Search

You may also like

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!
Neiegkeeten

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!

Duerch déi verschäerften Ugrëff op d’Mënschen am Gazasträifen fuerderen kommunistesch

Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg
Neiegkeeten

Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg

Bei de Landtagswahlen a Sachsen a Brandenburg konnt déi als

Opgepasst – Chantier op der A13!
Neiegkeeten

Opgepasst – Chantier op der A13!

Neie Stroossebelag tëscht dem Echangeur Helleng sou wéi dem Echangeur

De serologeschen Test… well mir sinn all Deel vun der Léisung

De serologeschen Test… well mir sinn all Deel vun der Léisung

Well et nach ëmmer méi Froe wéi Äntwerten zum Coronavirus Sars-CoV2 (Covid19) huet, een elo mat den Impfungen esouwäit zefridden“ ass, woubäi d‘Intentioun nach ëmmer ass en Impftaux vun 90% ze erreechen, méiglechst viru Chrëschtdag, ginn déi Geimpften/Geheelten elo vun der Santé agelueden/opgefuerdert sech fräiwëlleg engem serologeschen Test ze ënnerzéien.

Jiddereen (also sécher emol déi geimpften/geheelten) huet oder wäert vun der Gesondheetsdirektioun schrëftlech ageluede ginn, ee sougenannte Covid19-Antikierpertest iwwert sech ergoen ze loossen, fir datt Fuerscher/Wëssenschaftler/Medezinner méi iwwert dëse Virus a säi verhalen erfuersche kënnen. Et schéngt awer scho gewosst, datt de serologeschen Test keng durabel an/oder systematesch Immunitéit garantéiere kann.

Et heescht dann och, datt wann een „agelueden“ ass, ee gefällegst d‘Offer sollt unhuelen, wuel net ganz esou rabiat wéi hei ausgedréckt, mee an der Finalitéit verhält et sech mam serologeschen Test, wéi mat der Impfung, d‘Wiel hunn heescht sech dem politesch-wëssenschaftleche Rot ënnerwerfen. Et sollt een dat aus Grënn vun der Demokratie allerdéngs net soen. Dat festgestallt, maachen awer déi serologesch Tester Sënn.

Gratis a Fräiwëlleg

D‘Regierung huet sech engagéiert, de Residenten, wéi de Grenzgänger, den DBS-Test (et ass just eng Drëps Blutt) gratis unzebidden, mee et huet natierlech och kommerziell Acteuren, wéi beispillsweis „BioneXt LAB“ eng privat Entreprise, déi streng drop beduecht ass geheim ze hale wat sech (ofgesi vun de Partner) derhannert verstoppt. Dofir huet och eng kommerziell Offer…

Wat de serologeschen Test betrëfft, esou ass dëse wichteg fir kënnen ze ermëttelen, ob eng Persoun schonn emol mam Covid19 a Beréierung komm ass, och ganz ouni Symptomer gehat/verspiert ze hunn. Et soll och noweisen, ob een no der Impfung eng „immunitär Äntwert“ erhalen huet. Als Bonus, ass de serologeschen Test och en Instrument vun der epidemiologescher Iwwerwaachung.

Test

Et huet den Ament véier Teststatiounen am Land: eng zu Miersch, zu Gréiwemaacher, um Houwald an zu Käerjeng. Firwat et uewerhalb vu Miersch näischt méi gëtt? Vläicht hëlt ee bei der Santé un, datt do wou d‘Welt mat Brieder zougeneelt ass, déi demographesch Expositioun zum Virus éischter marginal ass. Et kann awer och sinn, datt een net dovunner ausgeet, hei vill Fräiwëlleger ze hunn.

Wéi och ëmmer. De serologeschen Test ass mindestens esou wichteg wéi d‘Impfung selwer, well déi véiert Well ass do, oder zumindest steet se virun der Dir. A well een och als geimpfte/geheelte ka weiderhin anerer Ustiechen, jo esouguer selwer (dann awer mat doucem Krankheetsverlaf) kann infizéiert ginn, sollt ee säin zivilisatoresche Beitrag fir d‘Gesellschaft leeschten. Loosst iech Testen!

Illustratioun: Eng drëps geet duer… © Stephen Rheeder / unsplash

Related topics 4. Well, Covid19, Gesondheetsdirektioun, mir sinn all Deel vun der Léisung, serologeschen Test
Next post Previous post