Search

You may also like

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge
International Neiegkeeten

„Go By Brooks“ an der Purple Lounge

Dat neit Joer fänkt fir de Grand-Duché scho musikalesch un!

Fräi Tribün: Klimaschutz ass méi wichteg wéi déi kapitalistesch Profitwirtschaft
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: Klimaschutz ass méi wichteg wéi déi kapitalistesch Profitwirtschaft

Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) an déi kommunistesch Jugendorganisatioun „Jonk

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL
International Neiegkeeten

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, hat den OGBL

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran

UN-Sécherheetsrot berifft Sonnersëtzung an, a fuerdert d‘Konfliktparteien zum Dialog op

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran

En hat et annoncéiert an huet et och gemaach: Den US-President huet nei Sanktioune géint den Iran an d‘Wee geleet an eng entspriechend Verfügung ënnerschriwwen. Déi nei Sanktioune géifen sech besonnesch géint den Ajatollah Ali Khamenei an säin direkt Ëmfeld wennen.

Am Sträit tëscht den USA an dem Iran léisst den Donald Trump net labber. Laut dem Milliardär, ass den Iran, dem hien ënnerstellt am Golf vun Oman Uelegtanker ugegraff a sabotéiert ze hunn, drop aus d‘Regioun ze destabiliséieren. Dat aggressiivt Verhale géif vun de Revolutiounsgardisten ausgoen, déi direkt dem Ali Khamenei ënnerstallt sinn. Kredibel Beweiser gëtt et den Ament keng.

Iran

Mee d‘Amerikaner hunn net nëmmen de geeschtleche Leader um Schierm. Och den Ausseminister, Mohamed Dschawad Sarif soll „sanktionéiert“ ginn. Dat zumindest huet de Finanzminister Steven Mnuchin ugekënnegt. Hien hätt en entspriechenden Optrag vum Donald Trump erhalen. Et soll de Betraffenen den Zougang zu finanzielle Ressourcen erschwéiert bis onméiglech gemaach ginn.

Wirtschaftsterrorismus?

Op de Vereenten Natiounen huet den iraneschen Ambassadeur d‘Sanktioune mat „Wirtschaftskrich“ a „Wirtschaftsterrorismus“ ëmschriwwen. Bei der Sonnersëtzung vum UN-Sécherheetsrot huet den Takht Ravanchi op e neits bekräftegt, datt déi vun de Revolutiounsgardisten ofgeschossen US-Dron iwwert iraneschem Gebitt war. Hien huet seng Ausso mat der Virlag vu Radarbiller ënnermauert.

Iran

Am Kontext vun dëser Sëtzung sinn d‘Konfliktparteien opgefuerdert ginn, Gespréicher opzehuelen an eng Eskalatioun ze ënnerloossen.“Et musse Moossnamen ergraff ginn, déi d‘Spannungen an der Golfregioun ofbauen“, esou de Standpunkt op deen sech d‘Membere vum UN-Sécherheetsrot dann eenege konnten. E Konflikt am Golf vun Oman wier eng Bedreeung vun der Energieversuergung…

Iran

Et ass schwiereg an dësem Sträit, déi duerchaus berechtegt US-Fuerderunge géintiwwer dem Iran – am Bezuch op den Atomprogramm an den Ausbau vu ballistesche Rakéiten – an de Wëlle vum US-President, de Regime vun Teheran ze stierzen, auserneenzehalen. Et geet natierlech och ëm Pëtrol, d‘Bezéiung mat Saudiarabien an Israel, an indirekt ëm de Biergerkrich am Jemen. À suivre…

mat indymedia/was/nyc

Related topics Ali Chamenei, Donald Trump, Iran, Konflikt, Petrol, Regimewiessel, UN-Sécherheetsrot, USA
Next post Previous post