Search

You may also like

Iwwerreechung vun de Certificaten am Beräich Droit!
International

Iwwerreechung vun de Certificaten am Beräich Droit!

De Justizminister Félix Braz hat gëschter déi grouss Éier d’Certificate

Präis Hëllef fir d’Natur 2020: Wéi YFCL d’Ministere getouft huet
International

Präis Hëllef fir d’Natur 2020: Wéi YFCL d’Ministere getouft huet

Gëschter Owend ass am Stater Naturmusée an am ganz klenge

De Genozid vu Srebrenica
International

De Genozid vu Srebrenica

Haut viru 26 Joer huet d’Massaker vum Srebrenica stattfonnt. Et

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Generalstreik gouf gréisstendeels agehalen

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Um Dënschdegowend huet de Kinnek vu Spuenien sech op d’Säit vun der Regierung gestallt. Zur gläicher Zäit hunn honnertdausende Katalanen zu Barcelona géint Policegewalt beim verbuedene Referendum manifestéiert.

D’Interventioun vum Kinnek kënnt zu engem Zäitpunkt, wou Spuenien um beschte Wee ass a seng gréisste Kris ze rutschen. A senger Usproch huet de Felipe VI d’Acteure vum Referendum ugeklot sech „ausserhalb dem Recht an der Demokratie gestallt ze hunn. (…) Mat hirem onverantwortleche Verhale géifen se d’Stabilitéit vu Katalounien a ganz Spuenien a Gefor bréngen“.

Deem géinteniwwer „steet d’Verantwortung vun der legitimmer Muecht vum Staat, deen d’Verfassung muss verdeedegen a fir e normale Fonctionnement vun den Institutioune muss suergen, de Rechtsstaat an d’Autonomie vu Katalounien muss garantéieren“, esou de Kinnek.

A senger Deklaratioun berifft sech de Monarch op den Artikel 155 vun der Verfassung. Deen ass bis ewell nach ni sollicitéiert ginn, géif awer der Regierung erlaben d’Regioun ze zwéngen, seng Flichte géintiwwer der Verfassung anzehalen. D’Ried vum Kinnek ass zu Barcelona op wéineg Versteesdemech getraff.

Berouegung ass net a Siicht

An enger Bar war et roueg ginn, wéi de Kinnek op der Tëlee seng Usproch gehalen huet. Seng Ried war den Héichpunkt vun engem Dag, dee gezeechent war vun de Manifestatioune a Katalounien. Hei haten d’Gewerkschaften zum Generalstreik opgeruff an Honnertdausende Mënschen haten sech mobiliséiert. Manifestatioune vu Studenten, Pompjeeën, mee och ganz einfache Bierger déi vun der Staatsgewalt um Sonndeg opbruecht waren.

Kinnek

Och op de Plaza de la Universitat zu Barcelona haten sech honnertdausende Leit während dem Generalstreik zesummefonnt, fir der Regierung zu Madrid kloer ze maachen datt si op hiert Recht op Selbstbestëmmung bestinn. © Josep Lago/AFP

Laut der katalanescher Police wieren eleng zu Barcelona ronn 700.000 Mënschen op d’Stross gaange fir ze manifestéieren. „Fort mat der Besatzungsmuecht!“, „Stroossen wäerten éiweg eis sinn!“: op de Haaptstroosse vu Barcelona war d’Stëmmung géintiwwer der nationaler Police an der Guardia Civil feindlech.

Am fréien Owend hunn sech um Paseo de Gracia nach honnert dausend Leit versammelt. Mat Fanfare an op Kasserolle schloend, war déi katalanesch Hymne „L’estaca“ omnipresent. „Kuckt, et gëtt keen zréck méi“, jäizt d’Miriam Lao, eng jonk Fra vu 35 Joer.

D’Manifestante vun de Paseo de Gracia wollten uschléissend bei de Sëtz vun de nationaler Police goen. Camionnettë vun der Police hunn hinnen de Wee verspaart. „Eraus“ Eraus!“ hunn d’Manifestante wéi ee Mann gejaut. An all kéiers wou ee geruff huet „Viva la terra…“ huet d’Masse geäntwert „Libre“.

