De Staatsrot wëll net datt d‘Apdikter picken…

...et sief dann, d‘Regierung wier à même de Gesetzprojet verständlech ze gestalten an Äntwerten op déi vill Froen déi sech stellen, virzeleeën

An do ass se nees déi „politesch Covid19-Kakophonie“, an där eis Regierung an d‘Chamber eng grouss Expertise an de leschte 24 Méint entwéckelt huet. Eng eppes ongënschteg Ausgangslag, fir ee Gesetz dat déi aner Woch soll gestëmmt ginn. Woubäi d‘Regierung sech jo net muss dësem Avis ënnerwerfen.

Ganz interessant och nach de Constat, datt sech d‘Regierung net nëmmen eraushëlt de Choix vun de Leit ze bestëmmen, mee ee säi Covid19-Boost nëmmen nach op Rendez-vous kritt. Dat gëllt fir all d‘Covid19-Zentren: Esch-Belval, Däichhal zu Ettelbréck an de Victor Hugo Hal um Lampertsbierg. Datt am Zesummespill mat den eppes hannerhältege Methoden zur Impfung, ee brisante Cocktail.

Elo heescht et datt ee soll ofwaarden, bis een de Code an der Bréifkëscht leien huet. Mee t huet eng Ausnam. Impfgéigner oder soss renitent Personnagen, déi dem Drock elo noginn a sech dann och éischter widderwëlleg picke loossen, déi brauche kee Rendez-vous. Si sollten sech allerdéngs ee gutt Buch mathuelen, ouni de Rendez-vous kann et zuweilen eppes daueren. Dat motivéiert, oder?

Soit, d‘Hoffnung vu de Wëllegen, sech ganz bequeem an der Apdikt vu Fachpersonal picken ze loossen, esou wéi dat vum Premierminister an der Gesondheetsministesch proposéiert gëtt, ass wéinst engem „DEA-wierdege“ Gesetztext vum Staatsrot zeréckgewise ginn. Mir erënneren eis, de Xavier Bettel ass Affekot an d‘Paulette Lenert war emol Riichterin um Verwaltungsgeriicht.

A wann si d‘Gesetzer och net selwer schreiwen, esou sollt ee mengen, si wieren amstand déi ze liesen, a falls ubruecht ze korrigéieren. Esou wéi sech den Avis vum Staatsrot liest, ass et evident, datt dat net de Fall ass. Wou dréckt de Schong? Den Text preziséiert net, op den Apdikter dee ganzen Impfschema oder ebe just déi drëtt Dosis dierf verofreechen. Dat ass net Gesetzeskonform.

Dernières nouvelles