Search

You may also like

D’Akerbauschoul plënnert op Gilsdref
International Neiegkeeten

D’Akerbauschoul plënnert op Gilsdref

Fir d’Schoulrentrée 2021/2022 wäert d’Akerbauschoul (LTA) seng Schüler net méi

Baby Info – Alles ronderëm de jonken Nowuess
International Neiegkeeten

Baby Info – Alles ronderëm de jonken Nowuess

Et ass ni ze spéit fir op eng gutt Saach

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung
International Neiegkeeten

Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung

An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all

Haut iwwerhëlt de Selensky d‘Ukrain

De neie President an d‘Parlament passen net zesummen

Haut iwwerhëlt de Selensky d‘Ukrain

Fir de fréiere Schauspiller a Komiker Volodymyr Selenski ass den haidege Méindeg e groussen Dag. Woubäi hien sech dee bestëmmt eppes anescht virgestallt dierft hunn. Wann hien haut den Eed ofleet an d‘Presidence vun der Ukrain iwwerhëlt, wäert et zum Schlagaustausch mam Parlament kommen.

De Mann, vun deem nach net wierklech gewosst ass ob hien d‘Ukrain an eng besser Zukunft féiere kann, huet an de sozialen Netzwierker bedauert, datt hie säin Eed hannert zouen Diere muss ofleeë. An och nach grad virun deene Volleksvertrieder, déi schonn am Virfeld däitlech annoncéiert haten, et him esou schwéier wéi iergend méiglech maachen ze wëllen. Net déi beschten Aussiichten also…

Hätt den ukrainesche President sech et selwer dierfen eraushuelen, dann hätt hie scho gëschter säin Eed ofgeluecht, an dat direkt géintiwwer dem Vollek. Dat huet d‘Parlament anescht entscheet an dat dierft net ouni Konsequenze bleiwen. De Selenski op Facebook folgend: Entschëllegt d‘Parlament et huet Schwieregkeete bereet. Ech verspriechen, mir wäerten him och Schwieregkeete bereeden“.

Dat kléngt net no enger harmonescher Legislaturperiod an dem Land zoudréiglech ass esou e Verhalen – vu béide Lager – och net. Wat deels dem Komiker sengem eegenen Team geschëlt ass, dat sech net ze schued war ze insinuéieren: déi Deputéiert géifen onverantwortlech agéieren. Dat geet esouwäit datt behaapt gëtt, d‘Parlament géif net d‘Interesse vun der Ukrain vertrieden.

Opléisen?

Esou Aussoe féieren zu Spekulatiounen iwwert eng méiglech Opléisung vum Parlament, woubäi et u sech jo och am Interesse vun der Ukrain sollt sinn, Institutiounen ze hunn, déi normal schaffe kënnen an sech der latenter Korruptioun ze erwieren. Zudeem geséich et de Volodymyr Selenski gäre wann d‘Vollek bei wichtegen Entscheedunge bedeelegt wier a wëll d‘Immunitéit ophiewen.

Dat geet esou einfach net, well hien dofir den Accord vum Parlament brauch. Dofir bréicht et eng „Basis“ déi de Komiker net huet, an dat erkläert zum Deel, firwat aus sengem Team ëmmer nees Stëmmen ze héiere sinn, déi virgezunnen Neiwahle fuerderen, am léifste schonn am Juli. Offiziell gëtt awer souwisou am Oktober en neit Parlament gewielt. Hei geet et awer ëm méi wéi ëm „Zäit“.

E Freideg ass d‘Regierungskoalitioun bei der Däiwel gefuer an de Premierminister, Volodymyr Groysman, war siichtlech beméit de Ball flaach ze halen: „Et ass offensichtlech, datt Parlament a Regierung uerdentlech bis zur Parlamentswahl wäert zesummeschaffen“. Ob et dozou kënnt, dat muss sech erweisen, haut jiddefalls gëtt de President vun der Ukrain emol fir unzefänke vereedegt.

mat indymedia/ber/mow

Illustratioun: Jonny Lindner / Pixabay

Related topics Ukrain, Volodymyr Groysman, Volodymyr Selensky
Next post Previous post