Grouss Spannungen

No zwou Stonnen extremer Spannung hunn sech eng Dose Pompjeeë e Wee duerch d’Leit kënne maachen. D’Pompjeeën déi a Katalounien fir hir Fridde stëftend Roll respektéiert ginn, hu mat de Manifestante verhandelt. De klenge Grupp, just mat engem Megaphon ausstafféiert, hunn déi dausende Leit iwwerzeegt kritt roueg ze bleiwen an zréck ze goen. Um eelef Auer ass nees méi Roueg ginn an de Stroosse vu Barcelona.

D’Gewalt déi vun der Guardia Civil um Sonndeg ausgaangen ass huet awer Konsequenzen. Honnerte Beamten hu missen hir Hoteller, wou se ënnerbruecht waren, verloossen. Kee wollt se méi ophuelen an eng grouss Unzuel huet sech op eng Militärbasis bei der franséischer Grenz missen zréckzéien. Esou d’Matdeelung vum José Cobo, Spriecher vun der spuenescher Vereenegung vun de Beamte vun der Guardia Civil.

Fir den Inneminister Juan Igancio Zoido mat ee vun de Grënn der regionaler Regierung an „Opruff zur Rebellioun“ ze ënnerstellen. Den Analyst Javier Pérez Royo, Professer fir Verfassungsrecht op der Universitéit zu Sevilla ass kloer: „déi spuenesch Regierung huet d’Kontroll verluer. Si engagéiert sech an eng ganz geféierlech Richtung“.

De Generalstreik

De „gefuerderte“ Generalstreik um Dënschdeg ass wäitleefeg agehale ginn. Den Hafe vu Barcelona, den drëtt gréisste vu Spuenien an de gréisste Liewensmëttelmaart vu Katalounien, ee vun de wichtegsten an Europa; op béide Plazen ass just dat néidegt geschafft ginn.

Och de Syndikat „Pimec“, déi gréisste Patronatsorganisatioun vu klengen a mëttleren Entreprise (PME) huet matgedeelt, datt 54% vun de PME net geschafft hunn an 31% vun den Entreprisen e groussen Deel vun hiren Aktivitéiten ugehalen hunn.

Kinnek

„Europa wou bass de?“. Bei de Manifestatiounen, déi um Dag vum Generalstreik friddlech verlaf sinn, hunn d’Bierger déi pro-europäsch agestallt sinn och e Message un d’EU geschéckt. © Josep Lago/AFP

Mam Generalstreik ass dann awer och alles friddlech bliwwen. Vu kenger Säit war gewuer ze ginn, datt et Ausenanersetzunge mat der Police oder der Guardia Civil ginn hätt. D’Katalanen hunn awer mat dësem Streik Madrid e staarkt Signal gewisen. Et ass elo un der Regierung Verhandlungen unzebidden.

De laange Wee un de Verhandlungsdësch

D’Biller vun der Gewalt déi d’Polizisten an d’Guardia Civil géint d’Bierger agesat huet, sinn um Sonndeg ronderëm d’Welt gaangen. „D’USA bedaueren déi grouss Unzuel vu Blesséierten“, heescht et aus dem Ausseministère zu Washington. „Mir encouragéieren all d’Parteien hir politesch Differenze friddlech an am Respekt mat spuenesche Gesetz ze léisen“, esou d’Spriecherin.

Vu Bréissel kënnt och d’Opfuerderung un déi spuenesch Regierung den Dialog mat der katalanescher Exekutive ze sichen. Déi dreeën domatter, mangels Verhandlungen, eesäiteg d’Onofhängegkeet auszeruffen.

D’Äntwert vu Madrid: „Keen an Europa kann en Dialog verlaangen, ouni datt d’Verfassung respektéiert gëtt“. Domatter schéngt de Regierungsspriecher Inigo Mendez de Vigo d’Optioun vu Verhandlungen auszeschléissen. Et kann awer ouni keng Léisung vum Konflikt ginn a béid Säite wiere sécher gutt beroden e Vermëttler erbäizehuelen. Mat der schlëmmster Kris säit 1977, steet Spuenien virun enger grousser Erausfuerderung.

mam Anna Cuenca an Daniel Bosque/AFP

Foto: Wann et och keng kloer Majoritéit fir d’Onofhängegkeet ginn huet, esou hunn d’Iwwergrëff vu e Sonndeg, besonnesch bei de Jonken e Mentalitéitswiessel ervirgeruff. © Pau Barrena/AFP

Related topics Europa, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien
Next post Previous post