Search

You may also like

Méi Congé a Fräizäit fir d‘Bierger a Biergerinnen
Fail Neiegkeeten

Méi Congé a Fräizäit fir d‘Bierger a Biergerinnen

E Mount nom Untrëtt vun de neier Regierung, schaaft d‘Dräierkoalitioun

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)
Fail Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)

Duerch Aarbechten um CR231 tëscht dem Rondpoint Houwald an der

Wäissrussesch Oppositioun grënnt nei Partei
Fail Neiegkeeten

Wäissrussesch Oppositioun grënnt nei Partei

D‘Demokratiebeweegung déi sech a Wäissrussland zur Stonn ëm d‘Maria Kolesnikowa

dislike

„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“

Problemer beim Rekrutement kréie laut der Gewerkschaft vum professionelle Personal vun der Arméi e bedreelecht Ausmooss

„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“

D‘Gewerkschaft vum professionelle Personal vun der Arméi (SPAL) hat virun Ouschteren seng Generalversammlung, an huet bei dëser Geleeënheet e Bilan vun der lafender Legislaturperiod gemaach. Et ass ee Bilan, dee schlecht ausfält, vill Kritik enthält a mam Fanger op méiglech Ursaache weist, firwat et mam Rekrutement net wëll klappen.

De President vun der SPAL, Christian Schleck setzt vill Hoffnung an de neien Arméi-Chef, de Generol Alain Duschène. Mee et wier awer un der Zäit, d‘Leit am Land iwwert den aktuellen Zoustand vun der Arméi opzeklären. An hei gëtt dann och däitlech gemaach, datt eis Arméi hir Grenzen iwwerschratt huet.

D‘Problemer erkennen

Fir de Christian Schleck, deen d‘Interesse vu senge Komeroden ze verdeedegen huet, steet fest, datt dräi Punkte musse gekläert ginn: 1) den Ëmfang vun de Missiounen; 2) de Rekrutement; 3) d‘Schafe vu Perspektiven. Woubäi hie bemierkt, datt et ouni Zaldoten och keng Arméi gëtt. Déi sinn awer net liicht ze fannen, a mat deem wat u Kritik ausgedréckt ginn ass, gëtt et net méi einfach.

De Generalsekretär vum SPAL, Jean-Claude Betz, ass eppes méi zouversiichtlech wéi de President. Och hie setzt vill Hoffnungen an den neien Arméi-Chef, deen Enn September seng Funktioun iwwerholl huet, an um Härebierg mat vill Zousproch begréisst gi war. Villes läit awer weiderhin am Uergen, an och wann d‘Politik en oppent Ouer huet, esou missten dréngend Ännerungen kommen.

Eng realistesch Zukunft bidden

Wann ee sech fréier als Zaldot engagéiert hat, sinn engem Perspektive gebuede ginn. Et gouf ee beim Staatsexame bevirdeelegt a wie Bescheed wousst, konnt eng Carrière als Giischtjen, Douanier oder Bréifdréier ergräifen. Deem ass haut net méi esou. D‘Prioritéite goufen ofgeschaaft an et feelt u Perspektiven, esouwuel am militäresche wéi och am ziville Beräich.

E Fait, dee vun der SPAL bedauert gëtt. Dat ass de Grond, firwat eng Reform vun der Rekonversioun gefuerdert gëtt. De SPAL veruerteelt de Manktem u politeschem Wëllen, den Zaldoten nees Prioritéit fir bestëmmte Carrièren unzebidden. De President Christian Schleck betount dann och, datt „ouni Perspektive keen op de Bierg kënnt“. E Problem deen awer am Etat-Major an um Ministère bekannt wier.

Dat ass och mat de Grond, firwat sech de SPAL eng Allianz mat de Gewerkschafte vun de Giischtercher an de Bréifdréier sicht. De SPAL huet hei och nach de Virschlag gemaach, eng Carrière als „Wiechter vun der Arméi“ ze schafen. Personal, dat kéint agesat ginn, fir ëffentlech Institutiounen ze bewaachen an ze schützen, amplaz déi Aarbecht u Privatfirmaen ze ginn.

