Search

You may also like

75.000 Gäscht um WOA
Neiegkeeten

75.000 Gäscht um WOA

Gëschter war de Startschoss vum 30. Wacken „Rock‘n Fuck‘n Roll“

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam
Neiegkeeten

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam

Mat net manner wéi 29 international Kënschtlerensembele fir 95 Optrëtter

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?
Neiegkeeten

Wéi gewaltbereet ass eis Jugend?

Nodeems et déi vergaange Woch an de soziale Brennpunkten: Quartier

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?

Wéi wichteg ass de Schutz vun eise Kanner am Internet?

Am Kader vum europäeschen Dag vum Europarot fir de Schutz vun de Kanner viru sexuellem Mëssbrauch, organiséieren den Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mat Ecpat Lëtzebuerg de nächste Méindeg 19. November zu Walfer (Sall Guillaume – eduPôle – Dikrecher-Strooss) um hallwer siwen owes e Ronndëschgespréich zum Thema: „ass mäi Kand sécher am Internet?“.

D‘Digitaliséierung vun der Gesellschaft bréngt onweigerlech mat sech, datt och d‘Kanner ëmmer méi fréi an dësem „Internet“ – dee vu ville Leit als „rechtsfräie Raum“ gesi gëtt – ënnerwee sinn. Wa keen Zweiwel dru besteet, datt den Internet vill Opportunitéite bitt, e besseren Zougang zur Informatioun erméiglecht, an duerchaus Freed bereede kann, esou stécht en och voller Geforen.

Elo ass et awer Fakt, datt vill Erwuessener, wuel scho vun de Geforen héieren hunn, meeschtens awer schlicht an ergräifend iwwerfuerdert sinn. Dat trëfft erstaunlecherweis och op déi Elteren zou, déi sech eigentlech schonn zu den „digital natives“ ziele missten. Wéi also muss ee sech géintiwwer dem Beholl an der Praxis vun eise Krapperten dësem Problem entgéintstellen? A wéi soll dat goen?

Als éischt sollt engem richteg bewosst ginn, datt den Internet kee rechtsfräie Raum ass. Fir et elo awer guer net esouwäit kommen ze loossen, datt ee muss Affekoten a Riichter beméien, ass et gutt ze wëssen, wéi eng Schutzmoossname bestinn, a wéi e seng Kanner am Ëmgang mam Internet begleede kann. Dat a villes méi gëtt bei dësem Ronndëschgespréich behandelt.

Ervirzehiewe wier nach, datt och de Phenomen vum „Grooming“ op dësem Owend diskutéiert gëtt. Eng vun de gréisste Geforen. Vu Grooming ass da rieds, wann en Erwuessene mat engem Kand Kontakt ophëlt (meeschtens ënnert enger falscher Identitéit) mam Zil dëst sexuell auszenotzen. Et gëtt keen 100% Schutz, mee ganz gutt a vill Mëttel, dem „Mëssbrauch“ virzegräifen.

  • D‘Ronndëschgespréich fënnt statt den 19. November am „Institut de Formation de l‘Education Nationale“ (IFEN), 28 Dikrecher-Strooss, L-7220 Walfer (hei d‘Kaart). Den Ufank ass 18.30 Auer, an dat ganzt sollt bis 20 Auer daueren. D‘Sprooch ass lëtzebuergesch, mee et gëtt och eng Iwwersetzung an d‘franséischt. Den Entrée ass gratis.
Related topics Ecpat, Educatiounsministère, Internet, Kanner, Ronndëschgespréich, Schutz, Walfer
Next post Previous post