Search

You may also like

De Wonsch no enger Welt ouni Grenze besteet
Neiegkeeten

De Wonsch no enger Welt ouni Grenze besteet

Ënnert de leschten 29 Persounen, déi vun der Séinoutorganisatioun Sea-Eye

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert
Neiegkeeten

Liberty Steel: Gewerkschaften a Politik alarméiert

Nodeems sech den indesche Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg den

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen
Neiegkeeten

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen

D‘Fransousen an hire Rentesystem mat iwwer 40 ënnerschiddleche Keesen: Mat

Kee Stater Maart op Nationalfeierdag

Kee Stater Maart op Nationalfeierdag

De Stater Maart, deen normalerweis all Mëttwoch a Samschdeg op der Plaz Emile Hamilius stattfënnt, gëtt den 23. Juni 2021 am Kader vum Nationalfeierdag annuléiert.

Déi nächst Date sinn e Samschdeg de 26. Juni sou wéi e Mëttwoch, den 30. Juni 2021, da kann een nees vun den ënnerschiddleche Stänn profitéieren an allerlee regional Produkter kenneléieren, ënnert anerem Friichten a Geméis, Fleesch, Brout a Mëtschen, Ham, ee gebrodene Poulet, Blummen, Bijouen, Kleeder an nach ganz vill méi …

D’Plaz Emile Hamilius ass liicht zu Fouss, mam Vëlo a mam ëffentlechen Transport accessibel a läit am Häerze vun der Haaptstad. Net nëmme vel’OH!-Statiounen sinn nobäi, mee och nach Parkméiglechkeeten am „Royal Hamilius“, „Knuedler“ a „Monterey“.

Weider Informatioune fannt Dir hei: marches.vdl.lu

Illustratioun: © Milada Vigerova / unsplash

Related topics Nationalfeierdag, Stad Lëtzebuerg, Stater Maart, VDL
Next post Previous post