Op der Sich no Demineuren

An de Problem vum Rekrutement kritt, am Detail betruecht, e bedreelecht Ausmooss. Esou weist de SPAL drop hin, datt den Duerchschnëttsalter bei den Demineure vill ze héich ass. Wann hei keng Moossnamen ergraff  géinge ginn, stéing een an ee puer Joer ouni Spezialisten do.

De Jean-Claude Betz ënnersträicht, datt a 17 Joer d‘Kader vum Bommenentschäerfungsdéngscht vun der Arméi (SEDAL) all a Pensioun sinn. Et braucht fënnef Joer, bis en Zaldot als Demineur ausgebilt ass.

Bei 258 Missiounen am Joer 2017 dierft ersiichtlech sinn, datt de SEDAL eng wichteg Roll huet. Vill jonk Ënneroffizéier wieren awer drun interesséiert, sech beim SEDAL ze engagéieren. Deem misst Rechnunge gedroe ginn.

D‘Ae si méi grouss wéi de Kontingent

Wat dem SPAL och nach Suerge bereet, ass den Ëmfang vum „Verdeedegungsopdrag“, deen d‘Regierung der Arméi operluecht huet. Et hätt ee sech wäit aus der Fënster geleeënt, notamment wat d‘Missiounen am Kader vun der NATO an der EU ubelaangt. Mam Effektiv, deen zur Verfügung steet, wier et net méiglech dës Engagementer ze honoréieren.

Aktuell ass déi Haaptmissioun déi d‘Zaldoten ze erfëllen hunn, d‘Bedeelegung un der „NATO Response Force“. Dës Trupp, déi aus enger Brigade vu 5.000 Mann zesummegestallt ginn ass, soll ab 2019 Lëtzebuerger Zaldoten integréieren. Lëtzebuerg soll e Peloton an e Kompaniechef fir d‘Opklärung stellen, d‘Hollänner stellen den zweete Peloton.

Zousätzlech muss Lëtzebuerg en Transport-Peloton a Personal zur Ënnerstëtzung bereet stellen. Alles an allem sinn dat 103 Mann, déi hei sollen agesat ginn. Mee et ginn och Zaldote gebraucht, fir dat politescht Engagement um Niveau vun de takteschen Eenheete vun der EU (GTUE) ze erfëllen.

A well dat alles nach net duer geet, huet d‘Regierung am Mäerz d‘Missiounë vun 2018 definéiert. D‘Arméi bleift am Mali engagéiert, wou se am Kader vun der EUTM 10 Zaldoten asetzt, a 5 Zaldote fir d‘UN-Missioun MINUSMA (als Equipage vun engem belschen Transportfliger) bereet stellt. Weider 28 Zaldote ginn am Kader vun enger NATO-Missioun a Litauen agesat.

Eis Arméi huet aktuell 332 asazbereet Zaldoten. Dat entsprécht Zweedrëttel vum legale Kader, deen der 500 virgesäit. De Rekrutement vun 175 Zaldoten 2018, géif awer net duergoen, fir d‘Lächer ze stoppen, esou d‘Gewerkschaft. Bis ewell si 65 Rekrutten agezu ginn, 123 Zaldote bereede sech op hir Rekonversioun vir, an déi kann ee nëmmen am Noutfall mobiliséieren.

Kafe wat gebraucht gëtt

Datt den Arméiminister Etienne Schneider (LSAP) gewëllt ass, dräi Militärhelikopter vum Typ NH90 unzeschafen, versteet ee bei der SPAL net. Et ass wuel nach näischt Festes ënnerschriwwen an dofir fuerdert de SPAL vum Minister, sech dat ganzt nach emol ze iwwerleeën.

Déi „Dénger“ wieren ze grouss a kéinte kaum zu Lëtzebuerg agesat ginn. De Christian Schleck geséich et gären, wann ee sech am Ministère en aneren Typ Helikopter géif eraussichen. Esou wier et en Zeeche vu Wäitsiicht, wann een sech fir en Helikopter géif entscheeden, deen och vun der Police ka genotzt ginn. Et geet schliisslech och ëm Steiergelder.

