M², d‘Reesen (Laangstrecken) mam Zuch an/oder dem Bus, den Accès zur Gastronomie, Kultur a villes méi… Zudeem sollen am nächste Mount d‘PCR-Tester net méi Gratis sinn, et sief et hätt en eng Ordonnance vum Dokter.

Zu Paräis huet de Präfekt vun der Police, Didier Lallement, der Justiz eng Rei „Plakater“ ugewisen, déi antisemitesch wieren. Hei gëtt sech op d‘Plakater mat Opschrëft „Qui“ bezunn, déi als diskret Referenz bei den antisemitesche Militante bezeechent ginn.

mat indymedia/par

Foto: Bei 36°C am Schied hunn sech vill Fransousen zu Albi géint de sanitäre Pass versammelt. © Sivia Kaufhold (via Twitter)

Related topics Covid19-Impfcampagne, Frankräich, Macron, Onverständnis, Pandemie, Pass Sanitaire, Protest
Next post Previous post