A wat d‘Steiergelder betrëfft, esou wier ee bei der SPAL schonn zefridden, wann d‘Akafsstrategie vun der Arméi nach emol iwwerduecht géif ginn. „Et sollt ee keng Helikopter kafen, wann d‘Zaldoten sech mussen eng Spektiv deelen“, argumentéiert de SPAL, deen hofft, datt den Etat-Major den Arméiminister ëmstëmme kann.

Gebraucht ginn och Wunnenge fir d‘Zaldoten, an hei ass de SPAL dann och méi wéi nëmme besuergt. Dat hänkt domatter zesummen, datt de Logementsminister Marc Hansen (DP) d‘Cité Militaire zu Dikrech moderniséiere wëll.

Firwat déi politesch Verantwortlech net de Comité vun der SPAL consultéiert hunn iert de Projet an Ugrëff geholl ginn ass, wier onverständlech. Trotz ville Bréiwer hätt ee keng Äntwert kritt, bedaueren de President an de Generalsekretär, déi fäerten, datt d‘Zaldoten hir Déngschtwunneng musse verloossen, oder de Loyer zolidd gehéicht gëtt.

Friddensmissiounen an humanitär Hëllef

Mam OMP-Gesetz, dat de Kader fir Friddensmissiounen an humanitär Hëllefsasätz festleet, huet de SPAL och keng Freed. De Gewerkschaftspresident mécht dann och keen Heel dorausser, datt een ni op der Linn vun der Administratioun war. Et géif virun allem mëssbraucht ginn, fir de Manktem u Personal ze verstoppen.

D‘Sträitpunkte sinn dann och kloer definéiert: de Congé wann d‘Missioun erfëllt gouf, d‘Prime OMP, an d‘Berécksiichtegung vun den OMP-Missiounë bei der Berechnung vun der Pensioun. De SPAL ass dann och iwwerzeegt, datt et en erkläerten Zil vun der militärescher Hierarchie ass, d‘Zaldoten esou séier wéi méiglech no der Missioun nees an den Déngscht ze setzen.

Hei ass et dem SPAL dann awer gelongen op verschidde Punkten d‘Interesse vu senge Memberen duerchzesetzen. Wann eng Missioun erfëllt ass, kritt den Zaldot elo 6,5 Deeg Congé amplaz 2,5 Deeg fir all Mount, wou hien am Asaz war. Och de Montant vun der Prime gëtt erhéicht an indexéiert.

En héich spezialiséiert Militärspidol

Fir d‘Gewerkschaft ass déi politesch Ambitioun, Lëtzebuerg mat engem spezialiséierte Militärspidol auszestafféieren, schwéier nozevollzéien. D‘Spidol soll sech mat de Fachberäicher „ustiechend Krankheeten“ an „Traumatologie“ befaassen, an esou den Ufuerderunge vun der NATO, déi eng gréisser Bedeelegung vun de Memberlänner verlaangt huet, Rechnung droen.

Schéin a gutt, woubäi et dach awer eng Prioritéit misst sinn, medezineschen Déngscht um Härebierg ze erméiglechen, deen uerdentlech funktionéiert. D‘Struktur wier de Besoinen net méi ugepasst, et géif net genuch forméiert Zaldoten an et hätt een ze mann Infirmieren. Fir nëmmen déi gréisste Problemer mam Numm ze nennen.

A fir bei den Infirmieren ze bleiwen, esou erhofft ee sech bei der SPAL, datt déi nei Carrière als Ënneroffizéier-Infirmier séier agefouert ka ginn. Begréisst geet, datt e neien Dokter komme soll. Wou een allerdéngs e Problem gesäit, ass datt de Psycholog, deen sech ëm d‘Zaldote këmmert, en Offizéier ass. Datt d‘Zaldoten et do net einfach hunn e Vertrauen opzebauen, verständlech.

Related topics Arméi, Gewerkschaft, SPAL, Zaldoten
Next post Previous post